Spuenien gouf an dësem Hierscht vu staarkem Reen heemgesicht, besonnesch den 29. Oktober an der Regioun Valencia an de 4. November zu Barcelona. An dësem Zesummenhang goung eng Time-Lapse, also eng Rei vu Fotoen, déi séier hannertenee geschoss goufen, am Internet viral, well si d’Entwécklung vun engem Wiederphenomen am Zäitraffer weist.
Fact Check
Diabetes trëtt op, wann de Kierper net genuch Insulin produzéiere kann, fir de Bluttzockerspigel ze reguléieren. Doktere behandelen d’Krankheet mat enger Kombinatioun aus Ernierungsëmstellung, Beweegung a Medikamenter. E puer Notzer vu Sozialen Netzwierker behaapten awer fälschlecherweis, dass d’Krankheet duerch e Parasit ausgeléist géif – eng Theorie, déi op e Wëssenschaftler zeréckgeet, deen a ville Länner beschëllegt gëtt, onbewisen a geféierlech Traitementer ze promouvéieren.
De gewielten US-President Donald Trump huet ugekënnegt, datt de Robert F. Kennedy Jr. Gesondheetsminister soll ginn, e fréieren Affekot fir Ëmweltrecht ouni wëssenschaftlech Formatioun, dee bekannt dofir ass, Konspiratiounstheorien a Falschinformatiounen zu Gesondheetssujeten ze verbreeden.
Wärend d’Iwwerschwemmungen nach ganz Dierfer an der Regioun Valencia an anere Géigende vu Spuenien zerstéiert hunn, goufen a sozialen Netzwierker scho geféierlech a schiedegend Noriichte gedeelt. Zum Beispill goung vu falsche Warnmeldunge rieds, spéider koume falsch Statements vu Klimawandelleegner dobäi. D’Autoritéiten hu sech doduerch gezwonge gesinn, géint dës Falschmeldunge virzegoen.
Den ADR-Deputéierte Fred Keup huet RTL a sengem Face-à-Face mam Kënschtler Serge Tonnar falsch Informatioune virgehäit, wat den Undeel vun den erneierbaren Energien ugeet. Hien huet sech dobäi op den Interview mam Paul Zeimet vun der Firma Soler bezunn.
Virum Hannergrond vu Sécherheetsbedenke ronderëm de Futtballmatch tëscht Frankräich an Israel de 14. November am Stade de France, wéinst den Tensiounen am Noen Osten an no engem Futtballmatch zu Amsterdam, hunn Internetnotzer d’Bild vun israeelesche Poliziste gedeelt a verséchert, dass dës Poliziste virum Match am Paräisser Quartier Saint-Denis fotograféiert goufen. Dat ass awer net wouer, well d’Bild israeelesch Polizisten zu Jerusalem am Joer 2022 weist.
No der Gebuert vun engem weiblechen Nilpäerd an engem Zoo am Nordoste vun Thailand gouf an de Sozialen Netzwierker eng Foto vun engem Nilpäerdbëbee gedeelt, wou fälschlecherweis behaapt gouf, se géif en neigebuerent Kallef weisen.
Soubal et ëm d’Unzuel vu Geschlechter, d’Genderen oder Froen iwwer sexuell Orientéierung geet, erhëtze sech d’Gemidder. Laut engem Screenshot vun engem Artikel, deen a Sozialen Netzwierker gedeelt gëtt, wär Sex mat Kanner duerch dat däitscht Gläichstellungsgesetz geschwë stroffräi. Deem ass awer net esou.
Anescht wéi déi traditionell Fleeschindustrie kënnen Insekten eng klimafrëndlech Proteinquell fir d’mënschlech Ernärung sinn. A Sozialen Netzwierker gouf am Oktober 2024 d’Falschbehaaptung gedeelt, hollännesch Schoulen hätte Mielwierm an d’Iesspläng opgeholl, fir dem Klimawandel entgéintzewierken.
Bei de Presidentewalen an den USA kommen och elektronesch Walmaschinnen an den Asaz. Am Internet gëtt awer behaapt, dass d’Walresultat duerch esou Maschinne manipuléiert gi kéint.