Faktencheck: Wéi erkennt ee KI-generéiert Biller? Mat vill gesondem Mënscheverstand! - Featured image

07 Apr: Faktencheck: Wéi erkennt ee KI-generéiert Biller? Mat vill gesondem Mënscheverstand!

Midjourney, DALL-E, Stable Diffusion, Craiyon… déi rasant Fortschrëtter vun der Kënschtlecher Intelligenz an de leschte Méint hunn zu engem neie Phenomen gefouert: Dem massiven Deele vu kënschtlech generéierte Biller a sozialen Netzwierker. E puer, ultrarealistesch a politesch aktuell, hunn zu Konfusioune geféiert a goufen heiansdo als authentesch duergestallt.