Internationale Gesondheetsagencen no schütze Covid-19-Vaccinen immens effikass géint schwéier an déidlech Krankheetsverleef. E Film, dee weltwäit méi wéi 10 Millioune Mol gekuckt gouf, behaapt, dass d’Impfungen Deel vun enger Konspiratioun sinn, déi d’Weltbevëlkerung reduzéiere soll.
Westafrikanesch Arméien, déi sech mat de russesche Mercenairë vun der paramilitärescher Wagner-Grupp alliéiert a géint e Feind gewonnen hunn: Dat ass an engem Animatiounsfilm ze gesinn, deen zanter Mëtt Januar am Internet am Ëmlaf ass a vehement de Réckzuch vun der franséischer Presenz an der Sahelzon fuerdert.
D’Hausse vum CO2-Niveau op der Äerd säit 1880 ass keng “Klengegkeet”, déi ze vernoléissege wär, wéi e Video, dee säit Januar 2023 e puer Dausend Mol an de sozialen Netzwierker verbreet gouf, behaapt. Ee vun de Riedner relativéiert d’Quasi-Verdueblung vum CO2-Taux tëschent dem Ufank vum Industriezäitalter an haut mat der Begrënnung, dass d’Äerd viru 440 Millioune Joren “1.100 Prozent vum haitegen CO2-Taux” gehat hätt. Awer dëse Verglach ass net stéchhalteg, wéi fënnef Experten der AFP erkläert hunn.
Säit Joren ass d’Behaaptung am Ëmlaf, dass nidderegfrequent Schallwelle vun Eolienne – sougenannten Infraschall – krank maachen.
E Video, deen e puer honnertdausend Mol online gekuckt gouf, behaapt, dass de Bill Gates suggeréiert, Vaccinen a Liewensmëttel ze mëschen.
Klimaaktivistinnen an -aktiviste vun der däitscher Organisatioun “Letzte Generation” peche sech reegelméisseg op Stroosse fest, fir mediewierksam géint d’Ëmweltpolitik vun der däitscher Regierung ze protestéieren.
24 Jan: Faktencheck: Gouf a Malaysia en Dokter higeriicht, well e Covid-Vaccin déidlech Suitten hat?
E Video, dee weltwäit op de sozialen Netzwierker zirkuléiert, weist déi amerikanesch Doktesch Betsy Eads, déi fälschlecherweis behaapt, Malaysia hätt en Dokter wéinst “Doutmaache vun engem Patient” mat engem Covid-19-Impfstoff higeriicht.
Eng gefälscht Infographik vun der BBC, déi an de sozialen Netzwierker verbreet gouf, soll d’Entwécklung vum Patrimoine vum President Wolodymyr Selenskyj a vun anere prominenten ukrainesche Politiker tëscht Februar an Dezember 2022 weisen.
Copyright RTL / CLT-UFA S.A. Author(s): RTL Lëtzebuerg An Italien klammen d’Stroumpräisser an et gi Protester organiséiert. An de…
Copyright RTL / CLT-UFA S.A. Author(s): RTL Lëtzebuerg A Frankräich huet e Grupp vun “Onofhängegen” dramatesch héich Zuelen iwwer…