Scroll Top

Faktencheck: Thailänneschen Zoo versicht Nilpäerd-Boom fir sech ze notzen

Faktencheck: Thailänneschen Zoo versicht Nilpäerd-Boom fir sech ze notzen - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

© RTL Grafik

No der Gebuert vun engem weiblechen Nilpäerd an engem Zoo am Nordoste vun Thailand gouf an de Sozialen Netzwierker eng Foto vun engem Nilpäerdbëbee gedeelt, wou fälschlecherweis behaapt gouf, se géif en neigebuerent Kallef weisen.

D’Bild weist a Wierklechkeet de “Fritz”, en Nilpäerd, dat am August 2022 am Zoo vu Cincinnati am US-Bundesstaat Ohio gebuer gouf.

“Den Numm ‘Hom Daeng’ passt gutt bei et”, heescht et op Thai an engem Deel vun der Bildbeschreiwung vun enger Foto, déi méi wéi 33.000 Mol gedeelt gouf, nodeem se den 30. Oktober 2024 op der Plattform X publizéiert gi war.

D’Foto gouf e puer Deeg virum Enn vun der ëffentlecher Ofstëmmung iwwer den Numm vun engem Nilpäerd gedeelt, dat angeeblech den 13. Oktober am Somdet Phra Srinagarindra Park Zoo an der Provënz Si Sa Ket gebuer gouf (Linken hei an hei archivéiert).

Den Numm Hom Daeng, wat op Thai sou vill wéi “rout Ënn” heescht, huet sech an der ëffentlecher Ofstëmmung géint véier aner Virschléi duerchgesat, wéi den Zoo den 1. November matgedeelt huet (archivéierte Link).

RTL © AFP

Déi selwecht Foto gouf zesumme mat änleche Behaaptunge vun anere Konten op X gedeelt (hei an hei).

Se gouf och um offiziellen X-Account vum “Moo Deng” gedeelt. D’Moo Deng ass en Zwergnilpäerd-Bëbee am Khao Kheow Open Zoo, dës Zort ass vum Ausstierwe bedrot. De Somdet Phra Srinagarindra Park Zoo huet anscheinend versicht, de Reproduktiouns-Succès vum Khao Kheow Open Zoo ze widderhuelen (archivéierte Link).

De Verkaf vun Ticketen am Khao Kheow Open Zoo hu sech zënter der Gebuert vum Moo Deng vervéierfacht. Hir frech Grimassen hunn hir am Internet vill Follower bruecht an et gëtt Merchandise-Artikelen, Memes a souguer Bastel-Tutorials, an deene gewise gëtt, wéi een doheem selwer d’Moo Deng strécken oder e Kuch an der Form vun hir bake kann (archivéierte Link).

D’Bild, dat am Internet am Ëmlaf ass, weist awer net d’Hom Daeng.

Fritz aus dem Cincinnati Zoo

Eng ëmgekéiert Billersich op Google huet zu engem änleche Bild geféiert, dat den 1. September 2022 op dem verifizéierte Facebook-Kont vum Cincinnati Zoo and Botanical Garden gepost gi war (archivéierte Link).

D’Bild, dat fälschlecherweis am Internet verbreet gouf, ass eng Kopie vun der Foto vum Cincinnati Zoo and Botanical Garden.

Ënne gesitt Dir e Screenshot-Verglach tëscht dem falsche Bäitrag (lénks) an der Foto vu September 2022 (riets):

RTL © AFP

“De Fritz ass sou séiss an hie weess et”, heescht et an engem Deel vun der Bildbeschreiwung op der Säit vum Zoo.

Der Internetsäit vum Cincinnati Zoo no gouf de Fritz den 3. August 2022 gebuer an hie krut säin Numm och no enger ëffentlecher Ofstëmmung (archivéierte Link).

De Somdet Phra Srinagarindra Park Zoo huet awer Dosende vu Fotoen a Videoe vum Hom Daeng op senger offizieller Facebook-Säit publizéiert.

RTL © AFP

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.