2024 May

Faktencheck: Äusserunge vum Wäissen Haus iwwer Hitler a Stalin si gefaked - Featured image

22 May: Faktencheck: Äusserunge vum Wäissen Haus iwwer Hitler a Stalin si gefaked

E Video, deen online am Ëmlaf ass, weist d’Spriecherin vum Wäissen Haus, d’Karine Jean-Pierre, wéi si engem Journalist erzielt, dass d’USA an d’Ukrain zesumme fir de Stuerz vum Adolf Hitler sengem Regimm a vum Josef Stalin an der Sowjetunioun responsabel gewiescht wären. De Clip gouf awer beaarbecht, wéi Reporter aus dem Wäissen Haus géintiwwer der AFP soten.

Faktencheck: Falsche Video vu flüchtende Palästinenser aus Rafah am Ëmlaf - Featured image

21 May: Faktencheck: Falsche Video vu flüchtende Palästinenser aus Rafah am Ëmlaf

An de Sozialen Netzwierker sinn am Moment vill Videoen a Biller vun de Kämpf an der Gazasträif ze gesinn. Bäiträg, déi am Mee 2024 am Ëmlaf waren, hu beispillsweis e Video gedeelt, an deem angeeblech Palästinenser virun enger erwaarter Buedemoffensiv vun der israeelescher Arméi an der südlecher Stad Rafah flüchten. De Clip staamt awer vun November 2023, wéi Palästinenser aus der nërdlecher Gazasträif fortgelaf waren.