5G ass déi fënneft Generatioun vum Mobilfunkstandard, déi zënter 2019 ageféiert gëtt. Enger am November 2025 kurséierender Behaaptung no géif 5G e “mëllt Verkuele vum Liewen op der Äerd” ausléisen, änlech wéi eng Mikrowell Narung erwierme géif. Fachleit hunn awer erkläert, dass de Verglach net richteg a 5G bei Anhale vun de gesetzleche Sécherheetsvirgabe sécher wier. En Zitat vun engem Medezinner, dat ugeféiert gëtt, wär ausserdeem net korrekt.
Wëssenschaft
Ierféierend Behaaptungen iwwer mRNA-Impfstoffer verbreede sech Joren no der Corona-Pandemie nach ëmmer. Am jéngste Fall gouf en italieenescht Dokument aus dem Joer 2020 fälschlecherweis als Beweis dofir gedeelt, dass mRNA-Impfstoffer “geféierlech” wären, well d’Personal ugewise gouf, verschotten Impfstoff mat Bleechmëttel an a kompletter Schutzkleedung ewechzemaachen.
Et gëtt keng Beweiser dofir, dass d’Drénke vu Kokosnossjus bei der Behandlung vu Patiente mat Nierenerkrankungen hëlleft. Am Internet gëtt a malayseschsproochege Bäiträg Reklamm dofir gemaach.
De Juli 2025 war weltwäit den drëttwäermste Juli, dee bis elo gemooss gouf. Am Internet mécht e Screenshot vun engem Artikel mat der Iwwerschrëft “Juli gëtt global wäermste Mount zënter Joerdausenden” d’Ronn. Notzer hunn d’Medien an dësem Zesummenhang der Panikmaacherei a Bezuch op de Klimawandel beschëllegt – virun allem wéinst de ville Reendeeg an Deeler vun Europa am Summer 2025.
D’Zuele vun der Police weisen et – zu Lëtzebuerg ginn et ëmmer méi Fäll vu Bedruch. Virop online fanne Krimineller hir Affer.
A Sozialen Netzwierker goufen zwou Fotoe vun der historescher Festung Fort Denison zu Sydney an Australien gedeelt.
Am Kader vum Faktencheck-Dag den 2. Abrëll hate mer eis User opgeruff, eis Sujeten, déi iwwerpréift solle ginn, eranzeschécken. Eng Fro huet sech mat der Entwécklung vun der Populatioun beschäftegt.
Zënter dem Ausbroch vu Covid-19 an der Aféierung vun neiaartege Vaccinen, déi gehollef hunn, d’Pandemie anzedämmen, sinn mRNA-Impfstoffer ëmmer nees Zil vun Desinformatioun. Kierzlech gouf am Internet behaapt, eng däitsch Etüd wär zur Konklusioun komm, dass d’Vaccine Kriibs souwéi Autoimmunkrankheeten ausléise kéinten.
De fréiere Coronavirus-Beroder vum Wäissen Haus Anthony Fauci gouf an Neiséiland net wéinst Homicide involontaire ugeklot, wéi déi neiséilännesch Police der Norichtenagence AFP matgedeelt huet.
Vitaminn D ass fir d’Gesondheet vun de Schanken onerlässlech a spillt och bei der normaler Funktioun vum Immunsystem am Kierper allgemeng eng Roll. A Sozialen Netzwierker behaapte vill Intenetnotzer – virun allem Naturopathen – reegelméisseg, dass deeglecht Anhuele vu Vitaminn D de Risiko fir eng ganz Rëtsch vu Krankheeten, dorënner Kriibs oder Häerz-Kreeslaf-Erkrankungen, reduzéiere géing. Dës Behaaptunge sinn awer net beluecht an d’Gesondheetsautoritéite recommandéiere keng Narungsergänzung fir Erwuessener.