Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

RTL-Faktencheck: Wat lount sech méi? REVIS oder Mindestloun?

45210bed57475251ccf2b20ad1a3d3c4

Author(s): RTL Lëtzebuerg

© RTL Grafik

Déi aktuell Spritpräisser hunn eng Diskussioun relancéiert, déi ëmmer rëm opkënnt: “Bei deene Präisser lount et sech net méi schaffen ze goen.”

Dëse Kommentar huet ee bestëmmt schonn an de soziale Reseaue gelies oder am Frëndeskrees héieren. Deemno soll de Wee fir op d’Aarbecht mëttlerweil esou deier sinn, dass ee besser huet, doheemzebleiwen.

RTL © Screenshots vu Facebook

Och soll et sech da méi lounen, einfach de REVIS ze kréien, am Plaz schaffen ze goen. Diskussioune ginn et dann och ëm d’Hëllefen, déi da vum Staat lancéiert ginn. Deemno solle Leit, déi de REVIS kréien, esou vill finanziell Ënnerstëtzung ze gutt hunn, dass dat Akommes guer net méi sou wäit vum Mindestloun ewech ass. Deementspriechend si munch Leit der Meenung, et wier guer net der Wäert sech fir déi kleng finanziell Differenz iwwerhaapt midd ze maache mat enger 40 Stonnen-Schaffwoch.

De REVIS ass de Revenu d’inclusion sociale an huet 2019 de Revenu minimum garanti (RMG) ersat.

Unhand vun engem Beispill hu mir d’Rechnung gemaach. Wat lount sech méi? REVIS oder Mindestloun? D’Beispill ass eng Base, déi just d’Akommes a finanziell Ënnerstëtzung an 3 verschiddene Situatiounen opweise soll. D’Hëllefe fir de Logement goufen hei bewosst wechgelooss. Och gouf de Schaffwee mat den entspriechenden Depensë vum Sprit ewechgelooss, well dës vum Auto, dem Trafic an der Distanz ofhängeg sinn. D’Indextranche vum Abrëll 2022 gouf an eise Berechnungen net abezunn.

An eisem Beispill geet et ëm de Max aus de Stad.

De 27 Joer ale Mann huet bis ewell nach ni geschafft a wunnt fir näischt an engem Appartement vu sengen Elteren.

Fall 1: De Max geet schaffen a kritt de soziale Mindestloun

An dësem Fall verdéngt de Max 2.256,95 Euro Brutto de Mount. Dëst ergëtt am Max senger Situatioun en Netto-Akommes vun 1.997,55 Euro. Wéinst sengem gerénge Verdéngscht huet hien d’Recht op eng finanziell Hëllef. Grondsätzlech kann de Max dann d’Allocation de vie chère an d’Allocation de solidarité ufroen. Zousätzlech kritt de Max dann nach d’Energie-Primm, déi viru kuerzem ugekënnegt gouf.

D’Rechnung setzt sech folgendermoossen zesummen:

  • Soziale Mindestloun 23.970,6 Euro d’Joer (Netto)
  • Allocation de vie chère 1.652 Euro d’Joer
  • Energie-Primm 200 Euro d’Joer
  • Allocation de solidarité 345 Euro d’Joer

Dëst ergëtt e Joresakommes vun 26.167,6 Euro Netto, wat all Mount 2.180,63 Euro Netto entspriechen. D’Zomm vun der Allocation de solidarité ass vu Gemeng zu Gemeng ofhängeg.

Fall 2: De Max geet schaffen a kritt de qualifizéierte Mindestloun

An dësem Fall verdéngt de Max 2.708,35 Euro Brutto de Mount. Dëst entsprécht engem Netto-Akommes vun 2.286,58 Euro. Mam qualifizéierte Mindestloun verdéngt de Max schonn ze vill fir eng Allocation de vie chère unzefroen, soumat huet hien och kee Recht op d’Allocation de solidarité. Bei der neier Energie-Primm gouf de Plaffong awer méi héich ugesat. Doduerch kann de Max dës Primm kréien.

D’Rechnung setzt sech folgendermoossen zesummen:

  • qualifizéierte Mindestloun 27.438,96 Euro d’Joer (Netto)
  • Energie-Primm 200 Euro d’Joer

Dëst ergëtt e Joresakommes vun 27.638,96 Euro Netto, wat all Mount 2.303,25 Euro Netto entspriechen.

Fall 3: De Max kritt elo de REVIS

Vue dass de Max eleng lieft, hätt hien e REVIS vun 1.583,6 Euro ze gutt. De REVIS ass steierfräi. Vum REVIS gi just d’Cotisatioune fir d’Krankeversécherung a fir d’Fleegeversécherung of. Wat hei engem Montant vun 58,61 Euro entsprécht. Dat bedeit, dass de Max schlussendlech ronn 1.525 Euro de Mount vum Fond National de Solidarité iwwerwise kritt. Zousätzlech kann de Max eng Partie Subsiden ufroen.

D’Rechnung setzt sech folgendermoossen zesummen:

  • REVIS 18.300 Euro d’Joer
  • Allocation de vie chère 1.652 Euro d’Joer
  • Energie-Primm 200 Euro d’Joer
  • Allocation de solidarité 345 Euro d’Joer

Dëst ergëtt dann e Joresakommes vun 20.497 Euro, wat 1.708,08 Euro de Mount erginn.

Fazit: Schaffe goe lount sech fir de Max

Et stëmmt, dass ee mam REVIS op eng Partie Subsiden zeréckgräife kann an een ouni de Wee op d’Aarbecht och den deiere Spritpräisser entgoe kann. Trotzdeem huet een e gutt Stéck méi Akommes, wann ee schaffe geet, och wann ee just de soziale Mindestloun verdéngt. Dobäi kënnt, dass een och mam Mindestloun op eng Partie Subsiden zeréckgräife kann an dat souguer och mam qualifizéierte Mindestloun.

Fir d’Beispill Max Schmit gëllt Folgendes:

  • REVIS 1.708,08 Euro de Mount
  • Soziale Mindestloun 2.180,63 Euro de Mount (Netto)
  • Qualifizéierte Mindestloun 2.303,25 Euro de Mount (Netto)

Hei sinn d’Subsiden scho mat aberechent.

Deemno huet ee ronn 470 Euro méi Budget de Mount, wann ee fir de soziale Mindestloun schaffe geet, am Plaz de REVIS ze bezéien. Mam qualifizéierte Mindestloun läit Differenz souguer bei bal 600 Euro.

REVIS heescht net doheemsëtzen an näischt maachen

Leit, déi de REVIS kréien, mussen enger Zesummenaarbecht mam ONIS zoustëmmen a sech un en Aktivéierungsplang vum ONIS halen. Den ONIS ass responsabel fir déi sozial Aglidderung. Sou verflicht eng Persoun, déi de REVIS kritt, sech dozou un Aktivitéiten, gemengnëtzege Beschäftegungen, Kueren a Weiderbildungen deelzehuelen. Wann een eng begrenzten Zäit un enger gemengnëtzeger Beschäftegung deelhëlt, huet een dann och Recht op eng zousätzlech finanziell Ënnerstëtzung, déi op der Basis vum soziale Mindestloun ausgerechent gëtt. Zil vun dëse Moossname sinn et, Leit mat REVIS op den Aarbechtsmaart virzebereeden an d’Inclusioun um Marché ze fërderen. Wann déi Betraffen da prett si fir op den Aarbechtsmaart, gi si un d’ADEM weidervermëttelt.

Leit, déi de REVIS kréien an net un den Aktivéierungsmoossnamen deelhuelen, musse mat progressive Sanktioune rechnen. Fir d’éischt kritt een eng schrëftlech Verwarnung, duerno kritt ee wärend 3 Méint 20 Prozent manner REVIS a beim 3. Verstouss kritt een de REVIS fir ganzer 3 Méint entzunn.

An 3 Fäll sinn d’REVIS-Bezéier vum ONIS-Plang ausgeschloss:

  1. Persounen, déi e Kand hunn, Kannergeld bezéien an iwwerhaapt keng Betreiungsméiglechkeet fir d’Kand hunn.
  2. wann een als Fleegepersoun am Kader vun der Fleegeversécherung aktiv ass.
  3. Wann een de Secondaire ofschléisst.


Dës weidere muss ee bedenken, dass een de REVIS a bestëmmte Fäll rembourséiere muss. Dat zum Beispill wann een ierft oder iergendwéi anescht u Sue kënnt, déi een net duerch eng nei Aarbecht verdéngt huet.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.