Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Weist dës Foto 1.500 Privatjetten um Weltwirtschaftsforum zu Davos?

Faktencheck: Weist dës Foto 1.500 Privatjetten um Weltwirtschaftsforum zu Davos? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Enn Mee 2022 gouf de Weltwirtschaftsforum no zwee Joer Corona-Paus nees zu Davos organiséiert. Fir dës Editioun waren nees vill Leit mam Fliger ugereest; mee waren et wierklech 1.500 eenzel Flich?

Honnerten Notzerinnen an Notzer hunn zënter Enn Mee 2022 en Artikel vun der rietser Plattform “Unser Mitteleuropa” op Facebook gedeelt, deen dës Foto als Titelbild benotzt. Op Telegram hunn iwwer zéngdausend Leit d’Foto mat der Behaaptung gesinn. Och op Twitter hunn Dosenden de Bäitrag gedeelt.

D’Behaaptung: “Davos: ‘Klima-Schützer’ fléie mat 1.500 (!) Privatjetten an”, steet bei enger Foto, déi eng Rei Fligere vun uewen op enger Landepist weist. Dozou heescht et: “Déi politesch-korrekt Show um World Economic Forum (WEF) zu Davos. Wärend d’Leadere vun der Welt iwwer Klima braddelen, dat angeeblech duerch CO2 bedréit ass, si se selwer iwwer zeg-dausende Kilometer aus aller Welt mam Privatjet ugereest.”

RTL Facebook-Screenshot der Behauptung: 20.06.2022

De Weltwirtschaftsforum (WEF) organiséiert all Joer en Treffen am schwäizereschen Davos. De Forum vun dësem Joer gouf vum 22. bis de 26. Mee organiséiert. Ënner de Participantë waren zuelräich héichrangeg Gäscht wéi den däitsche Bundeskanzler Olaf Scholz oder de Lëtzebuerger Staatsminister Xavier Bettel. Dem WEF no hu ronn 1.250 féierend Perséinlechkeeten aus dem Privatsecteur deelgeholl, 200 Vertrieder vun ONGen, Wëssenschaft a Relioun, geneesou wéi iwwer 400 Medievertrieder.

Bild ass net aus der Schwäiz, mee aus den USA

D’AFP huet mat enger ëmgekéierter Billersich no der Opnam vun de Fligere gesicht an huet e puer méi al Tweets (hei, hei) fonnt, déi scho virun dem dësjäregen Treffen zu Davos publizéiert goufen. D’Tweets stamen aus dem Joer 2015 an nennen de Fluchhafe vu Las Vegas an den USA. Och aner Faktenchecken zu deem Theema (hei, hei) schreiwe vu Las Vegas als initial Plaz, wou d’Foto opgeholl gouf.

D’AFP huet d’Plaz, wou d’Foto opgeholl gouf, um Fluchhafe vu Las Vegas fonnt. Detailer wéi Belëftungsschächt um Daach vun engem Gebai, ugrenzend Parkplazen a Beem souwéi d’Positioun vun de Landepiste stëmmen iwwereneen. Eenzeg en Haus am Hannergrond ass op Google Maps ze gesinn, dat an de gedeelte Biller net do steet. En Ofgläich mat eelere Satellittebiller op Google Earth weist allerdéngs, dass et 2015 nach net do stoung.

RTL Links ein Tweet mit der Ortsangabe Las Vegas aus dem Jahr 2015, rechts der Ort auf Google Maps, Hervorhebungen durch AFP

Och amerikanesch Medien hunn d’Foto vum Fluchhafe schonn am Joer 2015 an hirer Berichterstattung benotzt (hei, hei, hei). Dobäi goung et allerdéngs ëm e komplett anere Sujet: Den 2. Mee 2015 sinn d’Boxere Floyd Mayweather a Manny Pacquiao an engem als “Kampf vum Joerhonnert” betitelte Boxkampf géinteneen ugetrueden. Zu dësem deieren Evenement zu Las Vegas waren och zuelräich Privatjetten ageflunn. Déi aktuell gedeelte Foto dokumentéiert, wéi d’Fligere fir de Boxkampf ugereest sinn. De Weltwirtschaftsforum kënnt an dëse Berichter net vir.

Privatjetten beim Weltwirtschaftsforum

De Weltwirtschaftsforum an der Schwäiz zitt allerdéngs effektiv all Joer eng ganz Partie Privatjetten un. Schonn an de Joren 2019 an 2020 stoungen d’Privatjette vun de WEF-Gäscht an der Kritik (hei, hei, hei). Eng an dësem Kontext dacks genannten Zuel ass eng Schätzung vun 1.500 Privatjetten aus dem Joer 2019, déi vun Air Charter Service, engem Ubidder vun Charterflich, opgestallt gouf.

De Weltwirtschaftsforum huet dëser Zuel schonn am Joer 2019 mat enger Géigerechnung geäntwert. De WEF geet vu ronn 135 Hin- a Réckflich am Joer 2019 aus. Wärend eng genee Zuel schwéier auszemaache wär, wär d’Unzuel u Privatjetten “wäit fort vun den 1.500 Flich, déi a verschiddenen Noriichtenartikelen erwäänt ginn, déi anscheinend op Marketingliteratur vun engem kommerzielle Bedreiwer berouen.” Op d’Fro no enger Schätzung fir 2022 huet de WEF bis elo net reagéiert.

Vun der AFP kontaktéiert, huet de PR-Manager Glenn Phillips vun Air Charter Service den 21. Juni 2022 erkläert, dass déi deemoleg Analys leedeglech eng Schätzung vu Flich, déi méiglecherweis stattfannen, gewiescht wär, a keng verbindlech Aussoen iwwer déi tatsächlech Zuel. D’Schätzung wär deelweis aus dem Kontext gerappt ginn. Haut géif een net méi vun 1.500 Privatjetten am Joer 2022 ausgoen an de Berechnunge vum WEF gleewen. Fir 2022 gëtt et keng Schätzung vun Air Charter Service.

D’AFP huet ausserdeem bei der Gesellschaft fir Fluchsécherung Skyguide nogefrot, déi de Schwäizer Loftraum séchert. De Spriecher Vladi Barrosa huet de 17. Juni zur Zuel vun den ugereesten Jette geschriwwen: “Et ware 484 Privat- respektiv Businessjetten, déi dëst Joer am Zesummenhang mam WEF de Fluchhafen Zürich a weider Fluchplazen an der Däitschschwäiz ugeflunn hunn.” De Barrosa sot weider: “Dat ass an der Limitt vun der gewinnter Unzuel an ass wäit fort vun den 1.500 Jetten, déi 2019 ugereest solle sinn. Fir esou eng grouss Unzuel Fligeren hätt ee guer keng Plaz.”

De Weltwirtschaftsforum schreift awer och selwer, dass “de Verkéier d’Haaptquell fir d’CO2-Emissioune vun der Veranstaltung” wär. Dohier géif een nohalteg Alternativen zur Verfügung stellen. De WEF huet seng Participanten 2022 dozou opgeruff, mam Zuch op Davos ze reesen.

Fazit: Déi gedeelte Foto weist keng Privatjetten um Wee op den dësjärege Weltwirtschaftsforum. Se staamt vum Fluchhafe Las Vegas, wou am Joer 2015 zuelräich Gäscht zu engem Boxkampf ugereest waren. D’Schwäizer Gesellschaft fir Fluchsécherung Skyguide schätzt déi effektiv Zuel u Privatjette wäit manner héich an.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.