Faktencheck: De schwierege Kampf ëm d'Wouerecht am Ukrain-Krich - Featured image

22 Feb: Faktencheck: De schwierege Kampf ëm d’Wouerecht am Ukrain-Krich

Ënnerhalen d’USA no un der russescher Grenz an der Ukrain Laboe fir Biowaffen? Ass d’Ukrain kee richtege Staat, mee en “anti-russesche Projet” vum Westen? A russesche Medien an op Online-Plattforme gëtt et dem EU-Aussebeoptraagte Josep Borrell no e reegelrechten “Informatiouns-Krich”, an dat net eréischt zanter dem Amarsch vu russeschen Truppen an d’Ukrain vu virun engem Joer. Eng europäesch Aarbechtsgrupp ënner dem Borrell senger Féierung soll an Zukunft fir Opklärung suergen.