Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Ass eng Majoritéit vun der UNO-Vollversammlung géint e Réckzuch vu Russland aus der Ukrain?

Faktencheck: Ass eng Majoritéit vun der UNO-Vollversammlung géint e Réckzuch vu Russland aus der Ukrain? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

De Krich an der Ukrain dauert scho méi wéi 6 Méint. Elo soll eng Majoritéit vun der UNO-Generalversammlung dogéint gestëmmt hunn, dass Russland sech aus der Ukrain zeréckzéie soll. Wat huet et domat op sech?

“Interessant Resultater vum Vott iwwer eng UN-Resolutioun, an där Russland opgefuerdert gëtt, d’Operatioun op en Enn ze bréngen an d’Arméi vum ukraineschen Territoire ofzezéien”, stellen eng Rei Internetnotzer fest, déi eng Foto vun der Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen deelen.

RTL Capture d'écran d'une publication Facebook, réalisée le 30 août 2022

“Dat ass e groussen Echec”, beurteelt ee User; fir een aneren ass et e “staarke Message u Washington”. Vill Leit begréissen d’Entstoe vun enger “multipolarer Welt”, an där d’USA an hir westlech Alliéiert vun engem “Russland un der Spëtzt” isoléiert wären.

RTL Captures d'écran de commentaires sur Facebook, réalisées le 30 août 2022

Dës Bäiträg goufe säit dem 25. August méi wéi 200 Mol op Facebook gedeelt (1, 2). Dës Rumeur huet sech och op Twitter verbreet.

D’UN-Generalversammlung (UNGA) ass “de wichtegste politesche Gremium vun de Vereenten Natiounen”, heescht et op der Websäit vun der UNO. Se vereent déi 193 Memberstaate vun der Organisatioun, vun deene jiddereen eng Stëmm huet, a bitt hinnen “en eenzegaartege multilateralen Diskussiounsraum, an deem all d’Theemen, déi vun der Charta vun de Vereenten Natiounen ofgedeckt sinn, diskutéiert gi kënnen.”

An der Charta vun de Vereenten Natiounen heescht et: “D’Generalversammlung kann déi allgemeng Grondsätz vun der Zesummenaarbecht fir de Maintien vum Weltfridden an der internationaler Sécherheet, d’Grondsätz vun der Ofrüstung an de Reegele fir Waffen inclus, préiwen an heizou Recommandatiounen entweder un d’Membere vun der Organisatioun oder de Sécherheetsrot oder d’Membere vun der Organisatioun an de Sécherheetsrot ausschwätzen.”

D’Generalversammlung huet eng Rei Resolutiounen zur Ukrain ofgestëmmt, déi alleguer vun op d’mannst zwee Drëttel vun de Memberen, déi present waren an ofgestëmmt hunn, am Aklang mat der Charta vun de Vereenten Natiounen ugeholl goufen.

Awer “et gëtt keng Resolutioun” zu dësem Konflikt, déi angeeblech vun 139 Länner ofgeleent gouf, am Géigesaz zu deem, wat d’Facebook-Publikatioune behaapten, déi d’AFP iwwerpréift huet, wéi se den 29. August vun der Spriecherin vun der Generalversammlung, der Paulina Kubiak, gesot krut.

Dräi Resolutioune vun der Generalversammlung

Am Zesummenhang mat der Kris an der Ukrain huet de Sécherheetsrot eng Résolution procédurale ugeholl, mat där d’Generalversammlung zu enger extraordinärer Drénglechkeetssëtzung aberuff gouf, fir iwwer déi russesch Invasioun ze entscheeden. Mat dësem Manöver gouf de russesche Veto géint eng verbindlech Resolutioun vum Sécherheetsrot, déi de Réckzuch vun de russeschen Truppen aus der Ukrain fuerdert, ëmgaangen, wéi d’AFP an dësem Artikel ausféierlech beschriwwen huet.

De Veto vun engem vun de permanente Membere vum UN-Sécherheetsrot (Frankräich, Groussbritannien, Russland, USA, China) kann d’Unhuele vun enger Resolutioun oder vun engem Beschloss duerch den UN-Sécherheetsrot blockéieren.

Bis elo goufen d’Resolutioune vun de UNO zum Krich an der Ukrain vun der Generalversammlung an net vum Sécherheetsrot ugeholl. Se sinn dohier fir d’Memberstaaten net verflichtend, wéi op der Websäit vun der Bibliothéik vun der internationaler Organisatioun festgestallt gëtt.

Den 2. Mäerz huet d’Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen eng Resolutioun, an där déi russesch Invasioun verurteelt gouf, mat enger Rekordzuel vun 141 Stëmmen (fir en Text, an deem ee vun hire Membere verurteelt gouf) ugeholl. Fënnef Länner hunn dogéint gestëmmt (Russland, Wäissrussland, Nordkorea, Eritrea a Syrien) a 35 hu sech enthalen (dorënner China an Indien, zum Beispill).

Den Titel vun der Resolutioun heescht “Aggressioun géint d’Ukrain”. Mat dëser Resolutioun fuerdert d’UNO och ongehënnerten Zougang fir humanitär Hëllef a “bedauert d’Bedeelegung vu Wäissrussland” un der Attack op d’Ukrain.

Säithier huet d’Generalversammlung zwou weider Resolutiounen am Kader vun dësem Konflikt ugeholl. Déi éischt krut de 24. Mäerz 140 Jo-Stëmmen, 5 Nee-Stëmmen an 38 Enthalungen an huet en Accès fir humanitär Hëllef an de Schutz vun der Zivilbevëlkerung an der Ukrain gefuerdert.

Déi zweet datéiert vum 7. Abrëll a suspendéiert d’Recht vu Russland op e Sëtz am Mënscherechtsrot, en tëschestaatlecht Organ vun de Vereenten Natiounen. 93 Memberstaaten hate sech fir dës Resolutioun ausgeschwat, 24 waren dogéint an 58 hu sech dem Vott enthalen, wat dozou geféiert huet, dass déi international Eenheet géintiwwer Moskau bréckelt.

Déi dräi Resolutioune befanne sech an der digitaler Bibliothéik vun de Vereenten Natiounen, wann een no den Dokumenter am Zesummenhang mat der ausseruerdentlecher Drénglechkeetssëtzung iwwer de Konflikt sicht.

Awer weder an dëser Bibliothéik nach op der Websäit vun de Vereenten Natioune léisst sech eng Resolutioun zur Ukrain fannen, bei där sech Zweedrëttel vun der Generalversammlung dogéint ausgeschwat hätten.

Genee sou wéineg gouf iwwer esou eng Ofstëmmung an de Medie bericht, an och an de Protokoller vun den 11 Plenarsëtzungen, déi am Kader vun der ausseruerdentlecher Drénglechkeetssëtzung stattfonnt hunn (hei, hei, hei, hei, hei an hei opruffbar), ass net rieds dovun.

Doriwwer eraus weist d’Foto, déi vun den Internetuser benotzt gouf, fir dës Falschmeldung an de sozialen Netzwierker ze propagéieren, wärend der Opnam däitlech d’Resultat vum Vott: 93 Jo-Stëmmen, 24 Nee-Stëmmen an 58 Abstentiounen, wat dem Resultat vun der Ofstëmmung vun der leschter Resolutioun vun der Generalversammlung entsprécht, mat där Russland aus dem Mënscherechtsrot suspendéiert gouf.

Gemeinsam Deklaratioun

Vu wou kënnt d’Zuel vu 54 Länner, déi “majoritär Alliéiert a Satellitte vun den USA” sinn a sech manifestéiert hunn, fir Russland opzefuerderen, d’Invasioun ze stoppen a sech vum ukraineschen Territoire zeréckzezéien, an déi 139 Länner, déi angeeblech dogéint waren?

Wann een op Google “declaration UN 54 countries Ukraine” antippt, fënnt een eng gemeinsam Erklärung (am Video ënnen) mat der selwechter Unzuel vu Länner (plus d’Ukrain an d’Europäesch Unioun), déi am Kader vum Konflikt, dee scho sechs Méint dauert, vum stännege Vertrieder vun der Ukrain bei de Vereenten Natiounen Sergiy Kyslyza de 24. August verëffentlecht gouf. Dës Erklärung gouf am Uschloss un eng Sëtzung vum UN-Sécherheetsrot um selwechte Moie gemaach, an där et ëm d’Situatioun an der Ukrain goung.

54 Natiounen, dorënner d’USA, dat Vereenegt Kinnekräich, Frankräich, Däitschland an Australien, souwéi d’Ukrain an d’Europäesch Unioun hu sech sech hannert dësem Text zesummegeschloss.

Awer et handelt sech kengesfalls ëm eng Resolutioun, weder vun der Generalversammlung nach vum Sécherheetsrot, nach ëm en Dokument vun der UNO selwer; et kann also keng “Stëmm dogéint” ginn, wann et keng Ofstëmmung gouf.

De Wuertlaut vun dëser Erklärung ass op den Internetsäite vun de Regierunge vun enger Rei Staaten, déi ënnerschriwwen hunn, ze fannen (zum Beispill fir d’USA, Frankräich oder Schweden).

D’Zuel vun 139 Länner, déi an de Verëffentlechunge genannt ginn, kéint sech aus enger einfacher Subtraktioun erginn: 193 Memberstaaten an der Generalversammlung, vun deene déi uewe genannt 54 ofgezu goufen.

Sechs Méint Krich

De 24. August huet den UN-Generalsekretär Antonio Guterres virum Sécherheetsrot den “absurde” Krich an der Ukrain ugeprangert, genee sechs Méint no der russescher Invasioun vum Land, en Dag, deen “en trauregen a tragesche Meilesteen” duerstellt.

Besonnesch huet hie seng “grouss Suergen” iwwer déi militäresch Aktivitéite ronderëm d’Atomzentral Saporischschja zum Ausdrock bruecht. “All weider Eskalatioun vun der Situatioun kéint zur Selbstzerstéierung féieren.”

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet Russland an engem Videomessage, dee virun der Sëtzung diffuséiert gouf, dozou opgeruff, “mat senger nuklearer Erpressung opzehalen a sech aus der Zentral zeréckzezéien.”

RTL Un sauveteur du ministère ukrainien des Situations d'urgence lors d'un exercice dans la ville de Zaporijjia le 17 août 2022. ( AFP / DIMITAR DILKOFF)

Den 30. August waren déi ukrainesch Truppe matzen an enger Géigenoffensiv, an der Hoffnung, d’Stad Cherson vun de Russen zeréckzëerueweren. “Quasi an der ganzer Regioun si gewalttäteg Kämpf am Gaangen”, huet den ukrainesche President a sengem Moies-Briefing de selwechten Dag matgedeelt.

Russland huet sengersäits schonn den 29. August erkläert, dass et ukrainesch “Offensivversich” an de Regioune Cherson a Mykolajew am Süde vun der Ukrain zeréckgeschloen hätt. Déi russesch Bombardementer un der Nord-Süd-Front halen nach ëmmer un.

Den 30. August huet och de Gouverneur vun der Regioun Saporischschja Oleksander Staroukh bei Sonnenopgank bekannt ginn, dass Russland eng Rakéitenattack op d’Stad mam selwechten Numm gestart hätt. Dem Gouverneur no gouf et weder Doudeger nach gréisser Schied. Experte vun der Internationaler Atomenergie-Organisatioun waren um Moie vum 31. August um Wee, fir d’Atomzentral Saporischschja ze inspizéieren. Et ass dat gréisst Atomkraaftwierk an Europa, ass säit Ufank Mäerz vu Russland besat a steet am Zentrum vun den Tensiounen.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.