Scroll Top

Faktencheck

Faktencheck: Dës Fotoe weisen net d'Amerikanerin Renée Good, déi vun ICE-Polizist zu Minneapolis ëmbruecht gouf - Featured image

Faktencheck: Dës Fotoe weisen net d’Amerikanerin Renée Good, déi vun ICE-Polizist zu Minneapolis ëmbruecht gouf

Den Doud vun der Renée Nicole Good, enger amerikanescher Fra a Mamm, déi de 7. Januar erschoss gouf, wéi si wärend enger Razzia vun der Immigratiounsagence ICE zu Minneapolis an hirem Auto souz, huet an de Vereenegte Staate vill Emotiounen ausgeléist. No der Dot hunn Internetnotzer séier Fotoe vum Affer verëffentlecht.

Fakencheck: 5G huet "keng erhieflech Auswierkungen" op Gesondheet an Ëmwelt - Featured image

Fakencheck: 5G huet “keng erhieflech Auswierkungen” op Gesondheet an Ëmwelt

5G ass déi fënneft Generatioun vum Mobilfunkstandard, déi zënter 2019 ageféiert gëtt. Enger am November 2025 kurséierender Behaaptung no géif 5G e “mëllt Verkuele vum Liewen op der Äerd” ausléisen, änlech wéi eng Mikrowell Narung erwierme géif. Fachleit hunn awer erkläert, dass de Verglach net richteg a 5G bei Anhale vun de gesetzleche Sécherheetsvirgabe sécher wier. En Zitat vun engem Medezinner, dat ugeféiert gëtt, wär ausserdeem net korrekt.

Faktencheck: Italieenescht Dokument beweist net, dass mRNA-Impfstoffer geféierlech sinn - Featured image

Faktencheck: Italieenescht Dokument beweist net, dass mRNA-Impfstoffer geféierlech sinn

Ierféierend Behaaptungen iwwer mRNA-Impfstoffer verbreede sech Joren no der Corona-Pandemie nach ëmmer. Am jéngste Fall gouf en italieenescht Dokument aus dem Joer 2020 fälschlecherweis als Beweis dofir gedeelt, dass mRNA-Impfstoffer “geféierlech” wären, well d’Personal ugewise gouf, verschotten Impfstoff mat Bleechmëttel an a kompletter Schutzkleedung ewechzemaachen.

Faktencheck: Kënschtlech Intelligenz ass europäescher Etüd no keng zouverlässeg Informatiounsquell - Featured image

Faktencheck: Kënschtlech Intelligenz ass europäescher Etüd no keng zouverlässeg Informatiounsquell

Applikatioune wéi ChatGPT, déi komplett mat Kënschtlecher Intelligenz funktionéieren, hunn ongeféier an der Hallschent vun de Fäll, wa si zu aktuellen Evenementer an den Noriichte befrot goufen, Feeler gemaach. Dat ergouf eng grouss ugeluecht Etüd vun europäeschen ëffentlech-rechtleche Radiostatiounen, déi den 22. Oktober 2025 verëffentlecht gouf. Zu de Feeler hunn d’Verwiesslung vun Noriichte mat Parodien, falschen Datumer oder einfach d’Erfanne vun Evenementer gehéiert.