Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Et gëtt keng nei Militärallianz tëscht Russland an eelef Staaten

Faktencheck: Et gëtt keng nei Militärallianz tëscht Russland an eelef Staaten - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

En halleft Joer dauert déi russesch Attack op d’Ukrain mëttlerweil schonn. Zënter Enn Juli zirkuléiere Rumeuren a sozialen Netzwierker, Russland hätt mat eelef anere Staaten eng nei Militärallianz gegrënnt. Deem ass awer net esou, wéi d’AFP erausfonnt huet.

Honnerten Userinnen a User hunn Enn Juli déi angeeblech Meldung zu enger neier russescher Militärallianz op Facebook gedeelt. Och op dem russesche sozialen Netzwierk “vk.com” gëtt dëse Bäitrag verbreet.

RTL Facebook-Screenshot der Behauptung: 24.08.2022

De russeschen Ausseminister Lawrow huet New Delhi zulescht den 1. Abrëll 2022 besicht, wéi och d’AFP gemellt hat. Op senger Rees hätt de Lawrow déi indesch Haltung zum Krich an der Ukrain gelueft, well d’Land déi russesch Attack net offiziell verurteelt huet. Bei enger Ofstëmmung an der UN-Vollversammlung iwwer d’Verurteelung vu Russland wéinst dem Krich an der Ukrain Ufank Mäerz 2022 huet sech Indien enthalen. D’AFP hat weider gemellt, den indeschen Ausseminister Subrahmanyam Jaishankar hätt allerdéngs d’Noutwennegkeet vun der Astellung vun der Gewalt an en Enn vun de Feindséilegkeeten an der Ukrain betount. Aussoen iwwer eng Militärallianz, déi beim Besuch vum Lawrow an d’Liewe geruff gi wär, fanne sech awer net.

Russesch Botschaft dementéiert Bündnis

Fir d’Iwwerpréiwung vun der Behaaptung, Russland hätt eng militäresch Verdeedegungsallianz mat eelef weidere Staate gegrënnt, huet d’AFP déi russesch Botschaft an Däitschland kontaktéiert. Aus dem Departement fir Kommunikatioun huet et de 24. August 2022 geheescht, et géif sech bei deem Bäitrag ëm eng Fakenews handelen: “Esou Ofkommesse goufen net ënnerschriwwen.”

Dobäi huet d’Ambassade op d’Matdeelunge vum russeschen Ausseministère iwwer dem Lawrow säi Besuch an Indien verwisen (hei, hei, hei). Doran heescht et den 1. Abrëll 2022, de Lawrow hätt Verhandlunge mam indeschen Ausseminister geféiert a sech iwwer “d’Situatioun an der Ukrain” ausgetosch. Béid Säiten hätten en Intressi un enger Stäerkung vun der strategescher Partnerschaft vu béide Staate betount. En neit Militärbündnis kënnt doran net vir. Den Ausseminister Lawrow huet just dovu geschwat, dass béid Staate weiderhi “Projeten an de Beräicher Energie, Wëssenschaft an Technologie, Weltraum a Pharmaindustrie” duerchféiere géifen.

Och an der Matschrëft vun enger Pressekonferenz no de Verhandlunge gëtt net vun engem däraartege Bündnis geschwat. Allerdéngs gouf eng scho bestoend bilateral Zesummenaarbecht am “Militärberäich” ernimmt, sou zum Beispill d’Liwwerung vu russescher Militärtechnik an Indien. Schonn zënter Jore melle  Medien ëmmer nees vun indesche Geschäfter mat Russland a Saache Militärequipement (hei, hei, hei).

Den indeschen Ausseministère huet och eng Rei Matdeelungen iwwer de Besuch vum Lawrow verëffentlecht (hei, hei). Dora fënnt sech allerdéngs keng Ernimmung vun enger neier Militärallianz.

Eng Ufro vun der AFP un déi staatlech russesch Noriichtenagence Tass, déi am Facebook-Bäitrag ernimmt gëtt, blouf bis zur Verëffentlechung vun dësem Faktencheck ouni Äntwert.

D’Agence hat den 1. Abrëll 2022 iwwer dem Lawrow seng Visitt an Indien geschriwwen. Den 19. Abrëll 2022 huet d’Agence eng Meldung publizéiert, no där de Lawrow Indien ugekënnegt hätt, am Beräich vun der Verdeedegung alles liwweren ze kënnen, wat Indien wënsche géif.

Fir dat besser anuerdnen ze kënnen, huet d’AFP zousätzlech de Stefan Meister vun der Deutschen Gesellschaft für Auswärtige Politik kontaktéiert. De Meister huet de 16. August erkläert, eng nei Allianz géif et senges Wëssens no net. Och dass esou en Ofkommes beim Lawrow senger Visitt an Indien ënnerzeechent gi wär, ass dem Meister net bekannt. “Ech halen dat fir eng Falschmeldung.”

Och bei de viregte Visitte vum Lawrow an Indien wäre keng esou Ofkommessen ënnerzeechent ginn. Et géif awer aner Bündnisser, an deene Russland Member wär, sot de Meister: Zum engen d’Organisatioun vum Vertrag vu Kollektiver Sécherheet (OVKS), eng Militärallianz vu postsowjetesche Staaten, an d’Shanghaier Organisatioun fir Zesummenaarbecht (SOZ), déi als Sécherheetsallianz gegrënnt gi wär.

Wéi d’OVKS op hirer Websäit ugëtt, besteet d’Allianz schonn iwwer knapp 30 Joer. Mat enger aktueller Grënnung ka si dohier net am Zesummenhang stoen. Membere vun der Allianz si Russland, Belarus, Kasachstan, Kirgisistan, Tadschikistan an Armenien.

D’SOZ gouf schonn 2001 gegrënnt, wéi de wëssenschaftlechen Déngscht vum däitsche Bundestag dokumentéiert, och wäit virum Lawrow senger Visitt an Indien. Membere si China, Russland, Indien, Pakistan, Kasachstan, Kirgisistan, Tadschikistan an Usbekistan. D’Organisatioun hätt sech à la base op d’sécherheetspolitesch Zesummenaarbecht an de Grenzregioune vun de Memberstaate fokusséiert. Mëttlerweil géifen awer och Wirtschaft, Handel an déi regional Stabilitéit eng Roll spillen. Et géif och Staaten mam Status vun Observateure ginn, dorënner Belarus an Iran, souwéi Dialogpartner, dorënner Aserbaidschan an Armenien.

Fazit: Déi russesch Botschaft an Däitschland an en Expert vun der Deutschen Gesellschaft für Auswärtige Politik hunn déi vermeintlech Noriicht vun enger neier Militärallianz tëscht Russland an eelef weidere Staaten eng Falschmeldung genannt. An de Meldunge vun den indeschen an russeschen Ausseministèren iwwer dem Lawrow seng lescht Visitt zu New Delhi stoung och näischt Entspriechendes dran.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.