Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Manipuléiert Foto weist Wolodymyr Selenskyj op LGBTQ-Event

Faktencheck: Manipuléiert Foto weist Wolodymyr Selenskyj op LGBTQ-Event - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

De russesche Krich an der Ukrain bréngt ëmmer nees Falschinformatiounen an déi sozial Netzwierker. Elo ass eng Foto opgedaucht, déi den ukrainesche President Selenskyj op engem LGBTQ-Event weise soll.

“Selenskyj zu LA 1999. Souguer säi Mariage ass eng Ligen”, heescht et an engem Tweet vum 16. September 2022, an deem dat Bild ze gesinn ass.

“Jo, et ass de Selenskyj. 1999 zu New York”, sot en anere Bäitrag, deen an der Tëschenzäit geläscht gouf.

RTL Screenshot of a tweet taken September 20, 2022

Änlech Tweets a Posts op Plattforme wéi Facebook an Instagram behaapten, déi selwecht Foto géif de Selenskyj bei Pride-Eventer an anere Stied oder an anere Jore weisen. D’Foto ass och op Spuenesch, Italieenesch a Griichesch gedeelt.

D’Verbreedung vun der Foto kënnt siwe Méint nom Ufank vum russesche Krich an der Ukrain, wärend deem de Selenskyj ëmmer nees Géigestand vu Falschinformatioune war.

Déi Foto, déi online gedeelt gouf, gouf digital verännert. Eng ëmgedréint Billersich huet erginn, dass dem Selenskyj säi Gesiicht op eng Foto aus dem Joer 2006 gesat gouf, déi op Flickr gedeelt gouf.

De Verglach vun de Biller ënne weist zwee weider Gesiichter – giel a blo ëmkreest -, déi an d’Originalfoto eragesat goufen. Dem Selenskyj säi Gesiicht ass gréng ëmkreest.

RTL Screenshot taken from Facebook on September 19, 2022

RTL Screenshot taken from Flickr on September 20, 2022 ( Flickr / Thomas Locke Hobbs)

PimEyes, eng Sichmaschinn fir Gesiichtserkennung, huet dem Selenskyj säi Gesiicht am manipuléierte Bild mat anere Fotoe vun him verglach.

RTL Screenshot taken from PimEyes on September 22, 2022

PimEyes no passt dat Gesiicht, dat giel agekreest ass, zum Selenskyj sengem Beroder Oleksiy Arestovych an dat Gesiicht, dat blo ëmkreest ass, zum eemolegen ukrainesche President Petro Poroschenko.

RTL Screenshot taken from PimEyes on September 22, 2022

RTL Screenshot taken from PimEyes on September 22, 2022

D’Originne vun der Foto

Informatiounen ënnert der Originalfoto op Flickr besoen, dass se de 25. Juni 2006 vum Thomas Locke Hobbs, engem amerikanesche Fotograf, op der Gay-Pride-Parad zu New York gemaach gouf.

Den Hobbs huet an enger E-Mail un d’AFP confirméiert, dass hien d’Originalfoto gemaach huet, an d’Metadonnéeë vun der Foto confirméieren och den Datum. De World History Project weist och, dass esou eng Parad un deem Dag zu New York stattfonnt huet.

D’Foto ass Deel vum Album vum Hobbs mam Titel “Gay Pride 2006” op Flickr, deen eng Sammlung vu Fotoe vu Frënn weist, déi un der Pride-Parad deelgeholl hunn. D’AFP konnt duerch Geolokalisatioun feststellen, dass weider Fotoe vum Album zu New York gemaach goufen, dorënner eng Foto mat Stroosseschëlter fir eng Kräizung an der Géigend vum Union Square.

RTL Screenshot taken from Flickr ( Flickr / Thomas Locke Hobbs)

Den Hobbs huet d’AFP op den Jesse Archer opmierksam gemaach, deen op der Originalfoto mat engem Helm mam Wuert “out” an engem US-Fändel, deen um Kapp steet, op senger Schëller ze gesinn ass.

“All Joer hate mir fir d’Parad en anere Sujet. Am Joer 2006 hu mir souwuel géint den Irak-Krich wéi och géint déi absurd “Don’t ask, don’t tell”-Politik vun eisem Militär protestéiert”, sot den Archer den 19. September an engem Instagram-Message un d’AFP.

“Don’t Ask, Don’t Tell” (DADT) war eng Militärpolitik an den USA, déi et net-heterosexuelle Mënschen erlaabt huet, am Militär ze déngen, soulaang si hir sexuell Orientéierung net public gemaach hunn. Den deemolege President Barack Obama huet 2010 e Gesetz fir d’Ophiewe vun dëser Politik ënnerzeechent.

Den Archer huet confirméiert, dass de Selenskyj beim Pride-Event net zu senger Grupp gehéiert huet an huet der AFP d’Nimm vun den anere Persoune matgedeelt, deenen hir Gesiichter op der Originalfoto ze gesi sinn.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.