Faktencheck: War déi indesch Moundlandung gefaked? - Featured image

27 Sep: Faktencheck: War déi indesch Moundlandung gefaked?

Den 23. August war d’Raumsonde Chandrayaan-3, déi de 14. Juli vun der indescher Raumfaartagence ISRO gestart gouf, um Mound gelant. Bei dëser Geleeënheet huet d’ISRO eng animéiert Computersimulatioun vun der Moundlandung live iwwerdroen. Dës Biller goufe vun Internetnotzer weiderginn, déi och behaapt hunn, se wären e Beweis dofir, dass d’Moundlandung net stattfonnt hätt.