D’Nationalsozialisten an Nationalsozialistinnen hu wärend dem Holocaust ronn sechs Millioune Judden a Jüddinnen ëmbruecht. Dës Zuel gëtt ëmmer nees ugezweiwelt. Am Internet gëtt fir dës Kontestatioun en Dokument vun Doudeszertifikater benotzt, dat fir d’Gesamtzuel un Affer awer net aussokräfteg ass, wéi déi ausstellend Autoritéit selwer confirméiert huet. Just fir en Deel vun den Affer wär esou eng Zertifikatioun ausgestallt ginn, well vill Morden och ausserhalb vu Lagere stattfonnt oder Nationalsozialiste wichteg Dokumenter vernicht hunn.
De Fast-Food-Gigant McDonald’s huet keng Filial virun de Pyramiden an Ägypten opgemaach. Dat gouf nämlech a Bäiträg behaapt, déi am Januar 2024 ëmmer nees a Südkorea an de sozialen Netzwierker gedeelt goufen. D’Biller an de falsche Bäiträg goufe mat Hëllef vu Kënschtlecher Intelligenz (KI) hiergestallt.
Am Januar 2024 koum et a ganz Däitschland zu gréissere Protester vu Baueren. Zu dësem Sujet hu User am Internet e Video verbreet, an deem eng Mënschenusammlung mat Riff hir Onzefriddenheet auszedrécke schéngt. Den Toun am Video ass allerdéngs de Gesang vu Futtballsupporteren.
Den Alex Heyar, Sänger vun der Lëtzebuerger Rockband Moof, huet mat engem Post op Facebook wuel den Nerv getraff. E gouf vill gedeelt an deels gegleeft…
Ob déi einfach Heescherei am Code pénal verbueden ass oder net, doriwwer gëtt et en neie Sträit zanter d’Stad Lëtzebuerg d’Heescherei an hirem Policereglement – ouni Ënnerscheed tëscht einfacher, aggressiver oder organiséierter Heescherei – op bestëmmte Plazen daagsiwwer verbueden huet.
Am Dezember 2023 huet e Spaass-Video a sozialen Netzwierker fir eng Rei rose Kommentare géint déi muslimesch Communautéit gesuergt.
Nodeems e Riichter domat ugefaangen huet, Geriichtsënnerlagen iwwer den Jeffrey Epstein net méi ënner Verschloss ze halen, ass am Internet eng Foto an Ëmlaf bruecht ginn, déi angeeblech de verurteelte Sexualverbriecher mam Popstar Taylor Swift weist.
A Bäiträg op de sozialen Netzwierker gouf rezent e Bild vun engem Auto, dee futuristesch wierkt, mat der fälschlecher Behaaptung gedeelt, et géif en neien Elektroauto weisen, dee vun engem japaneschen Autohiersteller op der Thailand Motor Expo 2023 virgestallt gouf.
Am Kader vum Krich tëscht der Hamas an Israel ginn ëmmer nees Opnamen aus dem Kontext gerappt. Sou ass am Internet beispillsweis e Video opgedaucht, vun deem fälschlecherweis behaapt gëtt, e géif Hamas-Unhänger weisen, déi israeelesch Meedercher a Frankräich ugräifen, déi sech nees wieren an hir Ugräifer zerklappen.
Am Joer 2021 huet d’Europäesch Kommissioun Recommandatioune fir hir Mataarbechter erausginn, déi d’Benotze vun enger integrativer Sprooch in der offizieller Kommunikatioun fërdere soll. Ugesiichts den negative Reaktiounen an de Medien an an de sozialen Netzwierker an diverse Sproochen, wou de Message falsch vermëttelt gouf, huet se dës awer séier zeréckgezunn. Zwee Joer méi spéit behaapten Internetnotzer op en Neits, dass “d’Europäesch Unioun d’Wuert ‘Chrëschtdag’ oder Virnimm wéi Maria als diskriminéierend ugesäit” a se souguer verbidde wëll.