Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Falsch Aussoe vum Dr. Benoît Ochs

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Virum Appellsprozess vum Dr. Ochs huet hien a senger Ried an am RTL-Interview Behaaptungen zu Impfdoudesfäll an den Ëmgang mat Covid-Patiente gemaach.

D’lescht Joer gouf eng Prozedur géint den Dr. Benoît Ochs ageleet. Dem Generalist gëtt virgeheit, géint den Deontologieskodex ze verstoussen. Festgehale gouf e Beruffsverbuet vun engem Joer. Den Dr. Ochs ass an Appell gaangen an dierf bis zum Verdikt am Appellsprozess weider exerzéieren.

Den 26. Januar 2022 ass den Appellsprozess lassgaangen. Virum Geriicht an der Stad hate sech eng honnert Sympathisante vum Generalist versammelt. Éier den Dr. Benoît Ochs an d’Geriicht gaangen ass, huet hien nach eng Ried viru senge Supporter gehalen an direkt am Uschloss och dem RTL en Interview ginn. Souwuel a senger Ried wéi am RTL-Interview huet den Dr. Ochs e puer Behaaptungen als Fakten duergestallt. Déi hu mir iwwerpréift.

“Dokteren hunn de Choix, d’Patienten doheem stierwen ze loossen”, sou den Dr. Ochs

Am RTL-Interview erzielt den Dr. Ochs vun enger Covid-Patientin, déi am November doheem a ganz schlecht dru war. D’Fra vu Pënsch bei Housen soll den 112 ugeruff hunn, fir un en Dokter ze kommen. Den Dr. Ochs hat deen Owend Permanence zu Ettelbréck a gouf vum 112 kontaktéiert. Den 112 soll den Dr. Ochs gefrot hunn, ob hie géing bei d’Covid-Patientin laanscht goen. Doropshin huet den Dr. Ochs gefrot, ob hien dann d’Recht hätt net ze goen. Sou stellt den Dr. Ochs am Uschloss d’Fro, ob hien dann d’Recht hätt, d’Patientin doheem stierwen ze loossen.Duerno behaapt hien, d’Dokteren dierfte Covid-Patienten eleng doheem stierwe loossen.

D’Patientin hätt dem Dr. Ochs no deeglaang versicht, un d’Dokteren vun Housen ze kommen. Déi wieren awer all net bereet gewiescht, sech bei déi 43 Joer al Fra ze deplacéieren. D’Fra louch dem Dr. Ochs no 1 Mount am Spidol an hätt 30 Prozent vun hire Longen verluer.

Den Dr. Ochs seet, hien hätt dësen Temoignage vun der Fra festgehalen a géif et als Beweis mat an de Prozess huelen. An dëst wier nëmmen ee vu ville Fäll hei zu Lëtzebuerg. Hei schwätzt den Dr. Ochs dann och vun engem neie Protokoll vun 2020, dee festhält, dass Dokteren de Choix hunn, Covid-Patienten doheem stierwen ze loossen a just bei Covid-Patienten mussen heemgoen, wann dës sou schlecht dru sinn, dass se net méi schwätze kënnen.

Wat ass hei richteg?

Wéinst dem Dateschutz ass et net méiglech erauszefannen, wien d’Patientin ass an ob dat alles esou ofgelaf ass, wéi den Dr. Ochs erzielt.

Fakt ass, krank Leit ginn net eleng doheem stierwe gelooss. Dat gëllt genau sou fir Covid-Patienten, wéi och fir all aner Erkrankten. Eng Persoun, déi wierklech schlecht ass, kann zu all Moment den 112 ruffen a kritt och gehollef.

Explikatioune vum CGDIS:
“Wann ee Patient am Fall vun enger Urgence eng Ambulanz oder de SAMU brauch, schéckt den CSU-112 ëmmer Hëllef, fir dass de Patient kompetent a schnellstméiglech en Charge ka geholl ginn an uschléissend an en Spidol ka gefouert ginn. Dës Decisioun gëtt unhand vun eisem ELS (Einsatzleitsystem) ënnerstëtzt, mee de Operateur ass schlussendlech deen, deen decidéiert, wei eng Moyenen alertéiert ginn. Säit leschtem Joer ginn d’Equippe vum 112 zousätzlech Dag a Nuecht vun engem Officier-Santé (Infirmier) dobäi ënnerstëtzt. Des weidere verfüge mir intern iwwer ee Protokoll mat der Uweisung bei COVID-Patiente mat Otemnout méi proaktiv eng Ambulanz oder de SAMU ze schécken, well mir wëssen, dass hiren Zoustand sech ganz schnell verschlëmmere kann.”

Et ass richteg, dass de Médecin de Garde selwer entscheede muss, ob et néideg ass, bei de Patient heemzefueren oder net. Hei läit d’Responsabilitéit beim Dokter. De Médecin de Garde gëtt vum 112 awer just kontaktéiert, wann et sech net ëm en Noutfall handelt an d’Persoun no engem Hausdokter freet.
Et kann een also net dovu schwätzen, dass den Médecin de Garde de Choix huet, Persounen Doheem stierwen ze loossen. Well wann eng Persoun wierklech schlecht ass an den 112 kontaktéiert, kënnt à priori eng Ambulanz, respektiv de SAMU.

Explikatioune vum CGDIS:
“Wann eng Persoun awer bei eis urifft, well si een Hausdokter brauch an et sech net ëm en Noutfall handelt (Bei Noutfäll gëtt direkt eng Ambulanz geschéckt), gëtt d’Maison Médicale aus dem jeeweilege Secteur kontaktéiert. De Médecin de Garde muss uschléissend de Patient selwer uruffen an dann decidéieren, op hien sech deplacéiert oder net.”

Wat huet et mam neie Protokoll vun 2020 op sech?

Tatsächlech gouf uganks der Pandemie en neie Protokoll fir Medezinner ausgeschafft, wou d’Prise en charge médicale ëmorganiséiert gouf. Hei konnten all Generalisten, Spezialisten an Zänndokteren, sech a 5 verschidde medezinesch Gruppen aschreiwen, fir d’Prise en Charge vu Patienten ze garantéieren. Am Mäerz 2020 goufe Centre de soins avancés fir krank Leit ageriicht. Domat wollt ee verhënneren, dass Covid-Infizéierter an den Urgencen oder am Dokteschcabinet aner Leit ustiechen. Ma Dokteren, déi am medezinesche Grupp 1 agedeelt waren, hunn an dëse Centre de soins avancés geschafft, respektiv sinn bei Covid-Patienten heemgefuer, fir dës ze ënnersichen. D’Zentren waren 7 Deeg op 7 vu moies 8 bis owes 20 Auer accessibel. Fir de Rescht goufe Visitte bei Patienten doheem assuréiert a fir Noutfäll war weiderhin den 112 am Asaz. Sou dass déi Behaaptung, dass Patienten eleng doheem stierwe gelooss kënne ginn, falsch ass. Et gouf nämlech extra ee medezinesche Grupp (n.1) zesummegestallt, deen all Visitt Doheem bei Covid-Infizéierter mécht. Een anere medezinesche Grupp (n.2) huet all Visitt Doheem bei Patienten ouni Covid iwwerholl. De ganze Protokoll kann een hei noliesen.

Medezinesch Versuergung fir all Aart vu Patient gouf wärend der ganzer Pandemie assuréiert.

Besonnesch am Ufank vun der Pandemie gouf vill op Téléconsultatioun gesat fir ze verhënneren, dass am Wartesall ze vill Leit beienee kommen. Bei Leit, déi krank waren a wou eng Covid-Infektioun nach net nogewise gouf, konnt den kontaktéierten Dokter via Telefon e puer Tester mam Patient maachen, fir sech op Distanz en éischt Bild vum Zoustand vum Patient ze maachen an erauszefannen, ob eng Visitt à Domicile noutwenneg ass. Sou gouf de Patient opgefuerdert, e puer mol déif an an auszeootmen oder d’Trapen erop ze lafen, erkläert de Dr. Pit Buchler, President vum Collège Médical.

26 Awunner an Nidderkuerer Altersheem no Boosterimpfung gestuerwen?

An der Ried, déi den Dr. Benoît Ochs viru senge Supportere gehalen huet, zielt den Generalist, dass am Nidderkuerer Altersheem no der Boosterimpfung 26 Awunner duerch d’Impfung gestuerwen sinn. De Generalist werft dann och de Medie vir, dës Affär vertuscht ze hunn.

Am Altersheem “Um Lauterbann” zu Nidderkuer gouf et am Februar 2021 e gréissert Corona-Cluster. Den éischte positive Fall gouf de 17. Februar 2021 bei engem Awunner detektéiert. Den 18. Februar 2021 konnten dunn d’Awunner an d’Personal sech eng éischte Kéier impfe loossen. De selwechten Dag hat och e Mataarbechter der Direktioun matgedeelt, dass e sech mam Covid-19 infizéiert huet. De Virus war “um Lauterbann” also scho present, éiert geimpft gouf. Dat Ganzt huet sech zu engem Cluster entwéckelt. Am Zäitraum vum 15. Februar 2021 bis zum 24. Mäerz 2021 sinn 22 Awunner vum Altersheem um oder mam Coronavirus verstuerwen. Den Duerchschnëttsalter vun de Verstuerwene läit bei 87,7 Joer.

Geboostert gouf am Nidderkuerer Altersheem “Um Lauterbann” den 30. September 2021. Zanterdeem sinn 8 Awunner vum Altersheem verstuerwen (Stand 28. Januar 2022). Keen dovunner war mam Covid-19 infizéiert.

Nathalie Hanck, Pressspriecherin vu SERVIOR:
[…] nous vous confirmons que SERVIOR a à déplorer depuis le 30/09/2021 (date à laquelle l’ensemble de nos résidents ont reçu leur 3ème dose de vaccin dite “booster”) jusqu’à ce jour, seuls 8 décès parmi ses résidents dont la moyenne d’âge se situe au-dessus de 86 ans. A notre connaissance, aucun de ces décès n’est en lien avec le Covid. Comme indiqué dans un communiqué publié hier, SERVIOR a eu connaissance qu’en date du 26 janvier 2022, le docteur Benoît OCHS, a tenu des propos diffamatoires à son égard en prétendant qu’ “à la maison de retraite de Niedercorn, suite à l’injection du booster, il y a eu directement 26 morts “.
Il s’agit bien entendu de déclarations purement mensongères, relayées sur les réseaux sociaux, que SERVIOR dément fermement dans leur intégralité.SERVIOR ne peut tolérer de tels propos par respect pour son personnel, ses résidents et leurs familles.

RTL © Servior

Am Altersheem zu Nidderkuer sinn also keng Awunner wéinst der Boosterimpfung verstuerwen. Dem Dr. Ochs seng Ausso heizou ass falsch.

Links

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.