Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Ass d’Blockad vun der russescher Exklav Kaliningrad duerch Litauen illegal?

Faktencheck: Ass d'Blockad vun der russescher Exklav Kaliningrad duerch Litauen illegal? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Säit Litauen am Juni 2022 den Transitverkéier mam Zuch fir bestëmmte Gidder an déi russesch Exklav Kaliningrad ageschränkt huet, heescht et a villen Internetforen, dass dat eng “illegal Blockad” wär. Stëmmt dës Behaaptung?

Kaliningrad ass e klengt Stéck russeschen Territoire, dee sech am russesch-ukrainesche Konflikt an e Polverfaass verwandele kéint. D’Exklav Kaliningrad un der Ostsee, 1.000 Kilometer vu Moskau fort, ass e militäresche Bausseposte vu Russland an Europa, dee fir Moskau vu grousser strateegescher Bedeitung ass.

RTL Carte montrant l'enclave russe de Kaliningrad et le point de passade des trains transitant par la Lituanie ( AFP / Sylvie HUSSON, Sophie RAMIS)

Zu de verbuedene Produkter, déi net méi no Kaliningrad transportéiert dierfe ginn, gehéiere Metaller an Dünger. Kuel an Äerdueleg wäerten zu engem spéideren Zäitpunkt viséiert ginn.

Moskau huet d’Moossnamen direkt denoncéiert, déi géint en Ofkommes, dat mat Litauen geschloss gouf, verstoussen.

“Dës Decisioun ass wierklech eenzegaarteg. Dat ass e Verstouss géint alles. Mir verstinn, dass dat mam Beschloss vun der EU ze dinn huet, d’Sanktiounen op den Transit auszedeenen. Mir betruechten dat als illegal”, huet de Kreml-Spriecher Dmitri Peskow den 20. Juni regrettéiert.

“Aus eiser Siicht ass dat en eklatante Verstouss géint d’Ofkommessen, déi mat der EU geschloss goufen, wéi déi baltesch Republicken der EU bäigetruede sinn. Mir gesinn dat als oppenen hostille Geste”, huet och den Anton Alikhanov, de Gouverneur vu Kaliningrad, an der russescher Tëlee reagéiert.

Dës Äusserungen, déi vun enger Partie franséischen Internetnotzer opgegraff (1, 2) goufen, déi eng “illegal Blockad” ugeprangert hunn, déi russesch Vergeltungsschléi géint dat baltescht Land rechtfäerdege géif.

RTL ( Juliette MANSOUR)

RTL ( Juliette MANSOUR)

E strateegescht Gebitt am Schengen-Raum

Wéi ass d’Realitéit? Déi baltesch Staate goufen 1991 vun der Sowjetunioun onofhängeg, wouduerch Kaliningrad de facto vum Rescht vu Russland ofgetrennt gouf.

RTL Carte montrant la composition de l'Union soviétique avant son éclatement en 1991 ( AFP / Kenan AUGEARD, Sophie RAMIS, Laurence SAUBADU, Sabrina BLANCHARD)

Deemools huet sech d’Fro nom Verkéier vu russesche Bierger a Wueren tëscht der Exklav a Russland gestallt.

Fir dës Froen ze klären, huet Litauen “mat der Ënnerzeechnung vum Vertrag am November 1993 dozou engagéiert, e ganz wäiten, bal fräie Passage tëscht dem russesche Gebitt a Kaliningrad a Russland ze accordéieren, deen haaptsächlech den Transport vu Gidder op der Strooss, awer och op der Schinn, mat engem Geneemegungssystem a russesch Bierger betraff huet”, sot den Nicolas Levrat, Professer fir Vëlker- an Europarecht op der Universitéit Genf, den 30. Juni géintiwwer der AFP.

Am Joer 2002 gouf Litauen invitéiert, der Europäescher Unioun bäizetrieden. “Deemools huet et gegollt, eng Léisung fir e Gebitt ze fannen, dat geografesch bannent dem Schengen-Raum louch, awer de facto baussent der Souveränitéit vu Russland louch”, erkläert de Frank Tétart, Dokter an der Geopolitik an Expert fir Kaliningrad, géintiwwer der AFP.

RTL Cartes du marché unique européen, de l'espace Schengen et de la zone euro ( AFP / Aude GENET, Sophie RAMIS)

“Nom Bäitrëtt vu Litauen an d’Europäesch Unioun am Joer 2004 goufe Moossname fir d’Erliichterung vun der Duerchrees agfouert, déi et den Awunner vu Kaliningrad erméigleche sollten, weiderhin a Russland anzereesen an uschléissend aus Russland zeréckzekommen. Dat huet och de Gidderverkéier op der Schinn an op der Strooss betraff”, seet hie weider.

Dësen Arrangement huet zu enger “gemeinsamer Deklaratioun” tëscht der Europäescher Unioun a Russland gefouert.

RTL

RTL

“Juristesch gesinn, handelt et sech net ëm e vëlkerrechtlecht Ofkommes, mä ëm en Ofkommes iwwer d’Erliichterung vum Transit. Et war éischter e Gest vum gudde Wëllen. D’Europäesch Unioun huet sech ni dozou verflicht, an dësem Gebitt keng Sanktiounen ze verhänken”, huet de Jean-Dominique Guiliani, President vun der Robert-Schuman-Fondatioun, den 23. Juni géintiwwer der AFP erkläert. Hie war och selwer op Kaliningrad gereest.

Experten no war Litauen als Member vun der Europäescher Unioun eigentlech verflicht, d’Sanktiounen, déi vun de 27 (EU-Memberlänner) nom Amarsch an d’Ukrain ausgeschwat goufen, ëmzesetzen, och wann d’Land doduerch géint de Vertrag verstéisst, deen et 1993 mat Russland ënnerschriwwen huet.

“Litauen steet engersäits am Widdersproch zu de Verflichtungen, déi sech aus dem Vertrag vun 1993 géintiwwer Russland als EU-Member erginn, an anerersäits zu der Verflichtung, déi vun den EU-Institutiounen getraffe Moossnamen, also d’Sanktiounen, ze respektéieren”, mengt den Nicolas Levrat.

Litauen hätt op dëse Widdersproch reagéiert, andeem et déi vun der EU ausgoend gréisser juristesch Risiken a geopolitesch Consideratioune berécksiichtegt huet.

“Wa Litauen d’Sanktiounen net anhält, kann d’Kommissioun, am Fall wou, e sou genannte ‘Recours de manquement’ virum Geriichtshaff areechen an do kann et jugéiert ginn. Fir de Vertrag mat Russland par conter gëtt et keng zoustänneg Geriichtsbarkeet”, seet hie weider.

Keng Blockad

No der Applikatioun vun de Sanktiounen duerch Vilnius huet de Gouverneur vu Kaliningrad d’Opfaassung vertrueden, dass eng “Blockad” géintiwwer Russland verhaange gi wär.

“Mir hu gefuerdert, d’Restriktiounen direkt nees opzehiewen”, huet déi russesch Diplomatie an engem Communiqué erkläert a bezeechent d’Moossnamen als “feindlech”. Wann den Transit “net nees komplett hiergestallt gëtt, da behält sech Russland d’Recht vir, ze handelen, fir seng national Interêten ze verdeedegen.”

De Chef vun der litauescher Diplomatie Gabrielius Landsbergis huet och bei enger Visitt zu Lëtzebuerg dorun erënnert, dass just “Gidder, fir déi Sanktioune verhaange goufen (…) net méi duerch Litauen transportéiert dierfe ginn”, wat och d’Experte betounen, déi vun der AFP kontaktéiert goufen.

Déi russesch Autoritéite selwer schwätze vu Restriktiounen an der Héicht vu 40 bis 50 % vun hire Liwwerungen op Kaliningrad.

“Déi russesch Bierger kënne sech weiderhi beweegen, sou dass et keng ‘Blockad’ vu Kaliningrad gëtt, wéi een et héiert oder an de sozialen Netzwierker liest. Et gi just europäesch Sanktiounen op déi betraffe Wueren applizéiert”, sou de Jean-Dominique Giuliani.

“Dat ass keng richteg Blockad, net wéi 1948 zu Berlin, wou et keng aner Méiglechkeet gouf, wéi ze fléien. Dir hutt en Hafen zu Kaliningrad, deen un der Ostsee läit, also kéint Russland duerchaus Schëffverbindungen tëscht den Hafe vu St. Petersburg a Kaliningrad ariichten, fir säin Territoire ze versuergen. Mam Zuch geet et natierlech méi séier a méi bequem”, analyséiert de Franck Tétard.

D’Exklav notzt besonnesch hir zwee äisfräi Hafen – Kaliningrad a Baltijsk – fir den Handel mat hiren Noperen.

Fir de Franck Tétard “versicht Russland, e ganzen Narrativ iwwer dëse Krich ze entwéckelen, an dat ass Deel vun der Propaganda, fir ze weisen, dass Russland an enger staarker Positioun ass a kämpft, well et Affer vun enger ‘Blockad’ vun engem Deel vu sengem Territoire ass, dee vun anere Länner ëmschloss ass a sech an enger schwaacher Positioun befënnt.”

Awer “et kann een net vu ‘Blockad’ schwätzen, déi als Krichsakt consideréiert gëtt”, sot och de Jean-Sylvestre Mongrenier, europäesche Geopolitolog a Spezialist fir europäesch Verdeedegung an d’NATO, den 22. Juni géintiwwer der AFP.

Eng strateegesch militäresch Exklav

Wéinst der Erweiderung vun der NATO huet Moskau seng militäresch Presenz zu Kaliningrad verstäerkt an do wichteg Manöveren duerchgefouert. An de vergaangene Jore goufen do Nuklearrakéiten a Fluchofwiersystemer vum Typ S-400 installéiert an am Februar 2022 goufen do, kuerz virum Amarsch vu russeschen Truppen an d’Ukrain, Hyperschallrakéiten agesat.

Zu Kaliningrad läit och de Groussdeel vun der russescher Marinn an der Ostsee.

“Ursprénglech war an de Verträg vu Wuere Rieds, (…) awer d’Russen hu Kaliningrad militariséiert, an d’Litauer maache sech schonn zënter Joren doriwwer Suergen”, erkläert de Jean-Dominique Giuliani.

Dëst strateegesch wichtegt Gebitt kéint iwwer eng dënn Sträif, d'”Suwalki-Spléck”, zu enger Entrée vu Russland fir déi baltesch Staate ginn. E russesche Schratt fir de Korridor zouzemaache géif zu enger Ëmzéngelung vun de baltesche Länner féieren, wärend déi zu Kaliningrad stationéiert Rakéitebatterien d’Weeër iwwer d’Mier bedréie géifen.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.