Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Goufen an Australien Puppelcher vu géint Covid-19 geimpften Elteren ouni Immunsystem gebuer?

Faktencheck: Goufen an Australien Puppelcher vu géint Covid-19 geimpften Elteren ouni Immunsystem gebuer? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

An de leschte Woche wären am Südoste vun Australien “massenhaft” Puppelcher “ouni Immunsystem” op d’Welt komm, behaapte viral Publikatiounen a sozialen Netzwierker, déi versécheren oder undeiten, dass et sech dobäi ëm “d’Nowierkunge vun der Impfung” géint Covid-19 bei den Elteren handelt. Wat huet et domat op sech?

“Massenhaft Gebuerte vu Bëbeeën ouni Immunsystem an Australien! All Woch kommen Dausenden an d’Klinick. Transparenz a Wourecht iwwer d’Ursaache vun dëser schrecklecher Affär, séier!”, warnt de President vun der Partei Les Patriotes Florian Philippot a Bäiträg op Twitter a Facebook, déi zanter dem 3. Juli bal 3.000 Mol gedeelt goufen, a verweist op en Artikel vun der brittescher Dageszeitung Daily Mail.

RTL Capture d'écran du site Planetes360, prise le 15/07/2022

Änlech Behaaptunge goufen och an de sozialen Netzwierker a finnescher Sprooch verbreet. Se verbreede sech, wärend den australesche Bundesstaat New South Wales (dee sech den Ament an der Wantersaison befënnt) an de leschte Wochen eng Hausse vu Fäll vum Humane Respiratoresche Synzytial-Virus (RSV) ze verzeechnen huet, engem wäit verbreete Virus, dee gewéinlech am spéiden Hierscht an am Wanter optrëtt an d’Otemweeër infizéiert.

RSV-Fäll an New South Wales

D’Transmissioun vun RSV gëtt “bei kalem a fiichte Wieder begënschtegt”, heescht et am medezineschen Dictionnaire Vidal. Eng RSV-Infektioun “kann net unhand vu Symptomer vun anere viralen Otemwee-Infektiounen ënnerscheet ginn”, schreift déi finnesch Gesondheetsagence op enger Websäit iwwer de Virus. D’Infektioun ass an der Reegel duerch eng Nues déi leeft, Halswéi a méiglecherweis Féiwer gekennzeechent.

Bei klenge Kanner, eeleren oder vulnerabele Persoune kann RSV och Infektioune vun den ënneschten Otemweeër, eng Bronchiolite oder eng Longenentzündung ausléisen, wéi op der Websäit vum Ministère fir Solidaritéit a Gesondheet bemierkt gouf.

New South Wales huet an de leschte Wochen eng Hausse vu Fäll vun enger Rei Viren (Gripp, Covid-19 a Respiratoresche Synzytial-Virus) verzeechent, wéi et de 4. Juli op der Informatiounssäit vun der Regierung stoung. Och an diversen australesche Medie gouf doriwwer bericht (1,2).

De jéngste wëchentleche Rapport vun der Regierung vun New South Wales iwwer d’Observatioun vun Otemweevire constatéiert awer, dass “d’Zuel vun de Fäll mat Respiratoreschem Synzytial-Virus an dëser Woch zeréckgaange ass” (vum 2. op den 9. Juli, Um. v. d. Red.).

Den Experten no, déi vun der AFP kontaktéiert goufen, ass d’Hausse vun den RSV-Fäll an Australien dorop zeréckzeféieren, dass kleng Kanner wärend de sanitäre Restriktiounen, déi duerch Covid-19 bedéngt waren, dem Virus just wéineg oder guer net ausgesat waren. Zum aktuellen Zäitpunkt gëtt et keng Hiweiser dorop, dass déi erhéichten Zuel vu gemellten RSV-Fäll op d’Impfung zeréckzeféieren ass. En plus kann de Covid-Impfstoff, deen en Elterendeel gesprëtzt krut, d’Immunitéit vum Puppelchen net beanträchtegen, soten eng Partie Fuerscher der AFP.

Wat steet am Artikel vun der Daily Mail?

Den Artikel gouf den 28. Juni 2022 publizéiert an dréit den Titel “Pandemic babies’ with no immunity are ending up in intensive care across Australia with respiratory illnesses” (op Lëtzebuergesch “Pandemie-Puppelcher ouni Immunitéit befanne sech an Australien op der Intensivstatioun wéinst Otemweekrankheeten”).

Weider huet et am Artikel geheescht, dass “den dräifachen Ugrëff vun RSV, Gripp a Covid d’Urgence vum Westmead Kannerspidol zu Sydney iwwerschwemmt huet” an dass “en Alarm ausgeléist gouf”, wéi déi wëchentlech RSV-Fäll dräi Woche méi spéit vun “355” op “3.775” geklomme sinn.

RTL Capture d'écran de l'article du Daily Mail, prise le 07/07/2022

Déi wëchentlech Iwwerwaachungsrapporte vun Otemweeviren aus New South Wales confirméieren, dass d’Fäll vun RSV, déi tëscht Enn Mee an Enn Juni gemellt goufen, zougeholl hunn. An der Woch bis den 19. Juni goufen insgesamt 3.775 RSV-Fäll gemellt, am Verglach mat 1.862 Fäll dräi Woche virdrun.

“D’Zuel vun de Meldungen an den Urgencë wéinst Bronchiolitten, enger klinescher Diagnos bei Puppelcher, déi am Allgemenge mat RSV associéiert ass, ass weider geklommen: 695 Meldunge wéinst Bronchiolitte bei Kanner am Alter vun 0 bis 4 Joer géintiwwer 627 Meldungen an der Woch virdrun. Dovu goufe 40% hospitaliséiert”, huet et och am Wocherapport vum 19. Juni geheescht.

D’Zuel vun 355 am Daily-Mail-Artikel entsprécht awer net de registréierten RSV-Fäll, mee den “Noutfäll wéinst Bronchiolitie” an der Woch bis de 14. Mee, sou den Iwwerwaachungsrapport vun New South Wales zu dësem Zäitpunkt. An där Woch goufe 766 Fäll vun RSV-Infektioune gemellt.

RTL Capture d'écran du rapport hebdomadaire de surveillance des virus respiratoires de Nouvelle-Galles du Sud, pour la semaine se terminant le 15 mai 2022, prise le 15/07/2022

Ausserdeem ass et ierféierend, dass déi genannt Puppelcher “ouni Immunsystem gebuer” goufen, wéi et an de sozialen Netzwierker ënner Beruffung op den Artikel an der Daily Mail behaapt gëtt. Am éischte Paragraf heescht et, dass “eng besuergneserreegend Zuel vu ‘Pandemie-Bëbeeën’, déi net géint Otemweeviren immun sinn, ganz schwéier krank ginn.”

Mat anere Wierder, dës Puppelcher ware géint bestëmmt Viren, RSV inclus, net immun, awer dat bedeit net, dass se keen Immunsystem hätten, dat all d’Organer, d’Geweebe an Zellen ëmgëtt, déi de Kierper an d’Situatioun versetzen, sech selwer ze verdeedegen. Wann deem esou wär, wären d’Konsequenzen nach vill méi grav.

“Wann hiren Immunsystem ‘zerstéiert’ wär, wat och ëmmer dat heesche soll, da wär den RSV déi klengste Suerg”, huet den Dominic Dwyer, Klinickprofesser fir Immunologie an Infektiounskrankheeten op der Universitéit vu Sydney, der AFP matgedeelt.

RTL Principaux composants et fonctionnement du système immunitaire ( AFP / John SAEKI)

Ausserdeem gëtt am Artikel vun der brittescher Zeitung net gesot, dass d’Impfung vun den Eltere géint Covid-19 Auswierkungen op d’Immunitéit vun de Puppelcher hätt, wéi verschidden Internetnotzer behaapten. Hien erkläert villméi, dass d’Puppelcher, ëm déi et hei geet, rezent mat Otemweevire wéi RSV (awer och d’Gripp) konfrontéiert gi wären, mat deene si virdrun nach ni a Kontakt gewiescht wären.

“Mir hu keng Beweiser dofir”, dass d’Hausse vun RSV-Fäll op d’Zerstéierung vun der Immunitéit vun de Puppelcher duerch d’Impfunge vun den Elteren zeréckzeféieren ass”, sot d’Jessica Rubinchtein, Spriecherin vum Netzwierk vun de Kannerspideeler zu Sydney, zu deem och d’Westmead-Kannerspidol gehéiert, den 8. Juli géintiwwer der AFP.

Keng Preuve fir e Lien tëscht den Impfungen an der Augmentatioun vun RSV-Fäll

Den Informatioune vun dräi Spezialisten no, déi vun der AFP befrot goufen, gouf et et de 15. Juli 2022 kee Beweis fir en Zesummenhang tëscht der Hausse vun RSV-Fäll aus de leschte Wochen an der Covid-19-Impfung.

Sou wär et “absolut net” wouer, ze behaapten, dass d’Immunitéit vu Puppelcher zerstéiert géif ginn, well hir Eltere géint Covid-19 geimpft wären, sot den Ian Barr, stellvertriedenden Direkter vum WHO-Zenter fir Referenz- an Influenzafuerschung an Honorarprofesser fir Mikrobiologie an Immunologie op der Universitéit Melbourne, den 12. Juli der AFP. “All d’Puppelcher si méi ufälleg fir Infektioune wéi Erwuessener, well hiren Immunsystem nach am Opbau ass a sech un de Kontakt mat Viren, Bakterien an anere Krankheetserreeger upasst”, huet hien erkläert.

An e puer Fäll kann “déi transplazentar Iwwerdroung vun Antikierper [duerch d’Membran vun der Plazenta, Um. v. d. Red.] stattfannen an dat Neigebuerent an den éischte Liewensméint schützen, ier et op Krankheetserreeger trëfft, mee dat hänkt dovun of, ob d’Mamm selwer en héijen Niveau vun Antikierper huet an dës si just generéiert, wa si infizéiert war oder geimpft ass. Niewebäi existéiert nach kee Vaccin géint RSV. Wann also d’Mamm a leschter Zäit net selwer mat RSV konfrontéiert war, wäert den Niveau vun Antikierper, deen op d’Kand iwwerdroe gëtt, niddreg sinn an d’Kand warscheinlech net virun enger RSV-Infektioun schützen”, füügt de Fuerscher dobäi.

“Et gëtt kee Beweis dofir, dass den Immunsystem vun engem Puppelchen op iergendeng Manéier duerch d’Impfung vu sengen Elteren oder besser gesot vun der Mamm negativ beaflosst gëtt, déi iwwregens näischt mam Papp ze dinn huet. Am Géigendeel, den Immunsystem ass besser, well de Bëbee en Deel vun de protegéierenden Antikierper vun der Mamm dréit”, huet den Dominic Dwyer betount.

Och den Anthony Byrne, Fuerscher um Gebitt vun Otemwee-Infektiounen an associéierte Professer op der Universitéit vun New South Wales, huet den 13. Juli verséchert, dass “keng Wourecht” an de Behaaptungen iwwer eng Inexistenz vum Immunsystem bei Puppelcher, déi no der Impfung vun hiren Eltere gebuer goufen, léich. Hien huet och gemengt, dass d’Behaaptungen “aus immunologescher Siicht kee Sënn hätten”.

D’Immunitéit, déi d’Leit duerch e Covid-Impfstoff kréien, féiert net zu enger méi gerénger Immunitéit géint RSV. Dat mécht einfach kee Sënn, den Immunsystem ass héichspezifesch fir Millioune vu verschiddenen Antigeenen. D’Immunitéit géint e Virus mécht d’Immunitéit géint en aneren net méi kleng“, huet de Fuerscher zesummegefaasst.

Puppelcher waren dem Virus wärend de sanitäre Restriktiounen net ausgesat

Den Ian Barr mengt, dass zënter dem Ufank vun der Pandemie “vläicht net méi Kanner dem RSV ausgesat waren, wéi si dat normalerweis gewiescht wären, wat d’Situatioun an dësem Joer nach verschlëmmert huet.” Ausserdeem wär den RSV, deen am Zäitraum 2020-2021 zirkuléiert ass, bal ausschliisslech dem Subtyp A zouzeuerdnen, wärend am Joer 2022 béid RSV-Subtyppen an Australien ënnerwee sinn. “Kanner kéinten och méi ufälleg fir RSV B sinn, well et an Australien zanter bal dräi Joer net staark verbreet ass.”

Den Dominic Dwyer schléit déi selwecht Erklärung vir. Wärend de Restriktiounsmesuren am Zesummenhang mat Covid-19 wären typesch Wantervire wéi RSV “zum groussen Deel verschwonnen”. Awer “wéi d’Gesellschaft nees zu enger normaler wirtschaftlecher a kommerzieller Situatioun zeréckkoum an nees gereest ass, sinn d’Viren nees opgetrueden. Well d’Vire fir eng gewëss Zäit verschwonne waren, huet d’Immunitéit vun de Mënsche géint dës Viren ofgeholl, well si net infizéiert waren. Dat betrëfft virun allem schwanger Fraen an hir Kanner an dëser Zäit”, huet hien zesummegefaasst.

“D’Hausse vun den RSV-Fäll ass warscheinlech dorop zeréckzeféieren, dass an Australien an dësem Wanter méi viral Otemweeinfektiounen opgetruede sinn, verbonne mat vill méi sozialen Interaktioune wéi an de leschten zwee Joer”, füügt den Anthony Byrne dobäi. Senger Meenung no gëtt et an dësem Joer och eng gréisser Disponibilitéit an e besseren Accès zu Fréierkennungstester, déi eng breet Detektioun erméiglecht hunn, well vill Laboen a Spideeler Tester op Covid-19 mat deene fir Gripp, RSV an aner Otemweevire kombinéieren.

RTL Un nouveau-né attrape le doigt de sa mère le 17 septembre 2013 à l'hôpital de Lens, dans le nord de la France ( AFP / PHILIPPE HUGUEN)

Vaccin, deen den Eltere gesprëtzt gëtt, beanträchtegt d’Immunitéit vum Kand net

“De Vaccin, deen der Mamm gesprëtzt gouf, schwächt den Immunsystem vum Kand net. Am Géigendeel, wann eng schwanger Mamm beispillsweis e Vaccin géint d’Gripp kritt, ginn d’Antikierper, déi vum Kierper vun der Mamm produzéiert ginn, iwwer d’Plazenta op de Fötus iwwerdroen a schützen d’Kand no der Gebuert virun enger Gripp. Duerno verschwannen d’Antikierper lues a lues”, huet d’Anu Kantele-Häkkinen, Professesch fir Infektiounskrankheeten op der Universitéit Helsinki, de 5. Juli géintiwwer der AFP erkläert.

Zënter dem Ufank vun der Impfcampagne géint Covid maachen an de sozialen Netzwierker vill ierféierend an onbegrënnt Behaaptungen iwwer presuméiert Geforen d’Ronn, déi mat der Impfung vu Schwangere verbonne sinn. D’AFP huet schonn e puer Mol änlech Behaaptungen iwwerpréift. Am November 2021 huet se e Video analyséiert, an deem en Dokter behaapt huet, d’Klinicken am Québec wäre mat kranke Bëbeeën iwwerfëllt, well se wärend der Schwangerschaft duerch d’Antikierper vun hire Mamme géint Covid-19 geimpft gi wären. Am Mee 2022 gouf et weider onbegrënnt Behaaptungen am Zesummenhang mat der Verbreedung vun de “Pfizer-Dokumenter”, dass eng Impfung vu schwangeren oder Mammen, déi nieren, eng eescht Gefor fir Puppelcher duerstelle géif (hei, hei).

D’AFP huet och eng Rei vu Behaaptungen iwwerpréift deenen no Covid-19-Impfstoffer den Immunsystem schiedegen. Enn 2021 gouf a Berichter fälschlecherweis behaapt, dass Impfstoffer HIV-Infektiounen ausléise géifen, an zwar op der Basis vu britteschen oder däitschen Donnéeën. Am Januar 2022 waren et mëssverstanen Äusserunge vun engem Responsabele vun der Europäescher Medikamentenagence, déi eng Rei Internetnotzer zu der Behaaptung verleet hunn, Impfunge géifen den Immunsystem schwächen.

Säit dem Ufank vun der Covid-19-Pandemie huet d’AFP – Stand 15. Juli 2022 – méi wéi 780 Verifizéierungsartikelen a franséischer Sprooch verfaasst, déi sech mat Covid-19 beschäftegen.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.