Honnerten Notzerinnen an Notzer haten Enn Mee 2022 a Sozialen Netzwierker d’Behaaptung gedeelt, dass Flüchtlingen aus der Ukrain, déi ab Juni 2022 ukoumen, an Däitschland eng Pensioun ufroen dierften – Männer ab 60 Joer, Fraen ab 57 Joer.
Ukraine
Eng Hickecht Entreprisen hu sech zënter dem russeschen Iwwerfall op d’Ukrain am Joer 2022 aus Russland zeréckgezunn. Am Januar 2026 hu Userinnen a User am Internet doriwwer spekuléiert, ob den Autohiersteller Mercedes-Benz op de russesche Maart zeréckkéim. Beleeë soll dat en Dokument, dat awer aus dem Kontext gerappt gouf.
D’Ukrain bereet sech op e weideren haarde Wanter vir, wärend d’Land zënter 2022 vu Russland ugegraff gëtt. Am Internet huele Rumeuren zou, deenen no d’ukrainescht Militär un enger Rei Fronte kapituléiere géif.
Den 9. September 2025 huet Polen eegenen Angaben no russesch Dronen a sengem Loftraum ofgeschoss. An dësem Zesummenhang ass a Sozialen Netzwierker eng Grafik am Ëmlaf, déi angeeblech weist, dass e Groussdeel vun de Polinnen a Polen d’Ukrain fir de Virfall verantwortlech maachen, net Russland.
Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj ass dacks Zilscheif vun Desinformatiounscampagnen. Am Juni 2025 hunn Notzerinnen an Notzer vu soziale Plattforme en Interview gedeelt, an deem de Selenskyj angeeblech behaapt hätt, hie géif d’Zivilbevëlkerung als “mënschlech Schutzschëlter” asetzen.
D’russesch Arméi hat Ufank Abrëll 2025 matgedeelt, d’russesch Regioun Kursk bal vollstänneg vun der Ukrain zeréckeruewert ze hunn. Kuerz drop war eng Grafik iwwer Mercenairë vu verschiddenen Nationalitéiten, déi d’russesch Arméi do angeeblech dout opfonnt hätt, am Ëmlaf.
E Video, deen op der Plattform X milliounefach opgeruff gouf, gëtt vir, e Video vun der New York Times ze weisen, an deem bericht gëtt, dass den amerikaneschen Entwécklungsministère véier Milliounen Dollar un den Time Magazine bezuelt hätt, fir den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj als Persoun vum Joer 2022 op d’Titelsäit vum Magasinn ze drécken.
Mëtt Februar 2025 huet den Donald Trump zimmlech haart Wierder iwwer de Wolodymyr Selenskyj verluer.
Zënter dem Ufank vum Krich an der Ukrain goufen europäesch Medien ëmmer nees vun Hacker-Säite kopéiert, déi Artikele mat prorusseschen an antiwestlechen Narrativer verbreeden.
D’Europäesch Unioun ënnerstëtzt d’Ukrain géint de russeschen Ugrëffskrich.