Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Äerdbiewe kënnen net virausgesot ginn

Faktencheck: Äerdbiewe kënnen net virausgesot ginn - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

De 6. Februar 2023 goufen d’Tierkei a Syrien vun engem Äerdbiewe vun der Stäerkt 7,8 getraff. Den offiziellen Donnéeë vum 19. Februar no si bis zu deem Moment 45.000 Doudesaffer ze bekloen an dausende vu Gebaier goufen zerstéiert. A sozialen Netzwierker gëtt zënterhier doriwwer diskutéiert, wéi héich d’Warscheinlechkeet ass, en Äerdbiewe virauszesoen. Dës Fro steet am Raum, nodeems en hollännesche User op Twitter d’Äerdbiewen angeeblech e puer Deeg virdru prognostizéiert hat. Expertinnen an Experte si sech awer eens: Bis haut gëtt et keng wëssenschaftlech Method, fir Äerdbiewe virauszesoen.

Et loosse sech zwar Risiken aschätzen, awer dës Warscheinlechkeete bezéie sech op en Zäitraum vun enger Rei Joerhonnerten. Och d’Fro, ob Déieren Äerdbiewe viraussoe kéinten, gëtt online diskutéiert. Expertinnen an Experten hunn awer erkläert, dass Déiere just déi éischt Welle vun Äerdbiewe virum Mënsch spiere kéinten, wouraus ee keng Virausso schléisse kéint.

A sozialen Netzwierker gouf en Tweet aus Holland e puermol gedeelt. Dësen Tweet soll d’Äerdbiewen dräi Deeg virdru “virausgesot” hunn.

“Fréier oder spéider wäert et en Äerdbiewe vun der Stäerkt 7,5 an dëser Regioun (südlech Zentraltierkei, Jordanien, Syrien, Libanon) ginn”, huet den Twitter-User den 3. Februar 2023 geschriwwen.

Säitdeem gouf den Tweet iwwer 50.000 Mol gedeelt a ronn 200.000 Mol mat “Gefält mir” markéiert.

RTL Screenshot eines Twitter-Beitrags, erstellt am 13. Februar 2023 (Chloé Rabs) ( Chloé RABS)

Den Auteur vum Tweet ass de Frank Hoogerbeets, dee sech selwer als “Fuerscher” bezeechent. Den Dag éier hien den Tweet verfaasst huet, hat hien an engem YouTube-Video erkläert, dass d’Äerdbiewen tëschent dem “4. a 6. Februar” kéint sinn, woubäi hie sech bei senge Pronosticken op astronomesch Iwwerleeunge gestäipt huet – de Stand vum Mound, vun der Sonn oder anere Planéiten. Seismologinnen a Seismologen, Geologinnen a Geologe si sech awer eens: Et ass géigewäerteg net méiglech, en Äerdbiewe virauszesoen.

Wat ass en Äerdbiewen?

Äerdbiewen entstinn duerch e plëtzleche Spannungsofbau laanscht d’Bréch an der Äerdkrust, wéi de Schweizerische Erdbebendienst vun der Eidgenössischen Technischen Hochschule (ETH) zu Zürich op senger Internetsäit erkläert. D’Spannung kënnt duerch déi stänneg Beweegung vun den tektonesche Placken zustanen. “Wann dës grouss genuch sinn, entléit se sech an enger plëtzlecher, ruckaarteger Beweegung. Déi seismesch Energie, déi dobäi fräigelooss gëtt, breet sech a Form vu Wellen duerch d’Äerd an op der Uewerfläch aus a verursaacht Vibratiounen, déi als Biewe wouergeholl ginn”, heescht et weider.

Dës Infografik vun der AFP erkläert, wéi en Äerdbiewen entsteet.

RTL Thorsten Eberding / AFP

Äerdbiewe sinn onberechenbar

Obwuel vill iwwer Äerdbiewe gewosst ass, “ass et onméiglech, déi genee Plaz, den exakten Datum an d’Intensitéit vun engem Äerdbiewe virauszesoen”, sot de Yann Klinger den 13. Februar géintiwwer der AFP. De franséische Fuerscher ass Chef vun der Recherche am Centre national de la recherche scientifique (CNRS), enger nationaler franséischer Fuerschungsorganisatioun. Do schafft hien am Tektonik-Team vum Institut de Physique du Globe zu Paräis. Dësen Institut setzt sech mat der Physik vun der Äerdkugel auserneen.

D’Lucile Bruhat, Doktesch an der Geophysik a Spezialistin fir Äerdbiewen, stëmmt him zou. Si sot der AFP den 10. Februar 2023: “Ech soen et mat Nodrock: Mir hu keng wëssenschaftlech Method, mat där een en Äerdbiewe viraussoe kéint.”

Den USGS (United States Geological Survey) ass fir d’Iwwerwaachung vun de weltwäite seismeschen Aktivitéiten zoustänneg. Op senger Internetsäit heescht et: “Weder den USGS nach aner Wëssenschaftler oder Wëssenschaftlerinnen hu jeemools e grousst Äerdbiewe virausgesot. Mir sinn dozou net fäeg a wäerten et warscheinlech och an noer Zukunft net sinn. D’Wëssenschaftlerinnen a Wëssenschaftler vum USGS kënne just d’Warscheinlechkeet berechnen, wéini e staarkt Äerdbiewen a wat fir engem Gebitt an a wat fir enger Zäit optriede wäert.”

Den Olivier Fabbri ass Geolog a Professer op der franséischer Université Franche-Comté a sot der AFP den 13. Februar 2023, dass Seismologen a Seismologinne säit Joren aktiv Verwerfunge kartographéieren, “dat heescht, aktiv Verwerfungen, déi beonrouegend héich Spannungen opbauen, wou et dohier onweigerlech zu Äerdbiewe komme kann”.

Hie sot och nach: “Mir wëssen awer net, wéini dës Verwerfunge wierklech nogi wäerten. Bei dësem Sujet si mir nach um Nullpunkt. Scho bei der Identifizéierung an der Lokaliséierung vu geféierleche Plackegrenze wäert een ni vollstänneg sinn, dohier ass eng Virausso haut komplett illusoresch”.

Unhand vun der Kartografie, de laangfristegen Estimatioune vun der Vitess, wéi dës Placke sech wäerte verschiben, vun de Spueren, déi vireg Äerdbiewen hannerlooss hunn, kënne Seismologinnen a Seismologe Prognosen, awer keng Viraussoe maachen. Dat awer am Kader vun e puer Joerzéngten an net kuerzfristeg.

Domat beschäftegt sech virun allem de Konsortium European Facilities for Earthquake Hazard and Risk (EFEHR). En entwéckelt de Modell fir d’Gefor an de Risiko vun Äerdbiewen an Europa. An Däitschland schafft d’Deutsche Geoforschungszentrum zu Potsdam mam EFEHR zesummen, de Résif-Epos ass a Frankräich Representant vum Konsortium. Dës Fuerscherinnen a Fuerscher hunn am Joer 2022 d’Kaart fir d’Gefor vun Äerdbiewen an d’Kaart fir de Risiko vun Äerdbiewen aktualiséiert. Gefor vun Äerdbiewe bezeechent déi potenziell Vibratioune vum Buedem duerch zukünfteg Äerdbiewen. Mat Äerdbiewerisiko sinn d’Auswierkungen, déi vun zukünftegen Äerdbiewen ze erwaarde sinn, gemengt.

RTL Karte der Erdbebengefährdung in ganz Europa, erstellt vom EFEHR.

RTL Karte zum Erdbebenrisiko, erstellt vom EFEHR.

De Rémy Bossu ass Seismolog a Generalsekretär vum European-Mediterranean Seismological Centre (EMSC), enger internationaler gemengnëtzeger Fuerschungsgesellschaft mat Sëtz zu Bruyères-le-Châtel a Frankräich. Géintiwwer der AFP sot hien den 13. Februar 2023: “Op dëser Kaart ass däitlech ze erkennen, dass sech den Epizenter vum Äerdbiewen, dat d’Tierkei a Syrien getraff huet, an engem déifroude Beräich befënnt. Dat heescht, et wosst ee warscheinlech, dass op dëser Plaz en Äerdbiewen entstoe kéint. An awer si mir net capabel ze soen, ob dat haut, muer, a 50 oder 500 Jore geschéie géif.”

Weider sot de Bossu: “Beispillsweis gëtt en Äerdbiewe virun der Küst vun Istanbul erwaart. Mir kënnen et net viraussoen, awer wéinst der Heefung vu Spannungen an dësem Gebitt wësse mir, dass an den nächste Joerzéngten en Äerdbiewen optrieden dierft. Vläicht geschitt et an deem Moment, an deem ech mat Iech schwätzen oder vläicht erliewen ech et net méi. Mir kënnen net méi prezis sinn.”

Op der Säit vun “ObservaTerre” heescht et: “Leider ass et Geowëssenschaftlerinnen a Geowëssenschaftler a besonnesch Seismologinnen a Seismologen trotz der Fuerschung an engem extreem breede Spektrum vu Gebidder ëmmer nach net méiglech, kuerzfristeg (op enger Zäitskala vu Stonnen, Deeg oder Wochen) virauszesoen, dass en Äerdbiewen antriede wäert, andeem si en Uert, en Datum an eng estiméiert Stäerkt uginn, déi prezis genuch ass, fir beispillsweis d’Bevëlkerung evakuéieren ze kënnen. Dofir bräicht et zouverlässeg Warnsignaler, also Observatioune vu miessbare Phenomeener, déi d’Optriede vun engem Äerdbiewe systematesch virausginn.”

De Rémy Bossu sot och: “Munch Seismologinnen a Seismologen denken, dass mir Äerdbiewen ni viraussoe wäerte kënnen, well se a sech chaotesch sinn. An awer gëtt ëmmer nach versicht, eng Preparatiounsphas fir en Äerdbiewen ze observéieren. Bis elo huet d’Wëssenschaft awer nach keng eendeiteg Resultater geliwwert.”

Den Olivier Fabbri seet dobäi: “Virun allem hunn Äerdbiewen déi onangeneem Gewunnecht, do opzetrieden, wou ee se net erwaart. D’Beispill vun der Tierkei ass sënnbildlech: Säit Jore gëtt déi nordanatolesch Verwerfung beobacht, déi duerch Istanbul verleeft, well ee sech sécher ass, dass do en Äerdbiewe wäert sinn. Sämtlech Seismologinnen a Seismologen haten hir Aen op dësen Abschnitt geriicht a schlussendlech ass d’Biewen op der ostanatolescher Verwerfung opgetrueden, déi erof Richtung Syrien féiert.”

RTL Sophie Ramis, Nadine Ehrenberg, Sylvie Husson / AFP

Sou bezeechnen alleguer d’Expertinnen an d’Experten, déi vun der AFP befrot goufen, den “Ukënnegungstweet” vum Frank Hoogerbeets als “onglécklechen Zoufall”.

D’Françoise Courboulex, Seismologin a Cheffin vum Departement fir Recherche am CNRS, sot der AFP den 10. Februar 2023: “Mat all groussem Äerdbiewe sinn halluzinant Viraussoe verbonnen. Mir kréie souguer Post vu Leit, déi eis bei Viraussoe berode wëllen… ‘Fréier oder spéider’ ass tatsächlech d’Aart vu Viraussoen, déi ee fir alleguer d’Äerdbiewegebidder op der Welt formuléiere kann.”

De Rémy Bossu füügt dobäi: “Wéi ech gär widderhuelen: Eng futtis Auer weist zweemol den Dag déi korrekt Auerzäit un. Mir kréien dauernd Viraussoen. Ze soen, dass et an der Tierkei oder a Griicheland en Äerdbiewe wäert ginn, dat berout op Tatsaachen. Dat mécht et awer nach net zu enger Virausso.”

D’Lucile Bruhat sot dozou: “Wann een all Dag Viraussoe mécht, ass et warscheinlech, dass een iergendwa richteg läit. Awer dat ass just een onglécklechen Zoufall. Et ass näischt Wëssenschaftleches dobäi.”

De Frank Hoogerbeets gouf scho vu Faktenchecksäite wéi der der franséischer “CheckNews” iwwerpréift, well hien iwwer d’Joren ëmmer méi vermeintlech Viraussoe publizéiert huet. “CheckNews” huet am Joer 2019 festgestallt, dass hie fir 28 Deeg an dräi Méint Äerdbiewe prognostizéiert hat.

Gezäite vun der Äerd kënne just marginal Auswierkungen hunn

Ausserdeem stäipt den Hoogerbeets seng angeeblech “Viraussoen” haaptsächlech op d’Unzéiungskräften tëschent der Äerd an anere Planéiten, virun allem op d’Kräfte vun den Äerdgezäiten, déi zum groussen Deel dem Mound zouzeschreiwe sinn. D’Äerdgezäite sinn d’Welle vun der Äerdkrust. Se entstinn duerch d’Kräfte vun de Gezäite vun der Gravitatioun vum Mound a vun der sonn op d’Äerd. Dës kënnen awer just e marginalen Effekt op Äerdbiewen hunn, soten eng Rei Expertinnen an Experten der AFP.

Dem USGS no hunn eng Rei nei Etüden an engem Artikel mam Titel “Kann die Position des Mondes Auswirkungen auf die Seismizität haben?” eng “Korrelatioun tëschent den Äerdgezäiten (ausgeléist duerch d’Positioun vum Mound zur Äerd) a bestëmmten Zorte vun Äerdbiewen fonnt”. Eng Etüd kënnt zum Beispill zur Konklusioun, dass “an Zäiten, an deenen d’Gezäiten u Land an am Ozean méi staark sinn, wéi bei Voll- oder Neimound, Äerdbiewen op flaachen Iwwerschibungsverwerfungen no vu Kontinenter an a (Ënnerwaasser-)Subduktiounszone warscheinlech sinn.”

Mä souguer wann dës Gezäiten um Land oder am Waasser den Drock op dës Verwerfungen erhéijen oder verréngeren, bleift d’USGS virsiichteg a weist dorop hin, dass dës Auswierkunge ganz kleng bleiwen:

“Wann den Drock op d’Äerdplacken ofhëlt, ginn d’Verwerfunge méi labber a kënne sech éischter beweegen. D’Warscheinlechkeet klëmmt wärend der Flut ëm de Faktor dräi. Et muss een awer drun denken, dass d’Grondwarscheinlechkeet op enger bestëmmter Plaz an an engem bestëmmte Joer am Allgemenge ganz geréng ass. Et schwätzt ee vu Brochdeeler vun engem Prozent. Esou ergëtt d’Erhéijung vun dëser gerénger Warscheinlechkeet ëm de Faktor dräi wärend der Flut ëmmer nach eng minimal Warscheinlechkeet.”

RTL Die Gravitationskraft des Mondes verformt die Ozeane der Erde zu einem Rugby-ähnlichen Oval. ( AFP, eye / AFP)

D’Unzéiungskraaft vun de Gezäiten ass also ganz geréng an “net genuch, fir eleng en Äerdbiewen auszeléisen”, sot de Yann Klinger an huet dorop higewisen, dass eng Virausso op dëser Grondlag “op kenger wëssenschaftlecher Method” baséiert wär.

D’Anne Replumaz ass Geologin a Professesch op der franséischer Université Joseph Fourier zu Grenoble a sot der AFP den 13. Februar 2023: “Bei engem groussen Äerdbiewen, wéi et grad an der Tierkei a Syrien geschitt ass, kann d’Unzéiungskraaft vun den Äerdgezäiten net den Ausléiser sinn. A souguer wann d’Äerdgezäiten tatsächlech e puer kleng Verwerfungen destabiliséieren,kann een net wëssen, wat fir eng Flut wat fir Verwerfungen zum Astierze brénge kéint, also bréngt eis dat an enger vermeintlecher Virausso net weider.”

De Michel Campillo ass Geophysiker, Seismolog a Professer op der Universitéit vu Grenoble a Member vun der Académie des sciences zu Paräis. Hie sot den 10. Februar géintiwwer der AFP: Kleng Äerdbiewe gëtt et ëmmer nees a se sinn net similär mam Héchststand vun de Gezäiten. E klengen Deel kéint domat zesummenhänken, awer dat si kleng Äerdbiewen mat ganz gerénger Stäerkt, déi een net spiert.”

De Michel Campillo huet d’Beispill vum Fall vum Iben Browning virbruecht, engem Amateur, dee fir den 3. Dezember 1990 Datum an Auerzäit vun engem groussen Äerdbiewen am Zentrum vun de Vereenegte Staaten virausgesot hat.

“Den Iben Browning huet geneesou argumentéiert – hien huet sech mat de selwechten Argumenter op d’Mechanik vum Himmel beruff. Dës Argumentatioun goung duerch d’Press a gouf esou grouss, dass et op e puer Plazen zu Noutriff koum. Schlussendlech ass näischt geschitt.”

Kënne Vullen Äerdbiewe viraussoen?

De Yann Klinger vum CNRS huet ausserdeem erkläert, dass sech dës Viraussoen dacks ganz séier verbreeden, wann Unzeechen observéiert ginn, déi als “Prodrom” oder “Warnsignaler” vun engem Äerdbiewe gëllen.

“Eng Heefung vu méi klengen Äerdbiewen, Déieren, déi sech komesch verhalen, Quellen, déi angeeblech hir Peegelen änneren, Emissioune vu Radongas – eng Systematik tëschent dëse Beobachtungen an Äerdbiewe gouf ni fonnt. Dohier muss ee bei dësen ‘Zeeche’ ganz virsiichteg sinn.”

Säit dem 6. Februar 2023 goufe Videoen a sozialen Netzwierker verbreet, déi angeeblech Vulle gewisen hunn, déi sech e puer Stonne virum Äerdbiewen an der Tierkei an a Syrien “komesch” verhalen hunn. Dat sollt angeeblech beweisen, dass een duerch Vullen esou Evenementer viraussoe kéint.

“An der Tierkei konnt kuerz virum Äerdbiewen e komescht Verhale bei Vulle beobacht ginn”, behaapt eng Userin op Twitter. “Honnerte Vulle kommen op ongewéinlech Manéier zesummen a spieren eng onmëttelbar Menace, déi bevirsteet. Si hunn eng Zort Detekter fir anormal elektromagnéitesch Aktivitéit”, behaapt een aneren an deelt e Video, deen op Facebook, Twitter an Tiktok e puer dausend Mol gedeelt gouf.

RTL Screenshot eines Twitter-Beitrags erstellt am 9. Februar 2023

Expertinnen an Experten, déi d’AFP befrot huet, soten awer, dass d’Verhale vun de Vullen an dësem Video absolut normal wär.

D’Agatha Liévin-Bazin ass Ethologin a Spezialistin fir d’Verhale vun Déieren. Si sot den 13. Februar 2023 géintiwwer der AFP: “D’Verhalen an dësem Video erschéngt mir op kengem Fall anormal. Et gesäit een eng Usammlung vu Vullen, Steekueben (coleus monedula), Vullen aus der Famill vun de Kueben, déi een unhand vun hirem Krächzen identifizéiere kann. D’Zeen spillt sech héchstwarscheinlech an der Owenddämmerung of, wann d’Déieren zesummekommen, fir d’Nuecht ze preparéieren. Et ass normal, dass sech Vullen treffen an alleguer zesummen op enger Plaz schlofen.”

Weider sot si: “Och wann d’Unzuel vun de Vullen beandrockend erschéngt, spigelt näischt an hirem Verhale Panik erëm. Et héiert ee se oft krächzen, well dat hir Manéier ass, Informatiounen auszetauschen. A wann d’Vullen d’Äerdbiewe spiere géifen, géif een éischter domat rechnen, dass si méi héich fléien, fir aus der Geforenzon ze flüchten. D’Steekueben, déi am Video ze gesi sinn, versammele sech a forméieren eng Famill.”

Et gëtt keng wëssenschaftlech Etüden, déi beleeën, dass Déieren allgemeng d’Fäegkeet besëtzen, Äerdbiewe virauszesoen.

Den USGS stellt ausser deem an dësem Artikel fest: “Et gëtt zuelräich anekdotesch Beleeg dofir, dass sech Déieren, Fësch, Vullen, Reptilien oder Insekten e puer Wochen oder Sekonne virun engem Äerdbiewe komesch verhal hätten. E koherent an zouverlässegt Verhalen, dat viru seismeschen Evenementer erkannt gouf, oder e Mechanismus, deen erkläert, wéi dat funktionéiere kéint, ass eis awer nach net bekannt.”

Am Joer 2018 hunn eng Rei Fuerscher a Fuerscherinne vum Fuerschungszentrum für Geowissenschaften an Däitschland eng Meta-Analys vun 180 wëssenschaftlechen Etüden zu dësem Theema duerchgeféiert, an där si iwwer 700 Observatioune vu méi wéi 130 verschiddenen Aarte bei 160 Äerdbiewen zesummegefaasst hunn. Hire Fazit ass kloer: “Mir hu keng wëssenschaftlech Beweiser dofir, dass Déieren et spieren, wann en Äerdbiewe kënnt.” Dat sot de Sebastian Hainzel, Co-Auteur vun der Etüd, den 9. Februar 2023 géintiwwer der AFP. “Allerdéngs kéinte se vläicht op Biewen, déi am Virlaf optrieden, reagéieren.”

D’Françoise Courboulex huet ausserdeem erkläert, dass bestëmmt Déiere sécherlech méi empfänglech fir Wellen, déi vun Äerdbiewen ausgestouss ginn, wären, “dat heescht awer nach laang net, dass si [d’Äerdbiewen] och viraussoe kënnen”.

“Heefeg gouf iwwer dat ongewéinlecht Verhale vu Hënn, déi Billen, Schofshäerden an Usammlunge vu Vulle kuerz virun engem staarke Biewe bericht. Mir denken, dass bestëmmt Déiere schonn op déi éischt Welle reagéieren (Primär-Wellen, och P-Welle genannt), déi eng méi geréng Amplitude hu wéi déi zweet Wellen (Sekundär-Wellen, och S-Welle genannt), déi dacks de gréissere Schued uriichten. Et geet also virun allem ëm d’Fro vun der Finess. An alle Fäll bedeit et awer, dass d’Äerdbiewe schonn ugefaangen huet, wann d’Déieren d’Welle vum Äerdbiewe spieren. Et ass also keng Virausso”, sou d’Courboulex.

“Just ganz wéineg Mënsche spieren déi klengst P-Well, déi sech am séierste vun der Quell vum Äerdbiewen aus beweegt a virun der gréisster S-Well ukënnt. Vill Déiere mat méi schaarfe Sënner sinn dogéint an der Lag, d’P-Well e puer Sekonne virum Antreffe vun der S-Well wouerzehuelen. Awer en Äerdbiewe scho Wochen oder Deeg viru sengem Optrieden ze erkennen, ass eng aner Geschicht”, heescht et och an dësem USGS-Artikel.

Fréiwarnsystem

Seismologinnen a Seismologen ass et mat der Hëllef vu seismesche Sensore méiglech, dës P-Wellen ze erkennen. Op munche Plaze gëtt et och Warnsystemer, déi e puer Sekonne virun den zerstéieresche Vibratioune ausgeléist ginn.

RTL Kalifornien führte am 17. Oktober 2019 eine Frühwarnapp für Erdbeben ein. ( AFP / CHRIS DELMAS)

“Mir verfügen iwwer ganz dicht Netzwierker, fir Äerdbiewen ze erkennen. Déi éischt Statioune ronderëm den Epizenter kënnen d’Biewe bannent véier bis fënnef Sekonnen erkennen a lokaliséieren. De Fréiwarnsystem schéckt dës Informatiounen iwwer gréisser Distanzen, e puer Sekonnen éier d’Biewen d’Plaz erreecht”, huet de Rémy Bossu erkläert. Hien huet dobäigefüügt, dass den EMSC un der Publikatioun vum éischte gemeinschaftleche Fréiwarnsystem bedeelegt war, dee vum Francesco Finazzi op der Universitéit Bergamo an Italien entwéckelt gouf.

“Eng App, déi Ären Telefon no der Installatioun an e seismesche Sensor verwandelt. A wa vill Telefonen op der selwechter Plaz Alarm schloen, ginn d’Notzer an de Regiounen, déi ronderëm leien, duerch e Message informéiert, dee si virum bevirstoenden Äerdbiewe warnt”, sot de Bossu.

“Et sief dann, den Epizenter läit ënner enger Stad, dann ass et schonn ze spéit”, sot d’Lucile Bruhat.

“Op alle Fall sinn d’Zäitraim esou kuerz, dass de Mënsch keng Zäit huet, eng Decisioun ze huelen. Dëse System ass virun allem dofir nëtzlech, Stroum a Gas direkt ofzeschalten oder Verkéiersluuchten op Rout ze schalten an esou nieft de Schied duerch d’Vibratiounen zousätzlech Accidenter ze vermeiden”, sot de Yann Klinger.

RTL Such- und Rettungsteams bergen am 13. Februar 2023 eine Leiche, die in den Trümmern eingestürzter Gebäude in Kahramanmaras gefunden wurde. (AFP / Ozan Kose) ( AFP / OZAN KOSE)

Den tierkesche Katastropheschutz huet den 19. Februar 2023 40.689 Doudeger gezielt, a Syrien huet ee vun ongeféier 5.900 Doudege geschwat, wéi tagesschau.de matgedeelt hat.

Den Informatioune vun der tierkescher Regierung no goufen ongeféier 1,2 Millioune Mënschen a Studentewunnengen ënnerbruecht, méi wéi 206.000 Zelter an zéng Provënzen opgestallt a 400.000 Betraffener aus den zerstéierte Gebidder evakuéiert.

Der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) no ass domat “déi gréisst Naturkatastroph an engem Joerhonnert” fir Europa ze bekloen.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.