Scroll Top

Faktencheck: Postings maachen HAARP-Fuerschungsprojet fälschlech fir Polarliichter verantwortlech

Faktencheck: Postings maachen HAARP-Fuerschungsprojet fälschlech fir Polarliichter verantwortlech - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

E staarke Sonnestuerm huet am Mee 2024 fir spektakulär Polarliichter gesuergt, déi op der ganzer Welt ze gesi waren. A sozialen Netzwierker gouf awer behaapt, dass dës Liichter vun engem US-amerikanesche Fuerschungsprojet ausgeléist goufen. Deem ass awer net esou.

“HAARP, 8.5. – 10.5. Déi lescht dräi Deeg gouf mat Hëllef vu risegen HAARP-Anlagen an Alaska d’Atmosphär immens staark ioniséiert, wat déi kënschtlech Nordliichter iwwer Europa produzéiert huet” huet e User den 11. Mee 2024 op Facebook geschriwwen. Bäiträg mat dëser Behaaptung goufen zu Honnerte gedeelt. Och op Telegram ass d’Ausso am Ëmlaf.

An de Bäiträg gi Biller a Videoe vu gréngen a rosae Polarliichter um Himmel gewisen. User behaapten, dass HAARP – en eemolegen US-Militärprojet, deen haut op der University of Alaska Fairbanks ugesidelt ass an d’Ionosphär mat Hëllef vun Héichfrequenzsenderen erfuerscht – fir d’Polarliichter Ufank Mee 2024 verantwortlech gewiescht wär.

RTL © AFP

Spektakulär Polarllichter hunn den Nuetshimmel a villen Deeler vun der Welt an der Nuecht vum 10. op den 11. Mee 2024 zum liichte bruecht. Se goufen duerch de stäerkste Sonnestuerm zënter méi wéi zwee Joerzéngten ausgeléist. Sech verännerend Magnéitfelder, déi mat geomagnéitesche Stierm anhierginn, léisen elektresch Stréim zum Beispill a Stroumleitungen aus, wat zu Stroumausfäll féiere kann. Och laang Pipelines kënnen ënner Stroum stoen, wat zu technesche Problemer féiert.

Déi gedeelt Behaaptunge sinn awer ierféierend. De weltwäite Phenomeen huet näischt mat dem HAARP-Fuerschungsprogramm (High-Frequency Actie Auroral Research Program) ze dinn.

HAARP-Experiment heizt  Falschbehaaptungen un

Obwuel d’HAARP-Fuerschung hirer Internetsäit no zu engem “schwaachen, liichtenden, Aurora-änleche Liichte” féiere kann, ka sech hir Wierkung net iwwer e klengt Gebitt eraus erstrecken, soe Wëssenschaftler.

Den Dennis Papadopoulos, Professer fir Plasmaphysik op der University of Maryland an ee vun de Wëssenschaftler, déi un der Entwécklung vun HAARP bedeelegt waren, hält déi gedeelt Behaaptunge fir onbegrënnt. “Wa mir an der Vergaangenheet kënschtlech Polarliichter hiergestallt hunn, ass dëst op d’Gebitt ronderëm Gakona limitéiert an ëm Gréisstenuerdnunge méi schwaach wéi dat, wat observéiert gëtt”, huet hien an enger E-Mail vum 13. Mee 2024 geschriwwen. “HAARP ka keng global Effekter ervirruffen.”

Ugeheizt goufen d’Behaaptungen duerch d’Meldung, dass HAARP vum 8. bis den 10. Mee 2024 Fuerschungen duerchgeféiert huet. An enger Rei vu Bäiträg, déi verbreet goufen, gouf eng echt Matdeelung iwwer de Projet als angeebleche Beweis dofir ugeféiert, dass HAARP fir d’Polarliichter responsabel wär.

E Spriecher vun der an Alaska usässeger Ariichtung huet den 13. Mee 2024 géintiwwer der AFP awer erkläert, d’Experiment hätt “Mechanismen iwwer d’Erkenne vu Weltraumschrott an der Ëmlafbunn ënnersicht” an hätt näischt mat dem geomagnéitesche Stuerm ze dinn.

D’University of Alaska Fairbanks gouf de selwechten Dag eng Erklärung mat zousätzlechen Detailer zu hirer Fuerschung eraus. “Mir hunn op vill Ufroe vu Medien an der Ëffentlechkeet geäntwert”, gëtt d’Jessica Matthews, d’Direktesch vun HAARP, an der Erklärung zitéiert. “Déi wëssenschaftlech HAARP-Experimenter stoungen a kengem Zesummenhang mat dem Sonnestuerm oder den héije Polarllichtaktivitéiten, déi ronderëm de Globus ze observéiere waren.”

RTL © AFP

Den Jeffrey Hughes, Professer fir Astronomie mat Schwéierpunkt Weltraumphysik op der Boston University, huet deem zougestëmmt an der AFP an enger E-Mail vum 13. Mee 2024 matgedeelt, dass d’Radiowellen, déi vun HAARP ausgestraalt ginn, “déi lokal Ionosphär (iwwer eng Regioun vun ongeféier 100 Meile Breet) verännere kënnen, awer net méi wäit. Se kéinte keng Nuetshimmelliichter baussent vun Alaska ausléisen”. 100 Meilen entspriechen ongeféier 160 Kilometer.

Den op Ionosphär spezialiséierten emeritéierte Professer Umran Inan vun der Stanford University huet der AFP den 13. Mee 2024 geschriwwen, dass d’Behaaptunge wéineg Sënn ergi géifen. “D’elektromagnéitesch Energie, déi vun der HAARP-Anlag un d’Ionosphär ofgi gëtt, ass winzeg am Verglach zu der Energie, déi vun intensive Blëtzer ofgi gëtt, déi zum Beispill 50 bis 60 Mol pro Sekonn op eisem Planéit optrieden”, huet hien an enger E-Mail erkläert. “Deementspriechend ass all Undeitung, dass e globaalt Ereegnes wéi dëst mat HAARP zesummenhänkt, wierklech lächerlech.”

D’Tuija Pulkkinen, d’Titulairin vum Léierstull fir Klima- a Weltraumwëssenschaften an -technik op der University of Michigan, huet d’Behaaptungen den 13. Mee 2024 an änlecher Manéier zeréckgewisen. “HAARP ass e Funksender, dee Signaler un déi iewescht Atmosphär schéckt an eng Elektronenheizung fabrizéiert. Et huet d’Fäegkeet, e kënschtlecht Liichten an der Loft hierzestellen, dat Polarliichter änele kéint, awer just an enger ganz lokaler Regioun”, sot si géintiwwer der AFP. “D’Optriede vum Sonnestuerm gouf duerch Observatioune vun der Sonn a vum Sonnewand an 1,5 Millioune Kilometer Distanz vun der Äerd zur Sonn confirméiert.”

De Plasmaphysiker Jan Egedal vun der University of Wisconsin huet d’Behaaptungen den 13. Mee 2024 als “Onsënn” bezeechent a bäigefüügt: “D’HAARP-Anlag huet net emol de Brochdeel un Energie, déi fir d’Produktioun vu Polarliichter néideg ass.”

Wat si Polarliichter?

Polarliichter entstinn, wann energieräich, gelueden Deelercher vun der Sonn a Form vu Sonnewand d’Äerd erreechen a mat Gasmoleküllen an der ieweschter Atmosphär interagéieren.

Wann d’Deelercher op d’Äerd zoufléien, treffe se op de Rand vun der Magnéitosphär – d’Magnéitfeld vum Planéit -, déi se normalerweis an d’Richtung vun de Pole guidéiert. Do treffe se a Wiesselwierkung mat der Äerdatmosphär a gi Liicht of. Dobäi entsteet Stralung vu verschiddene Wellelängten, déi d’Faarwe vu Polarliichter fabrizéieren.

D’Wiesselwierkung trëtt tëschent 80 an 250 Kilometer iwwer der Äerduewerfläch op, am heefegsten ronderëm d’Arktis an de Polarkrees. Staark Sonnenaktivitéit kann awer dozou féieren, dass sech Polarliichter bis an déi mëttel Breede vun eisem Planéit erstrecken. A Mëtteleuropa, dorënner Däitschland, Éisträich an d’Schwäiz, kënnen da Polarliichter observéiert ginn.

De Sonnestuerm, deen d’Äerd am Mee 2024 getraff huet, huet och beispillsweis a  Griicheland oder den USA a Kanada gutt siichtbar Polarliichter ausgeléist, wéi Medie gemellt hunn.

D’AFP huet e puer Mol Falschbehaaptungen zu HAARP iwwerpréift. HAARP gouf an der Vergaangenheet zum Beispill fälschlecherweis fir Onwieder, Äerdbiewen oder Vulkanausbréch responsabel gemaach. Och Wiedermanipulatioun gouf HAARP fälschlech virgeheit.

Fazit: A sozialen Netzwierker gouf fälschlecherweis behaapt, dass déi vun engem staarke Sonnestuerm am Mee 2024 ausgeléist Polarliichter vun engem US-amerikanesche Fuerschungsprojet ausgoungen. Fachleit hu wësse gedoen, dass déi als HAARP bekannt Fuerschungsanlag net kapabel wär, e Phenomeen vun dësem Ausmooss auszeléisen.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.