Faktencheck: Huet Südafrika am Abrëll staark Schnéifäll erlieft? - Featured image

19 Apr: Faktencheck: Huet Südafrika am Abrëll staark Schnéifäll erlieft?

En ale Video, deen haaptsächlech op WhatsApp a Südafrika am Ëmlaf ass, weist eng Opnam vun enger Wiederkaart, déi extreem kaalt Wieder am a ronderëm d’Land virausseet. Den Erzieler vum Video behaapt, dass d’Kaart “staarke Schnéifall” an den nächsten zéng Deeg weist, dee viraussiichtlech eng Partie Regioune vu Südafrika treffe géif. Dës Behaaptung ass awer ierféierend.

Faktencheck: Äerdbiewe kënnen net virausgesot ginn - Featured image

06 Mar: Faktencheck: Äerdbiewe kënnen net virausgesot ginn

De 6. Februar 2023 goufen d’Tierkei a Syrien vun engem Äerdbiewe vun der Stäerkt 7,8 getraff. Den offiziellen Donnéeë vum 19. Februar no si bis zu deem Moment 45.000 Doudesaffer ze bekloen an dausende vu Gebaier goufen zerstéiert. A sozialen Netzwierker gëtt zënterhier doriwwer diskutéiert, wéi héich d’Warscheinlechkeet ass, en Äerdbiewe virauszesoen. Dës Fro steet am Raum, nodeems en hollännesche User op Twitter d’Äerdbiewen angeeblech e puer Deeg virdru prognostizéiert hat. Expertinnen an Experte si sech awer eens: Bis haut gëtt et keng wëssenschaftlech Method, fir Äerdbiewe virauszesoen.

Faktencheck: Ass déi aktuell Hausse vum CO2 eng "Bagatell" am Verglach zur Äerdgeschicht? - Featured image

03 Feb: Faktencheck: Ass déi aktuell Hausse vum CO2 eng “Bagatell” am Verglach zur Äerdgeschicht?

D’Hausse vum CO2-Niveau op der Äerd säit 1880 ass keng “Klengegkeet”, déi ze vernoléissege wär, wéi e Video, dee säit Januar 2023 e puer Dausend Mol an de sozialen Netzwierker verbreet gouf, behaapt. Ee vun de Riedner relativéiert d’Quasi-Verdueblung vum CO2-Taux tëschent dem Ufank vum Industriezäitalter an haut mat der Begrënnung, dass d’Äerd viru 440 Millioune Joren “1.100 Prozent vum haitegen CO2-Taux” gehat hätt. Awer dëse Verglach ass net stéchhalteg, wéi fënnef Experten der AFP erkläert hunn.

Faktencheck: Weltwirtschaftsforum wëll keng Hausdéieren am Kampf géint de Klimawandel ëmbrénge loossen - Featured image

04 Jan: Faktencheck: Weltwirtschaftsforum wëll keng Hausdéieren am Kampf géint de Klimawandel ëmbrénge loossen

De Weltwirtschaftsforum (WEF) ass ëmmer nees Zil vu Konspiratiounen a Falschinformatiounen. Mëtt Dezember 2022 huet sech am Internet eng Behaaptung verbreet, de WEF wéilt Hauskazen an Hënn schluechten, fir esou de Klimawandel ze bekämpfen. Dat sollen och e puer Medie matgedeelt hunn. Tatsächlech ass awer keng esou Fuerderung ze fannen, weder an de Publikatioune vum WEF, nach a Medieberichter. E Spriecher vum WEF huet d’Behaaptung géintiwwer der AFP och zeréckgewisen.