Wirtschaft

Faktencheck: Hëlleft deeglecht Vitaminn-D-Anhuelen, fir ville Krankheete virzebeugen? - Featured image

30 Mar: Faktencheck: Hëlleft deeglecht Vitaminn-D-Anhuelen, fir ville Krankheete virzebeugen?

Vitaminn D ass fir d’Gesondheet vun de Schanken onerlässlech a spillt och bei der normaler Funktioun vum Immunsystem am Kierper allgemeng eng Roll. A Sozialen Netzwierker behaapte vill Intenetnotzer – virun allem Naturopathen – reegelméisseg, dass deeglecht Anhuele vu Vitaminn D de Risiko fir eng ganz Rëtsch vu Krankheeten, dorënner Kriibs oder Häerz-Kreeslaf-Erkrankungen, reduzéiere géing. Dës Behaaptunge sinn awer net beluecht an d’Gesondheetsautoritéite recommandéiere keng Narungsergänzung fir Erwuessener.

Faktencheck: Musk verstäerkt Fake-Rapport, dee behaapt, USAID hätt Prominenter fir d'Ënnerstëtzung vum Selenskyj bezuelt - Featured image

13 Feb: Faktencheck: Musk verstäerkt Fake-Rapport, dee behaapt, USAID hätt Prominenter fir d’Ënnerstëtzung vum Selenskyj bezuelt

Den Elon Musk, den Donald Trump Jr. an aner prominent Konservativer deelen e Video, deen angeeblech weist, an deem “E! News” mellt, dass d’humanitär Agence vun den USA Milliounen Dollar u Prominenter wéi d’Angelina Jolie oder de Ben Stiller bezuelt hätt, fir d’Ukrain ze besichen an d’Popularitéit vum President Selenskyj am Krich géint Russland an d’Luucht ze drécken.

Faktencheck: De Weltwirtschaftsforum huet keng global digital Wärung ageféiert - Featured image

11 Mar: Faktencheck: De Weltwirtschaftsforum huet keng global digital Wärung ageféiert

De Weltwirtschaftsforum (WEF) ass ëmmer nees Bestanddeel vu verschiddene Konspiratiounstheorien, déi d’Organisatioun als Sproochrouer vun enger globaler Elitt ugesinn, déi d’Welt kontrolléiere wëll. Am Januar 2024 ass op Facebook an op der Plattform X e Video opgedaucht, an deem de Chef vum chineeseschen E-Commerce-Gigant Alibaba ze gesi war. An de Bäiträg dozou gouf fälschlecherweis behaapt, dass hien de WEF representéiere géif an d’Aféierung vun enger globaler digitaler Wärung ugekënnegt hätt, fir d’Konsumenten ze “verfollegen”.