Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Gi Fligeren um Frankfurter Fluchhafe mat Chemtrails getankt?

Faktencheck: Gi Fligeren um Frankfurter Fluchhafe mat Chemtrails getankt? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Konspiratiounstheorien iwwer Chemtrails, schiedlech Chemikalien, déi angeeblech vu Fligeren an der Loft ofgi ginn, erreegen am Internet ëmmer nees Opmierksamkeet. Zënter e puer Joer ass online eng Foto am Ëmlaf a soll weisen, dass en Tankgefier um Frankfurter Fluchhafe mat der Opschrëft “Chemtrailzusatz” agesat gëtt.

D’Behaaptungen zu der Foto, déi online am Ëmlaf ass, gouf zu Dosenden op Facebook gedeelt an e puer dausend Mol op TikTok ugekuckt. Eeler Versioune vum angeebleche Chemtrail-Tankgefier fanne sech op Twitter an Telegram.

RTL © AFP

Konspiratiounserzielungen iwwer Chemtrails ginn am Internet ëmmer nees gedeelt. Dobäi handelt et ech ëm angeeblech schiedlech Chemikalien, déi meeschten mat Fligeren an d’Loft bruecht ginn. Als Beweis fir d’Existenz vu Chemtrails gesinn Unhängerinnen an Unhänger vu Konspiratiounserzielunge d’Kondenssträife vu Fligeren um Himmel, an deenen dës gëfteg Chemikalien enthale solle sinn. D’AFP huet schonn an der Vergaangenheet verschidde Behaaptungen zu Chemtrails iwwerpréift (hei, hei).

Foto gouf beaarbecht

Fir den Ursprong vun der Foto, déi online gedeelt gëtt, ze fannen, huet d’AFP eng ëmgekéiert Billersich genotzt. Dobäi gëtt a Sichmaschinnen no eelere Verëffentlechunge vun enger Foto gesicht.

Et huet sech gewisen, dass d’Foto net aktuell ass an och net vum Frankfurter Fluchhafe staamt. Eng Rei Faktenchecken hu sech schonn an der Vergaangenheet mat dem Bild beschäftegt, dat uschléissend beaarbecht gouf, sou d’Berichter (hei, hei, hei).

D’Billersich huet d’AFP och zu engem Upload vun der Foto an der Datebank Wikimedia Commons gefouert. Do heescht et, d’Bild wär am Oktober 2008 geschoss ginn a géif e Betanken um Fluchhafe Wien-Schwechat weisen. De Fotograf wär den Hannes Sallmutter. Op dem Bild feelt awer d’Opschrëft “Chemtrailzusatz”. Do ass just den Numm vun der Entreprise “air bp” ze liesen. D’Entreprise stellt Kraaftstoff fir Fligeren zur Dispositioun.

D’Ausgesi vun der Passerelle an de Fliger a vum Gebai am Hannergrond passen och zu weidere Fotoe vum Fluchhafe Wien, hei am Verglach mat enger Opnam vun der éisträichescher Zeitung “Kurier”. Dobäi fält dat ronnt Gebai op.

RTL © AFP

Am Internet fanne sech an de Billerdatebanken eng Rëtsch vu weideren Opname vun Tankgefierer vun “air bp”. Op kengem vun dëse Biller ass allerdéngs d’Bezeechnung “Chemtrailzusatz” ze liesen (hei, hei, hei).

De Schrëftzuch, dee bäigefüügt gouf, ass ausserdeem an enger anerer Schrëftaart wéi déi, déi üblecherweis vun “air bp” benotzt gëtt, an och liicht schif opgedroen.

Eng AFP-Ufro un den Hannes Sallmutter, de Fotograf vum Bild, blouf bis zur Verëffentlechung vun dësem Faktencheck ouni Äntwert.

De Peter Kleemann, Spriecher vum Fluchhafe Wien, huet de 24. Mee 2023 géintiwwer der AFP erkläert, dass et sech bei dem Bild ëm eng Fälschung handele géif. “D’Foto selwer ass iwwer 15 Joer al an net méi aktuell”. Den Text “Chemtrailzusatz” wär kënschtlech bäigefüügt ginn, sou de Spriecher.

Kee Beweis fir Chemtrails

De Begrëff “Chemtrails” fir “chemical trails” (cheemesch Spueren) bezitt sech op eng Konspiratiounserzielung, no där Regierungen an net genannt Muechten Piloten uweisen, geféierlech Chemikalien zu verschiddenen Zwecker an den Himmel ze sprëtzen.

Unhängerinnen an Unhänger vun der Konspiratiounserzielung behaapten, déi wäiss Linnen, déi verschidde Fligeren am Himmel hannerloossen, wären e Beweis fir d’Verspréie vu Chemikalien. Pilotinnen a Piloten souwéi Wëssenschaftlerinnen a Wëssenschaftler hunn awer ëmmer nees erkläert, dass et sech bei dëse Linnen ëm Kondenssträifen handelt.

D’Ella Gilbert, Meteorologin beim brittesche Polarfuerschungsprogramm British Antarctic Survey, huet den 30. November 2022 géintiwwer der AFP an enger E-Mail erkläert, dass Kondenssträifen entstéingen, wann “d’Hëtzt vun de Fligertribwierker Waasserdamp an der Atmosphär zu Waasser kondenséieren an dann zu Äiskristaller gefréiere léisst, déi sech zu laangen dënne Wolleken zesummendinn an dem Wee vum Fliger noginn.”

Weider huet d’Gilbert erkläert: “Hir Motore setzen och winzeg Ruusspartikelen an aner Schuedstoffer fräi, déi als Keimzelle fir d’Bildung vu Wolleken dénge kënnen.”

An enger Etüd aus dem Joer 2016 haten ausserdeem 77 Fuerscher a Fuerscherinnen aus dem Beräich Geochimie an Atmosphärchimie uginn, ob hinnen iergend Beweiser fir geheim, grouss ugeluechte Programmer fir d’Verännerung vun der Atmosphär bekannt wären. De Fazit vun der Etüd: “Mir hunn e breede wëssenschaftleche Konsens géint d’Existenz vun engem geheimen, grouss ugeluechten atmosphäresche Sprëtzprogramm fonnt.”

Dat däitsch Umweltbundesamt huet schonn 2011 erkläert, et géif keng wëssenschaftlech Beleeger fir d’Existenz vu Chemtrails. Weider housch et: “Och am Deutschen Zentrum für Luft- und Raumfahrt (DLR) sinn déi beschriwwe Phenomener net bekannt. Den Institut fir Physik vun der Atmosphär vum DLR ënnersicht säit ville Joren d’Wierkung vun dem Emissioune vum Loftverkéier op d’Atmosphär – inklusiv zuelräiche Miessunge vu gas- a partikelfërmegen Emissioune vu Verkéiersfligeren.”

Den Däitsche Wiederdéngscht (DWD) schreift, d’Chemtrail-Theorie kéint net vum DWD bestätegt ginn. Et géif sech bei de Wolleken, déi um Himmel ze gesi sinn, just ëm Kondenssträifen duerch Fligeren handelen.

Iwwer d’Konsequenz vun der Chemtrailerzielung schreift d’Bundeszentrale für politische Bildung (bpb), et géif ënner den Unhängerinnen an Unhänger vun der Theorie Verbindungen zum Rietsextremismus. “Iwwer dës Theorie hu rietsradikal Konspiratiounstheoreetiker an -theoreetikerinnen versicht, d’Ëmwelt- a Friddensbeweegung un déi riets Zeen ze bannen.” Dat hätt sech beispillsweis bei de “sougenannte Friddensdemonstratioune méindes virum Reichstag zu Berlin, wou Reichsbiergerinnen a Reichsbierger gemeinsam mat Chemtrail-Unhängerinnen an -Unhänger protestéiere” gewisen.

Fazit: Déi angeeblech Foto vun engem Transporter fir Chemtrailzousaz gouf beaarbecht. Eng ëmgekéiert Billersich huet gewisen, dass d’Original schonn 2008 um Wiener Fluchhafen entstoung. Dorop ass keng Opschrëft zu engem “Chemtrailzousaz” ze gesinn. De Fluchhafe Wien huet och d’Existenz vun esou engem Gefier dementéiert.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.