Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

RTL-Faktencheck: Brennen Elektroautoe méi dacks wéi déi mat Verbrennungsmotor?

46fc4466376d1dfec7fe95c3d02d696e

Author(s): RTL Lëtzebuerg

© RTL Grafik

Ëmmer rëm liest ee vun Elektrogefierer, déi Feier gefaangen hunn. Ënnendrënner da Kommentare wéi “Schonn erëm en Elektro…”.

An den USA gouf dozou rezent eng Etüd vun enger grousser Assurancëgesellschaft duerchgefouert. Deemno sinn Elektroautoe souguer déi, déi am mannsten a Flamen opginn. Pro 100.000 verkaaften Elektroautoen hunn der 25,1 Feier gefaangen. Bei den Autoe mat Verbrennungsmotor sinn et der da schonn 1.529,9 Stéck, déi gebrannt hunn.

Ma proportionell däitlech méi dacks a Flame stinn awer d’Hybridautoen. Pro 100.000 verkaaften Hybridautoen hunn der 3.474,5 Stéck gebrannt. Dat sinn der méi wéi duebel souvill wéi bei Gefier mat Verbrennungsmotor.

Am heefegste brennen dësen Zuelen no also Hybridautoen. Elektroautoe brennen am mannsten a Gefierer mat Verbrennungsmotor leien an der Mëtt.

Dëser Etüd no kann een also kloer soen, dass Elektroautoen net méi dacks brenne wéi Autoe mat Verbrennungsmotor.

RTL © Grafik aus der Etüd vun AutoinsuranceEZ

Wéi ass et zu Lëtzebuerg?

Zu Lëtzebuerg ginn et net esou kloer Statistike wéi déi aus den USA. Zuele vum CGDIS no hunn déi lescht 2 an halleft Joer 317 Gefierer gebrannt oder haten en iwwerhëtzte Motor. Bei 177 vun dëse Gefier ass net bekannt, ob et e Verbrenner, Elektro oder Hybrid war.

136 Gefier, déi zu Lëtzebuerg an de leschten 2 an halleft Joer gebrannt hunn, haten e Verbrennungsmotor. Donieft hunn 3 Elektrogefierer an 1 Hybrid gebrannt.

Aus dësen Zuele kann een awer keng kloer Konklusioun zéien, well nach ëmmer däitlech méi Gefierer mat Verbrennungsmotor op eise Stroossen ënnerwee sinn, wéi Elektro oder Hybrid.

Elektroautoe méi schwéier ze läschen?

Huet en Elektroauto Feier gefaangen, ass dësen däitlech méi schwéier ze läschen, wéi e Feier bei Bensinner oder Diesel. Dat läit un de Lithium-Batterien vun den Elektroautoen, dës sinn nämlech hir eege Brennstoffquell a kënne stonnelaang brennen. D’Lithiumbatterië produzéiere ganz vill Energie an Damp an et kann zu enger Kettereaktioun kommen, wou deen ee Batterieblock deen nächsten ufänkt.

Geläscht ginn Elektroautoen, wéi och Gefierer mat Verbrennungsmotor an der Reegel mat Waasser. D’Schwieregkeet, déi speziell bei den Elektroautoen optrëtt, ass dass d’Pompjeeë méi no un d’Quell vum Brand musse kommen. Dat bedeit, dass d’Pompjeeën direkt un d’Batterie komme mussen, fir d’Feier effikass ze läschen. Op der anerer Säit ass d’Läsche vum Brand bei engem Elektrogefier fir d’Pompjeeë méi geféierlech, well nieft den normale Gefore wéi Damp, Flamen an Hëtzt och nach d’Héichspannung dobäi kënnt. U sech missten d’Pompjeeën hei dann eng méi grouss Sécherheetsdistanz anhuelen. Dëst ass net ëmmer méiglech, vue dass se méi no bei d’Batterie mussen, fir d’Feier ze läschen oder d’Iwwerhëtzung ze killen.

Donieft dass Lithiumbatterië stonnelaang brenne kënnen, kann d’Batterie och nom läsche rëm Feier fänken. Nodeems den initiale Brand geläscht ass, kann d’Gefier vun de Pompjeeën isoléiert weider observéiert ginn. Dat geschitt da mat Kameraen. Esou kënne si direkt reagéieren, wann d’Gefier rëm ufänkt mat brennen. Alternativ dozou kann e Gefier och komplett an d’Waasser getaucht ginn. Bei de Lëtzebuerger Pompjeeë geschitt dëst mat Hëllef vu Containeren.

Eng separat Formatioun fir den Ëmgang mat Elektroautoe mussen d’Pompjeeën zu Lëtzebuerg net absolvéieren. Dofir gëtt de Sujet E-Gefierer direkt an den normale Cours fir d’Pompjeeë mat agebonnen.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.