Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

RTL-Faktencheck: Stierwen nëmmen nach Persounen u Covid, déi net geimpft sinn?

50154c4472afcd42bd78a6f075f97e8c

Author(s): RTL Lëtzebuerg

© RTL-Grafik

Am neie Faktencheck huet sech en RTL-Journalist mat enger bestëmmter Ausso vum Prof. Dr. Claude P. Muller iwwert d’Corona-Impfung auserneegesat.

Un oder mat Covid gestuerwen? Eng Fro, déi vun Ufank vun der Pandemie un ëmmer nees diskutéiert gouf. An engem Interview mam Tageblatt huet de Prof. Dr. Claude P. Muller folgend Ausso gemaach: “Die, die jetzt noch an Covid sterben, sind solche, die sich gegen die Impfung entschieden haben.”

En Nolauschterer huet eis gefrot, ob een dëst esou soe kann. Mir hunn de Faktencheck gemaach.

Kënne Persounen, déi geimpft sinn, net méi u Corona stierwen?

Kuckt ee sech déi offiziell Statistike vun der Santé un, gesäit een, datt och Persounen, déi komplett geimpft sinn, u Covid-19 gestuerwe sinn.

RTL © Santé

Iwwer 80 Prozent vun der Populatioun si fäerdeg geimpft. De Risiko, u Covid-19 ze stierwen, gëtt duerch d’Impfung extrem reduzéiert, dat geet och aus dësen Zuelen ervir.

Am RTL-Podcast Wellebriecher sot den Dr. Thomas Dentzer, Virolog bei der Direktioun vun der Santé, folgendes: “Et wäerten och Leit ginn, déi geimpft sinn, vulnerabel Leit, wou den Impfstoff net gewierkt huet oder déi soss e Problem hunn, déi wäerte kënnen dru stierwen. Mä et gesäit een awer, datt d’Leit méi krank ginn, wa se net geimpft sinn an och éischter stierwen.”

Fir de Virolog vun der Direktioun vun der Santé gëtt et eng Reegel: “Wann en Impfstoff do ass, ass et ëmmer besser den Impfstoff ze huelen, wéi ze hoffen datt een d’Krankheet iwwersteet an net ze krank gëtt.”

Den Expert an der Virologie Prof. Dr. Claude P. Muller sot eis op Nofro, datt d’Ausso esou effektiv e bësse pauschal wier. D’Ausso hätt sech op Leit bezunn, déi soss gesond wieren. Et wieren nach weider Erklärungen néideg gewiescht, fir ze präziséieren, wéi dëst gemengt war. Dat wier awer an deem Artikel net méiglech gewiescht. Fir Leit, déi chronesch Virerkrankungen hunn, wier et iwwerdeems ubruecht, och eng 4. Dosis vum Impfstoff ze ginn. Dës Persoune solle mat hirem Dokter schwätzen.

Huet sech d’Situatioun duerch d’Omikron-Variant geännert?

Op Nofro beim Gesondheetsministère krute mer gesot, datt do aktuell nach Analyse gemaach ginn a bis elo keng Donnéeë virleien.

Mat oder u Covid gestuerwen?

Eng vun de gréissten Etüden, déi an dëser Fro gemaach gouf, gouf rezent am renomméierte Wëssenschaftsmagasinn The Lancet publizéiert. Fir der Fro nozegoen, ob d’Patienten un oder mat Covid-19 gestuerwe sinn, goufen 1.095 Obduktioune bis den Oktober 2021 an Däitschland gemaach. A 86 Prozent vun de Fäll sinn d’Leit u Covid-19 gestuerwen, a 14 Prozent war d’Infektioun mam Coronavirus eng Niewenerkrankung.

Stierwen nëmmen nach Persounen u Covid, déi net geimpft sinn?

Dat kann een esou net soen. Trotz Impfung kann een nach ëmmer u Covid-19 erkranken an och stierwen. Et ass awer esou, datt de Risiko, schwéier krank ze ginn oder ze stierwen, duerch d’Impfung reduzéiert gëtt. En 100prozentege Schutz gëtt et awer och mat der Impfung net.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.