Soubal et ëm d’Unzuel vu Geschlechter, d’Genderen oder Froen iwwer sexuell Orientéierung geet, erhëtze sech d’Gemidder. Laut engem Screenshot vun engem Artikel, deen a Sozialen Netzwierker gedeelt gëtt, wär Sex mat Kanner duerch dat däitscht Gläichstellungsgesetz geschwë stroffräi. Deem ass awer net esou.
Den Artikel geheit eng Rei Gesetzer duercherneen, vun deene keent sexuell Handlunge vun Erwuessene mat Kanner thematiséiert. Och Expertinnen an Experte widderspriechen dëser Behaaptung.
“Gläichstellungsgesetz: Sex mat Kanner geschwë stroffräi”, ass an engem Screenshot vun engem Artikel ze liesen, deen am Oktober 2024 eng grouss Zuel vu Views op Facebook, X an Telegram krut. Notzer hu sech iwwer dës angeeblech Pläng vum däitsche Bundestag skandaliséiert gewisen. “Ee vun de Grënn, firwat ee géint dës politesch Agenda kämpfe muss!!”, steet beispillsweis an engem Bäitrag vum 10. Oktober 2024.
© AFP
D’Behaaptung ass awer falsch. Mat Hëllef vun enger Stéchwierdersich huet d’AFP erausfonnt, dass den Artikel am Screenshot op der Internetsäit “anonymousnews” verëffentlecht gouf. Allerdéngs handelt et sech dobäi net ëm déi éischt Publikatioun. Een Dag virdrun, de 4. Oktober 2024, gouf den Artikel op der Internetsäit “Tichys Einblick” verëffentlecht. Dobäi handelt et sech ëm e Gaaschtbäitrag vun der eemoleger CDU-Bundestagsdeputéierter Sylvia Pantel, déi sech haut an der Partei “Werteunion”, déi 2024 gegrënnt gouf, engagéiert. D’AFP hat schonn an der Vergaangenheet iwwer Falschinformatiounen, déi vun der Säit “Tichys Einblick” verbreet goufen, iwwerpréift.
Artikel handelt vun enger Petitioun
D’Iwwerschrëft vum Artikel war ursprénglech eng aner: “Pedophille-Petitioun am Bundestag? Wa Kontrollmechanisme versoen”. Am Screenshot steet “Gläichstellungsgesetz: Sex mat Kanner geschwë stroffräi” als Titel. Och den éischten Alinea am Screenshot ass net Deel vum Artikel op der Säit “Tichys Einblick”. An dësem Text geet et ausserdeem net ëm d’Gläichstellungsgesetz, wéi den Titel am gedeelte Screenshot ukënnegt. D’Pantel nennt zwar an engem éischten Deel d’Selbstbestëmmungsgesetz, dat ab November 2024 gëlle wäert, als Beispill fir politesch Moossname vun der Bundesregierung zum Sujet Geschlechterfroen, déi si kritiséiert. Mat dem eigentlechen Theema vum Gaaschtbäitrag, enger Petitioun iwwer d’Verankerung vu Kannerrechter a sexueller Identitéit am Grondgesetz, huet och dëst Gesetz awer guer näischt ze dinn.
© AFP
Si kritiséiert, dass sech de Bundestag iwwerhaapt mat dëser Petitioun befaasst huet, déi vun der Grupp “Krumme 13” an dem doran aktiven, fir Vente vu Kannerpornografie virbestrooftem Dieter Gieseking gestart gouf. D’Grupp setzt sech fir Pedophilie an, bitt ënner anerem Hëllef fir Gefaangener un. Mat der Petitioun wollt si erreechen, dass och Pedophilie als sexuell Identitéit an d’Grondgesetz opgeholl a soumat geschützt gëtt. D’Petitioun krut awer just 37 Ënnerschrëften. D’Grondgesetz séchert entgéint der Pantel hirer Kritik jidderengem en allgemengt Recht dorop zou, sech mat Uleiessen un d’Volleksvertriedung ze riichten.
Tatsächlech huet de Bundestag iwwer dës Petitioun, zesumme mat villen aneren, a senger Sëtzung vum 26. September 2024 ofgestëmmt an ass dem Virschlag vun der Petitiounskommissioun nokomm, d’Prozedur ofzeschléissen (Pet 4-19-07-103-044636). Op AFP-Ufro huet e Spriecher vum Bundestag den 22. Oktober 2024 an enger E-Mail matgedeelt, dass d’Petitioun ofgeleent gouf.
Gesetzer thematiséiere keng Strofdoten
Am Screenshot geet vun enger Ännerung “am Kader vum Gläichstellungsgesetz” rieds. An Däitschland gëtt et awer eng Partie Gesetzer, déi d’Gläichstellung vu verschiddene Persounegruppen als Zil hunn. Sou steet am Allgemeinen Gleichbehandlungsgesetz: “Zil vum Gesetz ass, Benodeelegungen aus Grënn vu Rass oder wéinst der eethnescher Hierkonft, dem Geschlecht, der Relioun oder Ideologie, enger Behënnerung, dem Alter oder sexueller Identitéit ze verhënneren oder ze eliminéieren.” E weidert Gläichstellungsgesetz, d’Bundesgleichstellungsgesetz, soll d’Benodeelegung an de federalen Autoritéiten a Geriichter opgrond vum Geschlecht verhënneren. A schlussendlech soll den Artikel 3 vum däitsche Grondgesetz garantéieren, dass all d’Mënsche virum Gesetz gläich sinn. D’Petitioun vun der Grupp “Krumme 13” bezitt sech op dat leschtgenannt.
D’Selbstbestëmmungsgesetz, op dat d’Pantel an hirem Gaaschtbäitrag am Ufank Bezuch hëlt, thematiséiert och keng Stroffräiheet fir sexuell Handlunge mat Kanner. D’Gesetz, dat den 12. Abrëll 2024 vum Bundestag votéiert gouf an den 1. November 2024 a Kraaft triede wäert, mécht et fir inter- an transgeschlechtlech souwéi nonbinär Mënsche méi einfach, hiert Geschlecht souwéi hire Virnumm am Biergerzenter änneren ze loossen. Et geet also och hei ausschliisslech ëm d’Geschlechtsidentitéit vu Persounen.
Den däitsche Justizministère huet d’Behaaptung op AFP-Ufro den 22. Oktober 2024 als Falschinformatioun bezeechent, déi sech mat geltendem Recht widderleeë léisst. Fir all dës Gesetzer géif ausserdeem gëllen, dass doran “insgesamt keng strofrechtlech Froe gereegelt ginn”, huet sech d’Anna Lena Göttsche, Professesch fir Familljen-, Kanner- a Jugendrecht op der TH Köln souwéi Cheffin vun der Kommissioun fir Familljen-, Ierf- an Zivillrecht vum Deutschen Juristinnenbund géintiwwer der AFP an enger E-Mail vum 22. Oktober 2024 geäussert. Si huet de verbreeten Narrativ als “eng plomp Lige” bezeechent.
Deem huet de Max Kolter, Jurist a Redakter vum juristesche Fachmedium “Legal Tribune Online” zougestëmmt. Hien huet selwer eppes iwwer d’Selbstbestëmmungsgesetz verëffentlecht. Weeder dëst Gesetz, nach déi sougenannt Gläichstellungsgesetzer geséichen et vir, sexuell Handlunge vu Erwuessene mat Kanner ze entkriminaliséieren, huet hien an enger E-Mail vum 22. Oktober un d’AFP erkläert. Och den Daniel Grein, Gerant vum a ganz Däitschland aktive Kinderschutzbund, huet der AFP den 22. Oktober 2024 a Bezuch op d’Selbstbestëmmungsgesetz geschriwwen: “D’Gesetz geet zu kengem Moment op de Sujet sexuell Gewalt u Kanner an, sou kann och keng Entkriminaliséierung stattfannen.” Dat selwecht géif fir déi sougenannt Gläichstellungsgesetzer gëllen.
Eng Stéchwierdersich an den ugeschwate Gesetzer no Wierder, déi mat der falscher Behaaptung an Zesummenhang stinn, z.B. “Kanner” oder “Pedophilie”, ergouf keng Resultater.
Sexuell Handlungen u Kanner si strofbar
Dat däitscht Strofgesetzbuch reegelt an enger Villzuel vu Paragrafen d’Strofbarkeet vu sexuellen Handlunge vun Erwuessene mat Kanner. Sou sinn dës beispillsweis grondsätzlech strofbar, wann e Kand méi jonk wéi 14 Joer ass. Handelt et sech ëm sougenannt “Schutzbefohlene” (Protegéierter), also beispillsweis Kanner, déi duerch en Erwuessenen oder Erwuessener erzunn oder ausgebilt ginn, si sexuell Handlunge mat hinne bis zu hirer Volljäregkeet verbueden.
Och Kannerpornografie hierzestellen, weiderzeginn oder ze kafen, steet ënner Strof a gëtt am däitsche Strofrecht mat sechs Méint bis zéng Joer Prisong bestrooft. An der Lescht gouf et Diskussiounen doriwwer, dass dat minimaalt Strofmooss fir de Besëtz an d’Verbreedung vu kannerpornografesche Contenuen am Fréijoer 2024 erofgesat gouf. Wéinst der Definitioun, ab wat fir enger Dauer vun der Strof eng Dot als Vergoen oder als Verbrieche gëllt, hu virdru beispillsweis och Elteren domat musse rechnen, strofrechtlech verfollegt ze ginn, wa si pornografesch Contenuen als Warnung un aner Eltere weidergeschéckt hunn.
Fazit: Weeder d’Selbstbestëmmungsgesetz, nach zentral Gesetzer fir d’Gläichstellung an Däitschland thematiséieren d’Stroffräiheet vu sexuellen Handlunge vun Erwuessene mat Kanner. Dat hunn och Expertinnen an Experten der AFP confirméiert. D’Selbstbestëmmungsgesetz, dat den 1. November 2024 a Kraaft triede wäert, reegelt just d’Ännerung vum Geschlecht a vum Virnumm am Etat civil. Den Artikel, deen am Screenshot ofgebilt ass, handelt ausserdeem vun enger ofgeleenter Petitioun iwwer d’Gläichstellung vu sexuellen Identitéiten.
Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.