Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Et geréit kee Mikroplastik aus medezinesche Masken an d’Longen

Faktencheck: Et geréit kee Mikroplastik aus medezinesche Masken an d'Longen - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Mikroplastik ass net eréischt zënter dem Maskendroe wärend der Pandemie e Sujet. Och scho virdru gouf vill doriwwer diskutéiert, wéi dëse Faktencheck vun der AFP weist.

Honnerten Notzerinnen an Notzer hunn d’Behaaptungen zu dëser Etüd op Facebook gedeelt (hei, hei). Och op Telegram hunn iwwer honnertdausend Leit entspriechend Noriichte gesinn.

RTL Facebook-Screenshot der Behauptung: 09.05.2022

Beleet d’Etüd Mikroplastik aus Masken?

Grondlag vun den online gedeelte Behaaptungen ass eng Etüd vun der Hull York Medical School a Groussbritannien, déi den 29. Mäerz 2022 online gestallt gouf. Dora gouf Mikroplastik ënnersicht, deen a mënschlechem Longegeweebe fonnt gouf. D’Prouwe stamen aus Operatioune fir Kriibs ewechzemaachen oder de Longenvolume ze reduzéieren. An der Konklusioun vun der Etüd heescht et, et wäre virun allem Fasere vu Polypropylen a Polyethylenterephthalat fonnt ginn, zwee heefeg benotzt Konschtstoffer.

Schonn op der Websäit vun Hull York Medical School heescht et zur Etüd: “Et goufen zwielef Zorte vu Mikroplastik nogewisen, déi villsäiteg benotzt ginn an heefeg a Verpackungen, Fläschen, Kleedung, Seeler a villen Hierstellungsprozesser ze fanne sinn.” En eendeitegen Ursprong vum Mikroplastik, dee fonnt gouf, gëtt awer net genannt. Gesiichtsmaske goufen an der Etüd och net erwäänt.

Eng Spriecherin vun der Universitéit huet den 9. Mee géintiwwer der AFP en plus erkläert, d’Fuerscher hätten an hirer Etüd d’Benotze vu Gesiichtsmasken net berécksiichtegt. Weider huet si erkläert: “D’Prouwe goufe virun 2020 gesammelt”, also ier d’Droe vu Gesiichtsmasken a Groussbritannien verbreet war. En Zesummenhang zu Gesiichtsmasken ass dohier net novollzéibar.

Keen Indice, fir Zesummenhang tëscht Masken a Gesondheetsgefor

D’AFP huet och d’Bundesanstalt für Arbeitsschutz und Arbeitsmedizin (BAuA) zu der Etüd befrot. Eng Spriecherin huet den 3. Mee an enger E-Mail erkläert: “Et gëtt keng belaaschtend Donnéeën, dass d’Droe vu Masken zu esou staark erhéichte Belaaschtunge féiert, dass se mat enger Gesondheetsgefäerdung verbonne sinn.”

Déi vun der brittescher Etüd erhuewen Donnéeë géifen, opgrond vun enger extrem gerénger Prouwenunzuel a gerénge Réckstänn vun eenzele Partikelen, keen Indice op eng gesondheetlech bedeitend Erhéijung vun der Belaaschtung ginn.

Am Hibléck op de presuméierten Zesummenhang tëscht dem Mikroplastik, dee fonnt gouf, a Kriibs, schreift d’BAuA-Spriecherin: “Dass een a Longengeweebeprouwe vu Kriibspatienten och eenzel Mikropartikel fënnt, ass opgrond vun der extrem gerénger Partikelzuel keen Indice, dass dës Partikelen de Kriibs ausgeléist hunn.”

D’AFP huet och de Friedrich Paulsen, Direkter vum Institut für Funktionelle und Klinische Anatomie op der Universitéit Erlangen-Nürnberg, befrot. Hien huet de 6. Mee erkläert: “Dass iwwer Maske Partikelen ageotemt ginn, ass gutt virstellbar, dass dat awer elo ‘schlëmm Konsequenzen’ huet, bezweifelen ech. Da missten alleguer d’Dokteren, déi och scho virun der Coronazäit reegelméisseg Maske gedroen hunn, krank sinn”.

D’Zuel vun de Prouwen, déi just vun 13 Patientinnen a Patiente geholl goufen, wär ausserdeem extrem geréng, huet de Paulsen betount. An zwee Fäll gouf och guer kee Mikroplastik nogewisen. “Bei Longentumorgeweeben ass natierlech och d’Longengeweebe, dat ronderëm den Tumor läit, net méi 100 Prozent intakt, soudass hei net vun enger gesonder Long auszegoen ass, dat bedeit, dass och d’Ofwiermechanismen net méi 100 Prozent intakt sinn oder d’Depuratiounsfunktioun vun der Long ageschränkt ka sinn”, huet de Paulsen erkläert. En Zesummenhang tëscht dem Droe vu Masken a Kriibserkrankunge wär him net bekannt.

Masken hu schützend Wierkung

Am “Report24”-Artikel heescht et weider, Gesiichtsmaske wären zum Schutz viru Viren “ongëeegent”. D’AFP huet an der Vergaangenheet schonn eng Partie änlech Behaaptungen iwwerpréift (hei, hei).

Eng Etüd vum Max-Planck-Institut für Chemie (MPIC) zu Mainz huet en plus am Mee 2021 gewisen, dass an de meeschten Alldagssituatioune schonn eng einfach OP-Mask de Risiko vun enger Infektioun senke kann. N95- an FFP2-Maske wäre virun allem a vireräiche Banneraim erfuerderlech.

Maske bidden also duerchaus e Schutz virum Coronavirus – virun allem awer schütze se aner Mënsche virum eegenen Otem, dee méiglecherweis kontaminéiert kéint sinn. Am Mee 2020 huet d’Deutsche Gesellschaft für Pneumologie und Beatmungsmedizin (DGP) en Avis publizéiert, déi genee dat beleet.

Och eng Etüd vu Fuerscher vun der Universitéit Pennsylvania an der Universitéit Cambridge kënnt zum selwechte Resultat. Se weist dorop hin, dass et ëmmer méi Beweiser dofir géif ginn, dass “d’Benotze vu Masken d’Iwwerdroung vu SARS-CoV-2 verhënnert”.

Besonnesch FFP-Maske sinn dem BfArM no en effektiivt Mëttel, fir de Schutz virun enger Infektioun. Eng FFP2-Mask misst an Tester méi wéi 94 Prozent vun den Aerosole filteren. Bei FFP3-Maske wären et souguer 99 Prozent. E Rapport vum Europäeschen Zenter fir Preventioun a Kontroll vu Krankheeten (ECDC) weist dorop hin, dass esou Maske wesentlech méi deier wären. Déi enk Passform kéint en plus als onangeneem empfonnt ginn an Hautprobleemer géifen och méi heefeg optrieden. Den zousätzlechen Notze vun FFP-Maske baussent dem Gesondheetswiese gëtt vum ECDC allerdéngs als geréng beschriwwen.

Déi däitsch Gesellschaft fir Aerosolfuerschung huet an engem Positiounspabeier zu deem Thema erkläert: “Keng Mesure ka fir sech eleng funktionéieren!” D’Droe vu Maske wär dowéinst als Deel vun e puer Mesuren ze verstoen, déi den Infektiounsrisiko senke kënnen.

Plastik an der Liewensmëttelindustrie brauch nach Fuerschung

Zulescht gëtt am Artikel vu “Report24” duergestallt, dass och den an der Liewensmëttelindustrie benotzte Plastik héichproblematesch wär.

Allerdéngs heescht et zanter 2021 op der Websäit vum däitschen Ëmweltministère (BMUV): “Dem aktuelle Wëssensstand no ginn déi Europäesch Autoritéit fir Liewensmëttelsécherheet an dat däitscht Bundesinstitut für Risikobewertung dovun aus, dass vu Mikroplastikpartikelen a Liewensmëttel keng gesondheetlech Risike fir de Mënsch ausginn.”

Et géif een dovun ausgoen, dass Mikroplastikpartikelen zum gréissten Deel nees aus dem Kierper ausgescheet géife ginn. Fir eng ofschléissend Risikobewäertung bräicht et dem BMUV no awer weiderer Fuerschung.

De Lebensmittelverband Deutschland huet mam Stand vum 31. Oktober 2018 geschriwwen: “No géigewäertegen Erkenntnesser, gëtt et awer keng Unhaltspunkte fir gesondheetlech Risiken duerch d’Opnam vu Mikroplastik duerch d’Konsuméiere vu Liewensmëttel.”

Fir den tatsächleche Risiko vu Mikroplastik an der Ernierungsketten ze bewäerten, wäre fiabel Donnéeën néideg. Plastik a Plastikproduite wären awer fir “de Gewënn, d’Veraarbechtung an d’Vermaartung vu Liewensmëttel” essentiell.

Och dat däitscht Umweltbundesamt huet 2019 geschriwwen: “Opgrond vu mangelnden Donnéeë kann eng zesummefaassend Bewäertung vun der Wierkung vu Mikroplastik op déi intestinal Barrière souwéi eng ofschléissend gesondheetlech Risikobewäertung zum jëtzegen Zäitpunkt net gemaach ginn.”

De President vum Bundesinstituts für Risikobewertung (BfR), den Andreas Hensel, huet 2019 op der Websäit vum Institut erkläert: “Grondsätzlech ka Mikroplastik an d’Ernierung geroden”. Wëssenschaftlech Hiweiser dorop, dass Mikroplastik a Liewensmëttel e gesondheetleche Risiko duerstellt, géifen zu deem Zäitpunkt net virleien.

Och den TÜV Süd verweist op d’Aschätzung vum BfR an erkläert weider: “Mat méi Fuerschung solle Wëssenslacunnen iwwer Partikelgréisst, de Gehalt a Liewensmëttel wéi och iwwer d’Wierkung op déi mënschlech Gesondheet erschloss ginn.”

D’AFP huet och “Report24” mat de Resultater vun dësem Faktencheck konfrontéiert. Eng Réckmeldung ass bis zur Publikatioun vum Artikel net agaangen.

Fazit: Nee, dës Etüd weist keen Zesummenhang tëscht Mikroplastik, deen an der Long fonnt gouf a Gesiichtsmasken. Esou eng Verbindung gëtt an der Aarbecht net hiergestallt. Déi zoustänneg Universitéit huet betount, d’Longenprouwe wiere virum Ufank vun der Pandemie gesammelt ginn. E Beweis, fir d’Gefor vu Mikroplastik am Kierper, steet och nach ëmmer aus.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.