Technologie

Faktencheck: Kënschtlech Intelligenz ass europäescher Etüd no keng zouverlässeg Informatiounsquell - Featured image

13 Nov: Faktencheck: Kënschtlech Intelligenz ass europäescher Etüd no keng zouverlässeg Informatiounsquell

Applikatioune wéi ChatGPT, déi komplett mat Kënschtlecher Intelligenz funktionéieren, hunn ongeféier an der Hallschent vun de Fäll, wa si zu aktuellen Evenementer an den Noriichte befrot goufen, Feeler gemaach. Dat ergouf eng grouss ugeluecht Etüd vun europäeschen ëffentlech-rechtleche Radiostatiounen, déi den 22. Oktober 2025 verëffentlecht gouf. Zu de Feeler hunn d’Verwiesslung vun Noriichte mat Parodien, falschen Datumer oder einfach d’Erfanne vun Evenementer gehéiert.