Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Chinesesche Militärkonvoi ass net um Wee un d’russesch-ukrainesch Grenz

Faktencheck: Chinesesche Militärkonvoi ass net um Wee un d'russesch-ukrainesch Grenz - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Am Internet zirkuléiert zënter Mëtt September d’Falschmeldung, e chinesesche Militärkonvoi wär um Wee vu Russland an d’Ukrain. Dozou hu User e Video gedeelt, dee Militärgefierer mat chineseschem Fändel weist.

Honnertdausende vu Leit hunn déi angeeblech Opname vum Konvoi um Wee an d’Ukrain op Telegram gesinn. Ausserdeem gouf de Video op Facebook an Twitter weider gedeelt.

D’Behaaptung: An engem Video ass e Militärkonvoi ze gesinn, deen ënnerwee ass. Un de Gefierer si kleng rout Fändelen ze erkennen, op engem vun de Wee sti chineesesch Schrëftzeechen. “Chineesesche Militärkonvoi dréngt vu Russland an d’Ukrain an”, heescht et zu deem Clip. Angeeblech géif de Video vum 18. September 2022 stamen. Am Hannergrond ass eng russesch Stëmm ze héieren, déi seet: “China kënnt. Eis Alliéiert sinn do. D’Alliéiert kommen, déi richteg Alliéiert. Dat ass schonn déi zweet Kolonn, déi mir haut gesinn. Ech wäert hinnen d’ ‘Z’-Zeeche weisen.”

RTL Facebook-Screenshot der Behauptung: 07.10.2022

Eng ëmgedréint Billersich no deem Video konnt weisen, dass de Clip Mëtt September 2022 och vu russeschsproochege User op der russescher Plattform VKontakte gedeelt gouf. Do gouf de Video a verschiddene Fäll mat der Opschrëft “Operation Z” markéiert.

RTL Screenshot der Plattform VKontakte: 04.10.2022

D’Opnam erschéngt allerdéngs och bei enger Sich nom Begrëff “Wostok 2022” op Russesch. Dobäi handelt et sech ëm eng Militärübung, déi Ufank September 2022 am Oste vu Russland ofgehale gouf an un där eng Rei Staaten deelgeholl haten, dorënner zum Beispill och Indien, Belarus a China.

Videoe vun der Übung weisen dee selwechte Video, dee schonn den 29. August 2022 op YouTube an een Dag méi spéit op der russescher Plattform Pikabu gedeelt gouf. An der Beschreiwung heescht et: “Déi Chineesesch Volleksbefreiungsarméi (PLA) wäert un der Gefechtsübung ‘Wostok 2022’ deelhuelen, déi vum 30. August bis de 5. September am fernen Oste vu Russland stattfënnt.”

Clip weist net d’Grenz zur Ukrain

Och dem Bäitrag op VKontakte no staamt de Video net aus der Ukrain. Den Auteur vum Bäitrag schreift: “Mir hunn d’Informatiounen iwwerpréift an denken, dass dat héchstwarscheinlech op déi lescht Militärübung ‘Wostok 2022’ zeréckgeet.” Bei der Plaz, wou de Video opgeholl gouf, kéint et ech dohier ëm Wladiwostok, eng russesch Hafenstad um Japanesche Mier, handelen. Och op Twitter gëtt zwee Deeg méi spéit gesot, de Clip géif vu Wladiwostok stamen.

Mëtt September hu verschidde User op Twitter (hei, hei) dorop higewisen, dass d’Gefierer, déi am Video ze gesi sinn, Nummereschëlter mat der Zuel 125 droen, en Hiweis op déi russesch Stad Chabarowsk nërdlech vu Wladiwostok un der Grenz zu China. Den Twitter-Konten no “sot de Russ, deen de Video gefilmt huet, dass déi chineesesch Koalitiounstruppe komm sinn an d’Ukrainer bal fale wäerten.” Dass déi chineesesch Arméi an der Ukrain amarschéiert wär, gouf awer och hei ni ausdrécklech behaapt.

D’AFP huet och versicht, déi genee Plaz, wou de Video opgeholl gouf, festzestellen. An de Bäiträg zur Militärübung, déi online verëffentlecht goufen, fanne sech eng Rei änlech Clips a verschiddene Sproochen (hei, hei, hei, hei), déi d’Arrivée vun engem Zuch vun der chineesescher Arméi an der Gare vu Grodekowo, no bei der chineesescher Grenz, weisen, wat unhand vun de Gebaier ze erkennen ass. D’Online-Bäiträg hunn déi selwecht Biller benotzt, déi den 29. August 2022 vum russesche Verdeedegungsministère opgeholl a publizéiert goufen.

Opname vun der Gare vu Grodekowo op Google Maps an an der russescher Sichmaschinn Yandex stëmmen och mam Video vum russesche Verdeedegungsministère iwwerteneen.

RTL Screenshots vom russischen Verteidigungsministerium, Yandex und Google Maps: 04.10.2022

D’Gare vu Grodekowo befënnt sech an der Uertschaft Pogranitschny un der russesch-chineesescher Grenz am Oste vum Land. Se ass ee vun de wichtegste grenziwwerschreidende Punkten am Zuchverkéier tëscht der chineesescher Stad Harbin an dem gréisste russeschen Hafen am Oste vum Land, Wladiwostok. D’Gare läit allerdéngs méi wéi 9000 Kilometer wäit fort vu Moskau. E Persounenzuch bräicht fir dës Distanz fënnef Deeg, e Gidderzuch souguer nach méi laang. Fir eng Faart bis an d’Ukrain wär e weideren Dag néideg.

Och e routbrongt Gebai, dat am Video, deen online gedeelt gouf, ze gesinn ass, ass an der Géigend vun der Gare ze fannen. Et steet an der Strooss “Ulitsa Lenina 60“, ongeféier 500 Meter vun der Gare fort. Google Street View ass an der Stad zwar net verfügbar, mee d’Gebai ass op der Websäit vum russesche Kaartendéngscht 2gis.ru ze fannen. Den Daach vum Gebai, d’Fënster mat wäissem Rand an d’Parkplaz, déi sech riets am Bild auf 2gis.ru befënnt, entspriechen dem Gebai an den Online-Bäiträg.

Fir eng weider Iwwerpréiwung huet d’AFP eng Partie Awunner vun der Uertschaft iwwer d’Plattform VKontakte kontaktéiert. Ee vun hinnen huet der AFP confirméiert, dass de Video an der Géigend vun der Gare Grodekowo opgeholl gouf: “Jo, dat ass eis Stad, an där sech d’Gare befënnt”, huet den Notzer de 4. Oktober 2022 erkläert, deen zu enger Grupp vu Bunnmataarbechter vun der Gare zu Grodekowo gehéiert,

Participatioun u Wostok-2022 trotz dem Krich an der Ukrain

Trotz dem Krich an der Ukrain huet Russland zéngdausende vun Zaldotinnen an Zaldoten fir d’Participatioun vun de Militärübungen Wostok 2022 bereetgestallt. De 17. August 2022 hat de chineesesche Verdeedegungsministère matgedeelt, dass och seng eege Participatioun “wéi geplangt” verlafe géif.

Nieft de russeschen Truppen hunn och d’Arméie vun aneren Alliéierte wéi Indien an Aserbaidschan un der Übung deelgeholl. De russesche President Wladimir Putin war bei der Militärübung zu Sergejewski, 60 Kilometer nërdlech vun der Stad Ussurijsk, uwiesend. International Medien, dorënner d’AFP, hunn ausféierlech iwwer d’Evenement bericht (hei, hei, hei).

D’Gefierer waren am Oste vu Russland

D’Opname vun de Gefierer aus de Bäiträg, déi online gedeelt goufen, an déi Biller, déi vum russesche Verdeedegungsministère publizéiert goufen, si bal zum selwechten Zäitpunkt erschéngen. Den op YouTube verëffentlechte Clip ass op den 30. August 2022 datéiert. De Video vum Verdeedegungsministère zu Moskau gouf den 29. August 2022 um 7.30 Auer publizéiert.

Well d’Zäit zu Wladiwostok (VLAT), wou d’Gare vu Grodekowo ze fannen ass, der Moskauer Zäit (MSK) siwe Stonne viraus ass, bedeit dat, dass béid Videoen ongeféier zum selwechten Zäitpunkt verëffentlecht goufen.

RTL Screenshots des Youtube-Videos (rechts) und des russischen Verteidigungsministeriums (links): 07.10.2022

Fir ze iwwerpréiwen, ob et sech bei de chineesesche Militärgefierer tatsächlech ëm d’Gefierer handelt, déi un der Übung “Wostok 2022” deelgeholl hunn, huet d’AFP d’Kennzeechen am Video vum Verdeedegungsministère a vum YouTube-Video verglach.

Opgrond vun der schlechter Bildqualitéit vum YouTube-Video musst d’AFP fir d’éischt d’Opnam mat engem Online-Tool, dee fräi zougänglech ass, verbesseren, fir d’Kennzeeche besser siichtbar ze maachen. Hei e Verglach vun de Kennzeeche vun de Gefierer:

RTL Screenshots von der Aufnahme eines Lastwagens im Video (1:58) des russischen Verteidigungsministeriums (links) und einem Lastwagen im Video (0:17) auf Youtube (rechts): 05.10.2022

A béiden Opnamen daucht dee selwechte Camion mam Kennzeechen “1-020” op. D’AFP konnt den Auteur vun den Opnamen net fannen. Méiglecherweis gouf de Clip vun Observateuren aus der Uertschaft bei der Duerchfaart vun de Gefierer zu Grodekowo nom Entlueden op der Gare gefilmt.

D’AFP konnt och een zweete Camion identifizéieren. Och d’Gefier mam Kennzeechen “1-057” daucht a béiden Opnamen op:

RTL Screenshots der Aufnahme eines Lastwagens im Video (1:43) des russischen Verteidigungsministeriums (links) und einem Lastwagen im Video (0:10) auf Youtube: 05.10.2022

Nieft de Militärgefierer sinn am YouTube-Video och weider Autoen ze erkennen, déi an d’Géigerichtung vun de Camione fueren. Op dëse si russesch a keng ukrainesch Kennzeechen ze erkennen. Véier vun de fënnef Gefierer, déi duerch d’Bild fueren, hunn d’Nummer “125”, déi an der Regioun Primorje, no vu Wladiwostok, benotzt ginn.

RTL Screenshots der Kennzeichen aus dem Youtube-Video: 05.10.2022

Déi zwee Gefierer dauchen am Video bei Sekonn 14 (lénks) a 24 (riets) op. Op der jeeweils rietser Säit vun de Schëlter ass d’Nummer 125 ze erkennen. D’Übung “Wostok 2022” gouf och an der Géigend ronderëm Primorje organiséiert.

E weideren Auto mam Zeechen 122, dat bei Minutt 1:11 am Video ze gesinn ass, staamt aus der Regioun Altai Krai an der südlecher Zentralregioun vu Russland an der Géigend vu Kasachstan.

Fazit: Nee, dëse Video weist keng chineesesch Militärgefierer, déi um Wee an d’Ukrain sinn. De Clip ass wärend enger Militärübung am Oste vu Russland entstanen, bei der ënner anerem chineesesch Truppen deelgeholl hunn. D’Plaz vum Video léisst sech iwwer Mierkmoler am Bild an déi siichtbar Kennzeeche vun de Gefierer feststellen.

Dësen Artikel vun AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.