Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Musekvideo ass keng Inzenéierung vu russeschen Attacke fir d’Medien

Faktencheck: Musekvideo ass keng Inzenéierung vu russeschen Attacke fir d'Medien - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

E Musekvideo, deen am Bësch gefilmt gouf, ass an de sozialen Netzwierker mat der falscher Behaaptung am Ëmlaf, e géif d’Simulatioun vun engem Schallwaffen-Ugrëff op en ukraineschen Zaldot weisen. Angeeblech wär d’Zeen inzenéiert ginn, fir déi russesch Zaldoten ze beschëllegen, si géife psychologesch an akustesch Waffen asetzen.

De Video gëtt am Kontext vum Krich an der Ukrain, deen am Februar 2022 ugefaangen huet, gedeelt. Dëse Krich gëtt wéinst senger wäitreechender Diffusioun vu Propaganda a sozialen Netzwierker och als “Informatiounskrich” bezeechent. Fir d’Perceptioun vum Krich an der Gesellschaft ze verzerren, ginn ënnerschiddlech Strategië benotzt. Eng dovun ass et, Videoe vun erkennbar kënschtlereschen Aktiounen als vermeintlech Desinformatiounscampagnen, déi opgedeckt goufen, duerzestellen. A sozialen Netzwierker ginn dës dann als vermeintlech Fake-Produktioune fir Medie gedeelt. D’AFP huet dës Method, déi ëmmer nees benotzt gëtt, schonn e puer Mol am Zesummenhang mam Krich an der Ukrain (hei, hei, hei) a mat der Corona-Pandemie iwwerpréift.

De Video iwwer déi angeeblech Schall-Attack, deen aktuell am Ëmlaf ass, gouf mat der falscher Behaaptung vun honnerte User a sozialen Netzwierker gedeelt. E puer Dosen op Facebook, Honnerten op Twitter an op Telegram huet d’Behaaptung iwwer zéngdausend Leit erreecht. Änlech Behaaptunge goufen och op Englesch, Hollännesch a Bulgaresch diffuséiert.

RTL Screenshot der Behauptung auf Facebook: 27.10.2022

Video weist Schauspiller bei engem Dréi vu Museksvideo

Den aktuell gedeelte Video weist e Mann an ukrainescher Arméiuniform, dee sech qualvoll de Kapp hält a jäizt. Virun him ass eng Kamera ze gesinn.

D’AFP huet mat Hëllef vun enger ëmgedréinter Billersich versicht, den Ursprong vum Video ze fannen, huet dës Kéier awer keng relevant Resultater fonnt. Den Ursprong vum Video léisst sech allerdéngs mat der Hëllef vun engem Hiweis am Bild ermëttelen: Ënnert dem TikTok-Logo steet “user4775478401030“.

Bei deem User handelt et sech ëm e “Piter Smog”, deen och aner Videoe vu sech an Arméiuniform an och virun der Kamera gepost huet. An engem vun de Videoe vum 15. Oktober 2022 erkläert hien an Uniform a mat Konschtblutt beschmiert op Russesch: “Dat ass alles Kino. […] awer sou ass et och an der Realitéit. Gott sief mat eis.”

Dass hie Schauspiller ass, bestätegt hien och an engem anere Video vu Mëtt Oktober, an deem hie sech och als Petr Scherekin virstellt. Doran erkläert hien op Russesch, dass déi gedeelt Zeen, déi vun him gespillt  a spéider als “Backstage-Opnam” gedeelt gouf, mam ukraineschen Zaldot, dee knéit a jäizt, vu “russesche Propagandiste” benotzt gi wär. Déi vun him beschriwwe Behaaptung zu sengem Video gläicht der däitscher.

A Wierklechkeet weist de Backstage-Video allerdéngs Opnamen zu engem Musekvideo iwwer de Krich an der Ukrain, huet hien erkläert. Schonn de 14. Oktober huet de Sherekin e YouTube-Video an Uniform publizéiert, an deem hien d’Dréiaarbechten erkläert an och d’Sängerin Anna Khanina gewisen huet.

De Sherekin huet dat och de 26. Oktober 2022 der AFP confirméiert. Hie sot ausserdeem: “Dat ass eng bëlleg Fake-Uniform, déi sech net méi laang wéit 24 Stonne gehalen huet.”

D’AFP huet och d’Sängerin vum Lidd “Lullaby” aus dem Musekvideo, d’Anna Khanina, kontaktéiert. Si huet d’Recherche vun der AFP de selwechten Dag bestätegt. De Video wär den 13. Oktober 2022 opgeholl ginn. Si huet ausserdeem erkläert: “Net all Opnamen, déi gedréit goufen, goufen an de Video opgeholl. Natierlech gëtt et, wéi bei all anerem Dréi, méi Material.”

Eng ganz änlech Zeen, wéi déi, déi op Facebook gedeelt gouf, ass trotzdeem am Musekvideo, deen den 22. Oktober publizéiert gouf, ze gesinn.

 

An engem russeschsproochege Lidd séngt eng Mamm hirem Jong e Schloflidd iwwer de Krich. D’Lidd geet och iwwer säi Papp, deen als Zaldot un der Front ass. De Musekvideo weist dozou en ukraineschen Zaldot am Bësch.

D’Sängerin Khanina sot der AFP iwwer d’Entstoe vum Lidd: “Ech hunn um eegene Läif gespuert, wat Mënsche fillen, wa si benotzt ginn. Mäin Haus an d’Haiser vu ville Bierger goufe bombardéiert, ech hu mäi Mann, wéi vill anere Fraen och, mat Tréinen an Hoffnungen an de Krich geschéckt.” D’Khanina wär allerdéngs net d’Autorin vum Lidd: “Mäi Mann huet den Text zu dësem Lidd geschriwwen.”

Kampf ëm Informatiounen a Russland

De Kampf ëm d’Interpretatiounsrecht vun Informatiounen iwwer den Ukrain-Krich existéiert net just a sozialen Netzwierker, mä och a Russland. Do gi kritesch Protester a Medien ënnerdréckt. Vill onofhängeg Aarbechter aus der Mediewelt sinn an d’Ausland geflücht.

Fazit: D’Behaaptung, de Video vun engem leedenden ukraineschen Zaldot, deen op Facebook am Ëmlaf ass, géif den inzenéierten Asaz vu Schallwaffe géint en ukraineschen Zaldot weisen, ass falsch. De Video weist en Dréi fir e Musekvideo. Dat hunn de Schauspiller aus dem Video an d’Sängerin vum Lidd der AFP géintiwwer confirméiert.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.