Wann een eng Internetadress mam Domaine “.lu” agëtt, rechent een u sech domadder, op enger Lëtzebuerger Säit erauszekommen.
Gesondheet
Kanada huet de Status, d’Riedelen eliminéiert ze hunn, 2025 verluer. An och a ganz Nordamerika kënnt et ëmmer nees zu Ausbréch.
5G ass déi fënneft Generatioun vum Mobilfunkstandard, déi zënter 2019 ageféiert gëtt. Enger am November 2025 kurséierender Behaaptung no géif 5G e “mëllt Verkuele vum Liewen op der Äerd” ausléisen, änlech wéi eng Mikrowell Narung erwierme géif. Fachleit hunn awer erkläert, dass de Verglach net richteg a 5G bei Anhale vun de gesetzleche Sécherheetsvirgabe sécher wier. En Zitat vun engem Medezinner, dat ugeféiert gëtt, wär ausserdeem net korrekt.
Ierféierend Behaaptungen iwwer mRNA-Impfstoffer verbreede sech Joren no der Corona-Pandemie nach ëmmer. Am jéngste Fall gouf en italieenescht Dokument aus dem Joer 2020 fälschlecherweis als Beweis dofir gedeelt, dass mRNA-Impfstoffer “geféierlech” wären, well d’Personal ugewise gouf, verschotten Impfstoff mat Bleechmëttel an a kompletter Schutzkleedung ewechzemaachen.
Op der Plattform Reddit mécht den Ament e mënschefeindleche Post den Tour, dee fir vill Opreegung suergt: Mat Chlorgas géifen d’Sans-abrisen d’Nuecht net iwwerstoen. Mir hunn nogefrot.
Op enger Konferenz am Wäissen Haus huet de President Donald Trump gesot, dass Paracetamol an der Schwangerschaft an Impfungen zu Autismus bei Kanner féiert. Dat ass net richteg, sou Lëtzebuerger Dokteren.
Et gëtt keng Beweiser dofir, dass d’Drénke vu Kokosnossjus bei der Behandlung vu Patiente mat Nierenerkrankungen hëlleft. Am Internet gëtt a malayseschsproochege Bäiträg Reklamm dofir gemaach.
Déiere léisen a Sozialen Netzwierker dacks hefteg Debatten aus. Ufank August 2025 hunn Internetnotzer op de Plattformen X a Facebook behaapt, dass “Wëll Déieren ni krank ginn”.
18 Jun: Faktencheck: US-Regierungsbericht iwwer Kannergesondheet zitéiert Auteuren no erfonnt Etüden
D’amerikanesch Regierung huet am Mee 2025 e Bericht iwwer chronesch Krankheete bei Kanner a Jugendleche virgeluecht. Op d’mannst véier vun den doran zitéierten Etüden existéieren awer net, wéi Autorinnen an Auteuren, déi um Dokument geschafft hunn, souwéi och Editiounshaiser der AFP matgedeelt hunn.
Zënter dem Ausbroch vu Covid-19 an der Aféierung vun neiaartege Vaccinen, déi gehollef hunn, d’Pandemie anzedämmen, sinn mRNA-Impfstoffer ëmmer nees Zil vun Desinformatioun. Kierzlech gouf am Internet behaapt, eng däitsch Etüd wär zur Konklusioun komm, dass d’Vaccine Kriibs souwéi Autoimmunkrankheeten ausléise kéinten.