De Choix vun der Redaktioun

Faktencheck: "Selwecht Schema": Falschbehaaptungen iwwer d'Wielen troubléieren US-Walkampf - Featured image

02 Nov: Faktencheck: “Selwecht Schema”: Falschbehaaptungen iwwer d’Wielen troubléieren US-Walkampf

Véier Joer no engem Presidentschaftswalkampf, dee vun Desinformatioun gepräägt war, gesi sech d’Amerikanerinnen an Amerikaner an de leschte Woche vum Walkampf 2024 op en Neits mat änleche Virwërf konfrontéiert. Sou wäerte warscheinlech och bei dëse Walen de 5. November 2024 Behaaptungen iwwer Onreegelméissegkeete beim Wielen a Walbedruch e grousse Sujet sinn.