Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Dëse Video weist keng geneetesch modifizéiert Moustiquë mat Seriennummeren

Faktencheck: Dëse Video weist keng geneetesch modifizéiert Moustiquë mat Seriennummeren - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

An der Natur ginn et Insekten, déi e Muster hunn, dat wéi eng Zuel ausgesäit. Dat bestätegen Experten. Mee an engem Video, dee sech an de sozialen Netzwierker séier verbreet, gouf behaapt, et géif sech ëm Moustiquen handelen, déi geneetesch zu “Biowaffe” modifizéiert goufen.

“Firwat géife Moustiquë Seriennummeren hunn, wa se net als Biowaffen agesat ginn. Mir stinn ënner voller Attack”, sou e Bäitrag, deen den 22. September 2023 op Gettr, engem konservativen sozialen Netzwierk, gedeelt gouf.

RTL © AFP

De Video, deen angeeblech eng Moustique weist, déi anscheinend um Réck eng Seriennummer huet, hat sech schonn ufanks dës Joers verbreet an huet zu Verschwierungstheorië gefouert. “Wien huet eng Moustique gefaangen an eng Nummer dorop agesat, wien huet dat gemaach?”, huet en TikTok-Notzer mat ominéiser Musek am Hannergrond am Mäerz 2023 gefrot. Den Auteur vum Bäitrag huet ugeholl, et géif sech vläicht ëm e Roboter oder eng Dron handelen. “Wéi dir kloer gesi kënnt, steet do 36 oder 38 – ech weess et net”, seet hien.

RTL © AFP

Änlech Behaaptunge fanne sech och op anere Plazen am Internet, zum Beispill op Plattforme wéi Facebook, X (fréier Twitter) a Rumble. E puer hu versicht, d’Phenomeen mam Bill Gates ze verknëppen. De Microsoft-Grënner ass dacks Zil vu Falschinformatiounen a Konspiratiounstheorien, déi d’AFP schonn e puermol iwwerpréift huet.

“De BILL GATES ass dofir verantwortlech, Millioune vu geneetesch modifizéierte Moustiquen an d’Ëffentlechkeet fräigesat ze hunn”, sou en Instagram-Bäitrag, deen de selwechte Video am Mäerz gedeelt hat. D’AFP huet schonn an der Vergaangenheet Falschbehaaptunge widderluecht, déi behaapt hunn, dass Fäll vu Malaria an den USA mat geneetesch modifizéierte Moustiquen ze dinn hätten, wou och d’Bill and Melinda Gates Stëftung hir Fangeren am Spill gehat hätt. Zwar huet d’Organisatioun Fuerschunge finanziell ënnerstëtzt, déi dës Krankheet mat der Hëllef vu geneetesch modifizéierte Moustiquen an aneren Deeler vun der Welt bekämpfe wëll, mee d’Stëftung ass net direkt fir d’Fräisetze vun den Insekte verantwortlech.

Déi jéngst Behaaptunge si geneesou falsch. Bei dem Insekt am Video handelt et sech net emol ëm eng Moustique, soen Entomologen. “Neen, op dëse Biller si keng Moustiquen ze gesinn”, sou de Phil Lounibos, emeritéierte Professer am Labo fir medezinnesch Entomologie op der University of Florida, an enger E-Mail vum 2. Oktober 2023. Den Julian Dupuis, Professer fir Entomologie op der University of Kentucky, sot an enger E-Mail och vum 2. Oktober: “Dat gesäit fir mech net no enger Moustique aus.” Béid Professere ware sech eens, dass d’Videoqualitéit zwar schlecht wär, d’Déier, dat gewise gëtt, awer villméi no enger Blatlaus wéi no enger Moustique ausgeséich.

“Definitiv en Hemiptère (lat. Hemipetra)”, huet den Dupuis bäigefüügt an huet sech dobäi op déi wëssenschaftlech Uerdnung vun den Insekte bezunn. Déiere vun dëser Kategorie hunn eng Rei Erkennungsmierkmoler, ënner anerem Flilleken, déi sech iwwerkräizen a sou en x-fërmege Muster um Réck erginn. Obwuel et méi wéi 4.000 ënnerschiddlech Zorte vu Blatlais gëtt, ass et fir munch Aarten üblech, um Réck Musteren ze hunn, déi deem, deen an Video gewise gëtt, zimmlech änlech sinn.

RTL © AFP

Fazit: Am Video ass en Insekt mat enger markanter Markéierung um Réck ze gesinn. Et handelt sech bei den Opname weeder ëm eng Moustique, nach ass eng Seriennummer, déi duerch Mënschenhand hiergestallt gouf, ze gesinn. Ënner de méi wéi 4.000 Blatlausaarte fanne sech eng Rei, déi um Réck esou interessant Musteren opweisen, déi vu Mënschen heiansdo fir Zuele gehale kënne ginn.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.