Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Hat de Karl Marx zur “Versklavung vun de Vëlker” opgeruff?

e1875392367f6ae46b7dbe6b9f7cb24e

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

An de sozialen Netzwierker mécht eng presuméiert Lëscht vum Philosoph Karl Marx d’Ronn, an där zur Weltherrschaft opgeruff gëtt.

Honnerten Notzerinnen an Notzer hunn eng Lëscht, déi angeeblech vum Karl Marx stame soll, Mëtt Mäerz 2022 op en Neits op Facebook gedeelt (hei, hei). Schonn am Januar 2020 hate sech honnerte Leit dës Lëscht do ugekuckt. Op Telegram huet d’Behaaptung aktuell iwwer zéngdausend Leit erreecht.

RTL Screenshot der Behauptung auf Facebook: 13.04.2022

Den däitsche Philosoph Karl Marx, deen 1818 gebuer gouf, gëllt als ee vun de bedeitendste vum 19. Joerhonnert. Seng Kritik un der kapitalistescher Produktiounsweis a sengem Haaptwierk “Das Kapital” hat wäitreechend Konsequenzen op d’Aarbechterbeweegung an d’Geschicht vum 20. Joerhonnert. Och haut gëtt hien nach wichteg Impulser fir Kritik um Kapitalismus. Wéinst dem Afloss vu sengen Aarbechten op déi kommunistesch Ideologie blouf säin Numm awer ëmmer ëmstridden.

Gëtt et dës Lëscht am brittesche Musée zu London?

D’AFP huet online no där op Facebook gedeelter Katalognummer “3926” an dem Stéchwuert “Marx” am Archiv vum brittesche Musée zu London gesicht. D’Sich huet keng Resultater erginn. Och eng Sich no der presuméierter Katalognummer eleng huet keng relevant Resultater bruecht, déi déi gedeelt Lëscht confirméieren.

D’AFP huet beim brittesche Musée zu London no der Lëscht an der Katalognummer gefrot. De 14. Abrëll 2022 huet d’Kommunikatiounsdepartement Folgendes an enger E-Mail geschriwwen: “Eis Archivekipp huet keng Opzeechnungen doriwwer.”

Well de Groussdeel vun de schrëftleche Sammlunge vum Musée an der British Library versuergt gëtt, huet d’AFP och do souwuel no der Katalognummer, wéi och dem Stéchwuert “Marx” an no “Marx Versklavung vun de Vëlker” gesicht, awer keng relevant Resultater fonnt.

Och eng Spriecherin vun der British Library, d’Lishnai Ramanayake, huet op Ufro vun der AFP an enger E-Mail vum 26. Abrëll 2022 matgedeelt, dass do bei enger éischter Recherche esou eng Lëscht net fonnt gi wär. Si huet dorop higewisen, dass schonn déi Däitsch Presseagence (dpa) e Faktencheck iwwer déi Lëscht publizéiert huet.

Experten: Lëscht passt net zum Karl Marx

D’Punkte vun der Lëscht selwer passen op den éischte Bléck net zu bekannten Haltunge vum Marx. Obwuel sech de kapitalismuskritesche Karl Marx fir d’Aarbechterbeweegung agesat huet, kann een aus der op Facebook gedeelter Lëscht schléissen, dass de Marx ë.a. recommandéiert hätt, “Léin ouni Virdeel fir d’Aarbechter ze erhéijen” a “Verméige schléckend Monopoler ze schafen”.

D’AFP huet de Michael Quante, Philosophie-Professer op der westfälescher Wilhelms-Universität zu Münster, gefrot, ob de Karl Marx esou eng Lëscht jeemools publizéiert huet. Hien äntwert den 18. Mäerz 2022 an enger E-Mail: “Den Text passt inhaltlech net zur Positioun vum Karl Marx.” A weider schreift hien aus senger Expertise eraus: “Aus der Siicht vun Editeuren, déi fir déi kritesch Editioun vum Marx an Engels responsabel sinn, handelt et sech net ëm en Text, deen dem Karl Marx zougeuerdent ka ginn.”

De Quante huet och dorop higewisen, dass hie scho virun enger Rei Joren eng änlech Ufro kritt hätt. 2020 hat déi däitsch Presseagence (dpa) an engem Faktencheck d’Lëscht, déi haut erëm d’Ronn mécht, iwwerpréift.

Och de Rolf Hecker vum “Berliner Verein zur Förderung der Marx-Engels-Gesamtausgabe”, deem Marx-Expertinnen an -Experten ugehéieren, huet den 20. Abrëll an enger E-Mail confirméiert: “Esou eng Lëscht aus der Fieder vum Marx existéiert net an och inhaltlech kënnen déi eenzel Argumenter net konstruéiert gi sinn.” Et géif am gesamte bekannte Wierk vum Karl Marx Äusserungen, déi inhaltlech an eng änlech Richtung ginn, wéi an der propagéierter Lëscht.

Och de Wilfried Nippel, Geschichtsprofesser op der Humboldt-Universitéit zu Berlin, huet den 19. Abrëll 2022 an enger E-Mail un d’AFP erkläert: “Esou eng Lëscht kennt d’Marx-Fuerschung, déi all Ziedel vun him ënnersicht, net. Gewëss kéint een an zwee oder dräi Punkten en Zouspëtzen oder eng Verdréinung vun der Klassenkampf-Theorie vum Marx erëmerkennen, awer de Rescht huet näischt mam Marx ze dinn.”

Lëscht kéint op dem antisemittesche Buch “Protokoll vun de Weese vun Zion” berouen

De Professer Nippel huet och op e méiglechen Ursprong higewisen: “Behaaptunge, dass et en Originaltext fir déi gefälscht “Protokoller vun de Weese vun Zion” am Brittesche Musée géif ginn, huet et schonns an den 1920er Jore ginn. Méiglecherweis ass dësen Text iwwer déi ‘jüddesch Weltverschwierung’ d’Virbild, awer dat ass en Text vun e puer Dose Säiten, net just eng Lëscht.”

Eng Google-Books-Sich no “British Museum 3926” féiert zu enger ganz änlecher Source am antisemittesche Pamphlet “Protokolle der Weisen von Zion“. D'”Protokoller vun de Weese vun Zion” sinn eng antisemittesch Textsammlung, déi presuméiert Matschrëfte vu jüddesche Geheimsëtzungen enthalen, déi do d’Weltherrschaft plange géifen. Am Virwuert vun der englescher Iwwersetzung heescht et, dass eng Kopie vum angeebleche russeschen Original vun 1905 an der British Museum Library ze fanne wär.

Esou e Wierk gëtt et do awer net. Weder Recherchen op englesch nach op russesch hu relevant Resultater erginn.

Verschidde vun de Recommandatiounen aus de “Protokoller” entspriechen inhaltlech ongeféier de Punkten op der aktuell gedeelter Lëscht. Esou faasst de wëssenschaftleche Mataarbechter vum Institut für Geschichts- und Kulturwissenschaften op der Fräier Universitéit Berlin, de Francesco Di Palma, den Inhalt vun de “Protokoller” an engem Virtrag aus dem Joer 2020 zesummen.

Iwwerschneidunge sinn, dass “d’Vëlker” ënner anerem duerch Streidegkeeten (wéi am aktuell gedeelte Post bei Punkt 13, Um. v. d. Red.) an Hongersnéit (Punkt 11) demoraliséiert solle ginn. Och erbäigefouert Staatsverscholdunge (Punkt 17) wären en am Buch recommandéiert Mëttel. D’Bildung vu jüddesche Monopoler wär an de “Protokoller” och Theema (Punkt 16). En Zesummenhang mat der angeeblecher Lëscht vum Karl Marx erwäänt den Di Palma a sengem Virtrag allerdéngs net.

Den Uffa Jensen, stellvertriedenden Direkter vum Zenter fir Antisemitismusfuerschung, huet de 14. Abrëll 2022 an enger E-Mail un d’AFP geschriwwen: “Déi Saach ass kloer en aktuelle Produit, dat sech un de klasseschen Texter wéi de Protokoller zerwéiert. D’Formuléierung ‘Arbeitgeber’ an ‘-nehmer’, nach méi awer de Verweis op d’Impfung loosse kaum Zweiwel, dass den Editeur oder d’Editeurin am antisemitteschen däitschsproochegen Internet vun der Géigewaart ze vermudden ass. Dat huet ni am Liewen eppes mam Marx ze dinn.”

Fazit: Et gëtt keng Preuven dofir, dass d’Lëscht, déi op Facebook d’Ronn mécht, iwwer d'”Versklavung vun de Vëlker” vum Karl Marx staamt. D’Lëscht ass net am Brittesche Musée archivéiert. Zwee Marx-Experten hunn ausserdeem erkläert, déi Lëscht, déi dem Marx fälschlecherweis zougeschriwwe gëtt, wär scho méi al, géif inhaltlech net zum Marx passen a géif net vum Philosoph stamen. D’Lëscht enthält amplaz Punkten, déi dem Inhalt vum antisemitesche Buch “Die Protokolle der Weisen von Zion” gläichen. Och dat staamt net vum Marx.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.