Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Déi däitsch “Justiz” huet net domat gedréit, Deputéiert wéinst “versichtem Mord” unzekloen, wa si fir d’Impfflicht stëmmen

4c5eadbfdcfdada269db6d794af362ee

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Eng Uklo an Däitschland wéinst versichtem Mord, wann ee fir eng obligatoresch Impfung géint Covid-19 stëmmt. Dës Behaaptung mécht an de sozialen Netzwierker den Tour.

“Däitschland: D’Justiz schéckt e Bréif un den däitsche Bundestag, fir d’Deputéiert zu warnen, dass si, wa si fir d’Impfflicht stëmmen, wéinst ‘versichtem Mord’ ugeklot ginn”, heescht et an e puer Blogartikelen (1, 2, 3), déi zënter dem 27. Abrëll e puer dausend Mol gedeelt goufen.

RTL Capture d'écran du site “Réseau-International”, prise le 03/05/2022

RTL Capture d'écran Twitter, prise le 03/05/2022

RTL Capture d'écran Twitter, prise le 03/05/2022

E puer vun de franséische Publikatiounen hunn e Video an italieenescher Sprooch enthalen, dee bal 20.000 Mol op Telegram gekuckt gouf an an deem eng Fra déi selwecht Behaaptunge virdréit.

Dës Publikatioune bezéie sech op eng Ofstëmmung vun däitsche Parlamentsdeputéierten Ufank Abrëll. Dem däitsche Bundeskanzler Olaf Scholz war et deemools net gelongen, d’Deputéiert vum Bundestag iwwer e Gesetz fir eng Impfflicht géint Covid-19 ofstëmmen ze loossen.

De Justizministère an de Bundesgeriichtshaff dementéieren d’Verschécke vun esou engem Bréif

D’Artikelen an d’Publikatiounen a sozialen Netzwierker verweisen op keen offiziellt Dokument, dat d’Existenz vun engem Bréif vun der däitscher “Justiz” un d’Deputéiert d’Ofstëmmung am Zesummenhang mat der Impfflicht betreffend beleeë kéint.

Op der Websäit vum däitsche Justizministère ass keen esou ee Bréif ze fannen. Vun der AFP kontaktéiert, huet dësen dementéiert, dass esou en Dokument un d’Parlamentsdeputéiert verschéckt gouf. “De Ministère huet kee Bréif mat deem Contenu verschéckt,

[wéi an den Artikelen an de sozialen Netzwierker gedeelt gouf]

“, huet e Spriecher vum Ministère géintiwwer der AFP den 3. Mee erkläert.

Den däitsche Bundesgeriichtshaff, déi iewescht Instanz a Saachen Zivil- a Strofrecht, huet och verséchert, net den Auteur vum Schreiwes ze sinn. “De Bundesgeriichtshaff huet kee Schreiwes un d’Deputéiert betreffend d’Rechtsvirschrëften iwwer d’Impfflicht verschéckt”, verséchert e Spriecher vum Bundesgeriichtshaff géintiwwer der AFP de 5. Mee.

Déi sozialdemokratesch Partei (SPD), déi liberal Partei (FDP), d’Partei vun de Gréngen, d’Partei vun der radikaler Lénk (die Linke) an och déi rietsextrem Partei (AfD) hunn der AFP de 4. Mee confirméiert, dass si näischt vun esou engem Bréif un hir Fraktioune wëssen.

“Dat ass komplett absurd. Esou ee Schreiwes ass eis net bekannt an et ass och kee vergläichbaart Schreiwes agaangen”, sot e Spriecher vun de Gréngen am Bundestag.

RTL Composition du Bundestag de la 20e législature par parti après les élections législatives de septembre 2021 ( AFP / Cléa PÉCULIER, Sophie RAMIS)

Och de Spriecher vum Deutscher Richterbund, der gréisster Beruffsorganisatioun vu Riichter a Procureuren an Däitschland, huet den 3. Mee géintiwwer der AFP confirméiert, dass him esou een Dokument net bekannt wär.

Doriwwer eraus ass den däitsche Justizministère eng Ariichtung vun der Bundesregierung, awer keng “Strofverfolgungsautoritéit”, wéi de Spriecher der AFP géintiwwer betount huet.

En plus gëtt et “keng Legislatioun”, déi d’Iddi ënnerstëtze kéint, dass Deputéiert vun der “Justiz” wéinst versichtem Mord ugeklot géife ginn, well si fir e Gesetz stëmmen, dat eng Impfflicht virgesäit, huet de Spriecher vun der däitscher Riichtervereenegung géintiwwer der AFP erkläert.

De Bundesgeriichtshaff hätt an esou engem Fall bis elo net tranchéiert, füügt de Spriecher bäi: “De Bundesgeriichtshaff huet sech nach ni mam Fall vun engem Deputéierte befaasst, dee wéinst sengem Vott fir eng obligatoresch Impfung ugeklot gouf.”

En “oppene Bréif” op der Websäit vun engem Juristen-Netzwierk

Eng Recherche no Stéchwierder op Google an däitscher Sprooch verweist op d’Websäit vun der Organisatioun “KRiStA”, déi sech als “en Netzwierk vu Riichter a Procureuren” duerstellt, “déi politesch Aktiounen an Aktioune vun de Legislateuren a Regulateuren an der Covid-19-Kris aus rechtsstaatlecher Siicht mat grousser Besuergnis observéiert hunn.”

Sou gouf de 4. Abrëll en “oppene Bréif un d’Deputéiert vum Bundestag, wéinst der geplangter Ofstëmmung vum 7. Abrëll iwwer d’Zwangsimpfung, op der Websäit vun der Organisatioun publizéiert. Dëse Bréif datéiert vum 2. Abrëll a wär, sou d’Websäit, “un de President vum Bundestag verschéckt ginn, mat der Demande, en un d’Deputéiert weiderzeleeden.”

D’Spriecher vun dräi Parteien am Bundestag hunn der AFP awer matgedeelt, dass si weder vun deem Schreiwes vun der “KRiStA”, nach vun der Organisatioun selwer “Kenntnis” hätten.

D’Dokument stellt d’Virdeeler vun der Impfung géint Covid-19 a Fro a rifft d’Deputéiert dozou op, virun enger “historescher Ofstëmmung” am Zesummenhang mat der Impfflicht grëndlech nozedenken. Et gëtt awer zu kengem Zäitpunkt erwäänt, dass en Deputéierten, deen d’Impfflicht guttheescht, wéinst “versichtem Mord” strofrechtlech poursuivéiert géif ginn, wéi et an de Publikatiounen an de sozialen Netzwierker heescht.

“Et gëtt nach keng vollstänneg Informatiounen iwwer de kuerz-, mëttel- a laangfristege Verlaf (…) D’Impfung verursaacht souguer Doudesfäll. D’Zuele sinn alarmant”, heescht et am Bréif, dee mat der Opfuerderung un déi gewielt Vertrieder ophält, “op d’mannst elo net ideologesch, mee rational an am Kader vum Recht ze agéieren.”

D’AFP huet schonn änlech Behaaptungen iwwer d’Sécherheet vu Covid-19-Impfstoffer iwwerpréift (1, 2, 3).

“Kee Lien” mam Ministère oder dem Bundesgeriichtshaff

Weder dëst Schreiwes nach d’Associatioun, déi et an den Internet gestallt huet, stinn a Relatioun mam Justizministère oder dem Bundesgeriichtshaff, wéi béid Institutiounen der AFP verséchert hunn.

“Déi erwäänt Entitéit gehéiert net zur federaler Magistratur”, sot e Spriecher vum Ministère géintiwwer der AFP. “Dës sougenannt ‘KRiStA’ huet keng Relatioun mam Ministère”, huet de Spriecher vum Deutschen Richterbund confirméiert an dobäigefüügt, dass dëse ‘kee Kontakt’ zur KRiStA hätt.

“D’Organisatioun ‘KRiStA’ huet kee Lien mam Bundesgeriichtshaff, vun där ech bis haut nach ni eppes héieren hunn”, sot och e Spriecher vum Bundesgeriichtshaff géintiwwer der AFP.

D’Associatioun KRiSta, déi nom Ausbroch vun der Pandemie gegrënnt gouf, gouf vun e puer däitsche Websäiten erwäänt, déi Inhalter deelen, déi d’Gesondheetsmesuren zënter dem Ausbroch vun der Pandemie a Fro stellen, a vum Site France Soir, dee scho wéinst der Verbreedung vun ierféierenden oder falschen Informatiounen iwwer d’Pandemie ugeklot gouf (hei, hei).

Nodeems KRiStA wéinst dem oppene Schreiwes kontaktéiert gouf, huet de Veräin bis elo net op d’Ufroe vun der AFP geäntwert.

E Gesetzesprojet fir d’Impfflicht gouf vum Bundestag Ufank Abrëll ofgeleent

De 7. Abrëll war et der däitscher Regierung net gelongen, d’Deputéiert vum Bundestag vun engem Virschlag zur Impfflicht géint Covid-19 ze iwwerzeegen, obwuel de Projet wäitgoend ausgehielegt gouf.

Am finale Projet goung just nach rieds vun enger Impfflicht fir Persounen iwwer 60 Joer. Schonn am Hierscht 2021 hat sech den Olaf Scholz fir eng obligatoresch Impfung fir all Erwuessenen ausgeschwat.

RTL Le chancelier allemand Olaf Scholz au Bundestag le 7 avril 2022, jour où les députés ont débattu le projet de loi lié à une obligation vaccinale. ( AFP / John MACDOUGALL)

De sozialdemokratesche Kanzler hat et net hikritt, all dräi Parteie vu senger eegener Regierungskoalitioun, bestoend aus Sozialdemokraten, Gréngen a Liberalen, souwéi der Oppositioun hannert sech ze bréngen.

Bei der Ofstëmmung de 7. Abrëll krut de Gesetzentworf 296 Jo-Stëmmen, gouf awer vun 378 Deputéierten ofgeleent. Néng Membere vum Parlament hate sech dem Vott enthalen.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.