2023 January

Faktencheck: Ukrainesch Kommissärin fir Mënscherechter huet net zouginn, iwwer Vergewaltegung vu Kanner duerch Russe gelunn ze hunn - Featured image

17 Jan: Faktencheck: Ukrainesch Kommissärin fir Mënscherechter huet net zouginn, iwwer Vergewaltegung vu Kanner duerch Russe gelunn ze hunn

No der Decouverte vum Massaker vu Butscha am AbrĂ«ll huet d’Ljudmila Denisova, dĂ©i deemoleg MĂ«nscherechtskommissärin am ukrainesche Parlament, eng Rei Fäll vu Vergewaltegungen denoncĂ©iert. Säit Juni 2022 behaapte Publikatiounen an de sozialen Netzwierker, dĂ©i säit Enn Dezember nees opgedaucht sinn, d’Madamm Denisova hätt an engem Interview zouginn, “iwwer russesch Vergewaltegunge vu Kanner gelunn ze hunn”. Awer hir Ă„usserunge goufen aus dem Kontext gerappt; si huet d’UschĂ«llegungen am Interview bekräftegt.

Faktencheck: Argentinien: Keng Billjeeë mam Lionel Messi sengem Konterfei erausginn - Featured image

17 Jan: Faktencheck: Argentinien: Keng Billjeeë mam Lionel Messi sengem Konterfei erausginn

Am Dezember huet Argentinien sech säin drĂ«tte Weltmeeschtertitel am Futtball gesĂ©chert. E puer Deeg duerno gouf an de sozialen Netzwierker behaapt, datt an Argentinien, zu Éiere vun dĂ«sem Evenement, BilljeeĂ« mat de Gesiichter vu Spiller gedrĂ©ckt sollte ginn. D’Bild, dat am Ă‹mlaf war, war just eng Éierung vun engem KĂ«nschtler.

Faktencheck: Weltwirtschaftsforum wëll keng Hausdéieren am Kampf géint de Klimawandel ëmbrénge loossen - Featured image

04 Jan: Faktencheck: Weltwirtschaftsforum wëll keng Hausdéieren am Kampf géint de Klimawandel ëmbrénge loossen

De Weltwirtschaftsforum (WEF) ass Ă«mmer nees Zil vu Konspiratiounen a Falschinformatiounen. MĂ«tt Dezember 2022 huet sech am Internet eng Behaaptung verbreet, de WEF wĂ©ilt Hauskazen an HĂ«nn schluechten, fir esou de Klimawandel ze bekämpfen. Dat sollen och e puer Medie matgedeelt hunn. Tatsächlech ass awer keng esou Fuerderung ze fannen, weder an de Publikatioune vum WEF, nach a Medieberichter. E Spriecher vum WEF huet d’Behaaptung gĂ©intiwwer der AFP och zerĂ©ckgewisen.