2024 June

Faktencheck: Green Deal vun der EU gouf Zil vun Desinformatioun virun Europawalen - Featured image

26 Jun: Faktencheck: Green Deal vun der EU gouf Zil vun Desinformatioun virun Europawalen

De Green Deal vun der EU war an ass Zilscheif vun enger Rei Desinformatiounen am Internet – dorënner och erfonnt Behaaptungen, Bréissel géif d’Aféierung vun engem “Kuelestoffpass” oder e Verbuet vu Reparaturen un Autoen, déi méi al wéi 15 Joer sinn, plangen. Dat hu Faktencheck-Organisatioune wéi AFP Factuel an aner Membere vum Projet Elections24Check virun den EU-Parlamentswalen, déi tëscht dem 6. an dem 9. Juni 2024 ofgehale goufen, erausfonnt.

Faktencheck: Dës Foto weist keen Tunnel tëscht Gaza an Ägypten - Featured image

19 Jun: Faktencheck: Dës Foto weist keen Tunnel tëscht Gaza an Ägypten

Am Mee 2024 huet Israel seng Buedemoffensiv géint d’Hamas zu Rafah am Süde vun der Gazasträif verschäerft. A sozialen Netzwierker ass wärenddeem eng Foto am Ëmlaf, déi e grousse Verbindungstunnel tëscht Rafah an Ägypten weise soll. Vill vun de Bäiträg bezéie sech op d’Ausso vun engem israeeleschen Affekot, deenen no d’Hamas duerch Tunnellen aus Ägypten versuergt géif.