Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Israeelesch Regierung mécht an Europa Online-Campagne mat drastesche Biller

Faktencheck: Israeelesch Regierung mécht an Europa Online-Campagne mat drastesche Biller - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Israel huet eng Online-Campagne gestart, déi virun allem Mënschen an Europa mat traumatiséierende Biller a Berichter vun der Attack vun der radikal-islamistescher Palästinenserorganisatioun Hamas vum 7. Oktober konfrontéiere soll.

Domat soll d’Ëffentlechkeet am Ausland virun Ae geféiert kréien, wéi d’Hamas aus der Gazasträif an Israel agedronge war an den Donnéeë vun den israeeleschen Autoritéiten no méi wéi 1.400 Mënschen, haaptsächlech Zivilisten, ëmbruecht an ongeféier 240 Geisele geholl hat.

Zousätzlech ziilt d’Online-Campagne dorop of, d’Bombardéierung vun der Gazasträif duerch Israel ze begrënnen, bei där no net onofhängeg iwwerpréifbaren Angabe vum palästinensesche Gesondheetsministère – dee vun der Hamas geféiert gëtt – bis elo méi wéi 8.500 Mënschen ëmbruecht goufen, dorënner ongeféier 3.000 Kanner.

E puer vun de Videoe sinn immens drastesch: An enger Opnam beschreift e Patholog Biller vun engem verbrannte Kand. An engem anere sinn Einhörner tëschent Reebéi ze gesinn, ier a grousse Buschtawen um Ecran ze liesen ass: “Sou wéi Dir alles fir Äert Kand maache géift, wäerte mir alles maachen, fir eis ze schützen.”

“Sou kommunizéiere mir am Joer 2023”, sot de Spriecher vum israeeleschen Ausseministère, den Emmanuel Nahshon, géintiwwer der Noriichtenagence AFP. Mat de Videoe soll de Message gesent ginn, dass déi grujeleg Dote vun der Hamas mat deene vun der Dschihadistemiliz Islamesche Staat (IS) vergläichbar wären, déi fir d’Verëffentlechung vun hire Massakeren a Geiselname bekannt ass.

Videoen hunn 1,1 Milliarden Opriff

Déi israeelesch Videoen hu Sloganen, déi Notzer deelen an esou weider verbreet kënne ginn. Zum Beispill steet do “Stand with Israel, Stand with Humanity” (“Stitt zu Israel, stitt zur Mënschlechkeet”) oder “Bring Them Home” (“Bréngt si heem”) mat Bléck op d’Geiselen. Et gëtt och en deelbare Slogan, deen d’Hamas mam IS gläichsetzt.

RTL © AFP

Dem Nahshon no sinn d’Videoe scho méi wéi eng Milliard mol gekuckt ginn. Donnéeë vun der US-amerikanescher Marketingfirma Semrush ënnersträichen dat. Deemno huet d’Campagne op d’mannst 1,1 Milliarden Opriff an ongeféier 30 Länner. D’israeelesch Regierung hätt “e puer honnertdausend US-Dollar” investéiert, huet den Nahshon erkläert. De Berechnunge vu Smerush no dierfte sech d’Käschten awer op 8,5 Milliounen Dollar (8,03 Milliounen Euro) belafen.

D’Haaptzil vun der Campagne ass Frankräich mat den europawäit gréisste jiddeschen an arabesch-muslimesche Communautéiten. Do goufe Smerush no 4,6 Milliounen Dollar fir d’Campagne ausginn. Duerno kommen, der Opstellung no, Däitschland mat 2,4 Milliounen Dollar a Groussbritannien mat 1,2 Milliounen Dollar.

“Net toleréierbar Biller”

D’Stephanie Lamy, Expertin fir Kommunikatiounsstrategien a Krichszäiten, huet argumentéiert, d’Campagne vun Israel géif just d’Zil verfollegen, seng Bombardéierung vun der Gazasträif ze legitiméieren. “D’Zil ass et, Gewalt ze rechtfäerdegen a souguer ze probéieren, Stroffräiheet am Fall vun engem Verstouss géint d’Vëlkerrecht ze erreechen”, huet si erkläert.

RTL © AFP

D’Hamas versicht hirersäits, mat enger Online-Campagne hir Positioun ze stäerken, andeem se dat israeelescht Virgoen an deem seng Auswierkungen op d’Palästinenserinnen a Palästinenser an der Gazasträif ervirhieft. Well d’Hamas vun den USA an der Europäescher Unioun als Terrororganisatioun agestuuft gëtt, ass se awer op de meeschte sozialen Netzwierker gespaart.

Déi radikal-islamistesch Palästinenserorganisatioun huet offiziell Telegram-Kanäl genotzt, fir hire Message ze verbreeden, ënner anerem mat drastesche Videoe vun israeelesche Bombardéierunge vun der Gazasträif souwéi mat Opnamen, déi eng Rei vun den Hamas-Ugräifer de 7. Oktober gemaach hunn. Dës Kanäl goufen an de leschten Deeg vun der Google-Plattform Android geholl.

Och d’Campagne vun Israel gouf mëttlerweil ageschränkt. Sou huet Google an der leschter Woch géintiwwer der AFP erkläert, dass de Video iwwer Opname vun engem verbrannte Kand fir Jugendlecher net méi opruffbar wär an dass eng Warnung virun explizittem Inhalt bäigefüügt gi wär.

Déi finnesch Firma Rovio, déi d’Spill “Angry Birds” entwéckelt huet, huet erkläert, se hätt hir Annonceure gebieden, eng israeelesch Annonce ze desaktivéieren, nodeems sech Notzer a sozialen Netzwierker beschwéiert haten. Trotzdeem huet Israel mat senger Campagne iwwert de géigewäertege Krich ëmmer nach vill méi Opriff wéi d’Hamas.

An awer soen e puer Experten, dësen Erfolleg vum Aktiounsradius kéint en negativen Impakt hunn. “D’Mënsche Biller auszesetzen, déi am wuertwiertleche Sënn net toleréierbar sinn, ass fir Israel eng riskant Strategie” huet de Kommunikatiounsexpert Arnaud Mercier erkläert. “Et kéint kontraproduktiv fir e Public sinn, deen net dorëm gefrot huet, deem ausgesat ze ginn.”

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.