Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Direkter vun der WHO gouf net vun Interpol verhaft

Faktencheck: Direkter vun der WHO gouf net vun Interpol verhaft - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Am Juli 2022 gouf a Publikatiounen a sozialen Netzwierker behaapt, dass Interpol den Direkter vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO), den Tedros Adhanom Ghebreyesus, wéinst “Verbrieche géint Mënschheet a Vëlkermord” verhaft hätt.

“WHO-Direkter wéinst Verbrieche géint d’Mënschheet a Vëlkermord vun Interpol festgeholl”, heescht et an engem Blogartikel, deen den Zuele vu CrowdTangle – en Tool fir d’Ziele vun Internetopriff – e puer honnert Mol a sozialen Netzwierker gedeelt gouf. E verweist op eng aner Websäit, d’Vancouver Times.

RTL

Déi selwecht Behaaptung gouf a verschiddene sozialen Netzwierker an a verschiddene Sprooche verbreet, wéi an dësem Tweet, dee méi wéi 200 Mol gedeelt gouf, an deem behaapt gëtt, dass “den Direkter vun der WHO wéinst Verbrieche géint d’Mënschlechkeet vun Interpol verhaft gouf” oder an dësem Facebook-Bäitrag, wärend änlech Publikatiounen op Englesch, Portugisesch, Spuenesch oder Griichesch verbreet goufen.

An de Kommentaren huelen eng Partie Notzer d’Behaaptung ganz eescht: “Hien ass e Krichsverbriecher”, sou en Internetnotzer. En aneren Notzer, deen op Griichesch kommentéiert huet, huet d'”Verhaftung” begréisst a behaapt, dass et sech ëm eng “gutt Nouvelle fir an d’Woch ze starten” handele géif.

Aner Notzer hunn der Behaaptung widdersprach a betount, dass d’Behaaptung vun engem “satiresche Bericht vu Vancouver” staamt oder dass d’Websäit “net glafwierdeg” wär.

En Text vun enger satirescher Säit

Den Text gouf effektiv de 24. Juli 2022 mam Titel “Direkter vun der WHO wéinst Verbrieche géint d’Mënschlechkeet verhaft, Direkter vum Weltwirtschaftsforum kéint den Nächste sinn” op der satirescher Websäit “Vancouver Times” publizéiert.

Nodeem eng Rei Iwwerpréifungsartikelen an de Medie publizéiert gi waren, huet d’Vancouver Times um Enn vum Artikel eng Foussnott bäigefüügt, an där de “satiresche” Charakter vum Artikel ënnerstrach gouf.

RTL ( Sami ACEF)

D’Vancouver Times huet op hirer Websäit behaapt, se wär e Site, dee “satiresch Artikelen iwwer Sujete publizéiert, déi déi Konservativ betreffen”, mee fir dës Ernimmung ze fannen, muss ee ganz ënnen op der Homepage kucken an dann op “Details” klicken.

D’AFP huet schonn e puer Mol falsch Behaaptungen dementéiert, déi hiren Ursprong an Texter vun der Vancouver Times haten (1, 2).

Den 28. Juli 2022, een Dag no senger angeeblecher Verhaftung, huet den Dr. Tedros eng Erëffnungsried bei engem Webinar fir de Welthepatitis-Dag gehalen.

De selwechten Dag huet hien och en Tweet an englescher Sprooch iwwer eng Entrevue mam Generaldirekter vun der Organisatioun fir industriell Entwécklung vun de Vereenten Natiounen (UNIDO), Gerd Müller, publizéiert.

“Ech freeë mech, mäi Frënd Gerd Mueller, Generaldirekter vun @UNIDO, kennen ze léieren”, huet hie geschriwwen. “Mir hunn doriwwer diskutéiert, wéi mir eis Zesummenaarbecht bei der lokaler Produktioun vu medezinesche Produiten, besonnesch an #Afrika, verbessere kënnen. Mir sinn eis eens, dass Technologietransfer, Reguléierung an den Opbau vu Kapazitéite fir dës Beméiunge eng grouss Bedeitung hunn.”

Vun der AFP kontaktéiert, huet Interpol den 2. August confirméiert, dass den Tedros Adhanom Ghebreyesus net verhaft gi wär. D’Organisatioun huet och erkläert, dass se keng Beamte fir d’Verhaftung vu Persounen oder fir d’Ausstellung vu Haftbefeeler erausschécke géif.

Den Direkter vun der WHO war wärend der Pandemie dacks Zil vun Desinformatioun.

D’AFP huet Artikelen iwwerpréift, déi iwwer de Réckruff vu Covid-19-Impfstoffer fir Kanner oder enger Annuléierung vun enger zweeter Amtszäit fir den Tedros als WHO-Chef bericht hunn. Alleguer hu sech als falsch erausgestallt.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.