FOCUS

Faktencheck: Däitsch Bundestagswalen: Hunn Desinformatioun an Amëschungsversich d'Resultat beaflosst? - Featured image

19 Mar: Faktencheck: Däitsch Bundestagswalen: Hunn Desinformatioun an Amëschungsversich d’Resultat beaflosst?

Den 23. Februar haten d’däitsch Wieler d’Geleeënheet, en neie Bundestag ze wielen. Dat an enger Situatioun, an där sech d’Land zënter enger Rëtsch Méint mat Versich vun externer Aflossnam an Amëschung konfrontéiert gesinn huet. Dës Initiativen, déi dorop ofgeziilt hunn, d’politesch Debatt an Däitschland ze beaflossen, hate sech munchmol ganz däitlech a Form vun oppener Ënnerstëtzung fir politesch Iddien oder Parteie manifestéiert.

Faktencheck: De Robert F. Kennedy Jr verbreet Desinformatiounen iwwer Impfungen, AIDS an Autismus - Featured image

25 Nov: Faktencheck: De Robert F. Kennedy Jr verbreet Desinformatiounen iwwer Impfungen, AIDS an Autismus

De gewielten US-President Donald Trump huet ugekënnegt, datt de Robert F. Kennedy Jr. Gesondheetsminister soll ginn, e fréieren Affekot fir Ëmweltrecht ouni wëssenschaftlech Formatioun, dee bekannt dofir ass, Konspiratiounstheorien a Falschinformatiounen zu Gesondheetssujeten ze verbreeden.

000_36JW323-copy.jpg

20 Oct: Faktencheck : D’Hurrikane Milton an Helene léisen eng Desinformatiounswell an den USA aus

D’Hurrikanen, déi an de leschte Wochen de Südoste vun den USA heemgesicht hunn, hunn eng Well un Desinformatiounen ausgeléist. Politiker wéi Internetnotzer versichen am Virfeld vun de Presidentschaftswalen de 5. November dovun ze profitéieren a loosse Konspiratiounstheorien iwwer d’Manipulatioun vum Wieder nees opliewen.

Faktencheck: Mordversuch um Trump, Réckzuch vum Biden … Wéi sech Konspiratiounstherorien an Desinformatioun an der US-Gesellschaft verbreeden - Featured image

19 Oct: Faktencheck: Mordversuch um Trump, Réckzuch vum Biden … Wéi sech Konspiratiounstherorien an Desinformatioun an der US-Gesellschaft verbreeden

D’USA sinn haart Walkämpf gewinnt a Fakenews si keen neit Phenomeen méi. Trotzdeem ass et erstaunlech, wéi vill Falschmeldungen an Desinformatiounen de Leit am Virfeld vun den amerikanesche Presidentschaftswalen op den Ecran gespullt ginn. An d’Contenuen hunn et a sech.