A Bäiträg op de sozialen Netzwierker gouf rezent e Bild vun engem Auto, dee futuristesch wierkt, mat der fälschlecher Behaaptung gedeelt, et géif en neien Elektroauto weisen, dee vun engem japaneschen Autohiersteller op der Thailand Motor Expo 2023 virgestallt gouf.
Am Kader vum Krich tëscht der Hamas an Israel ginn ëmmer nees Opnamen aus dem Kontext gerappt. Sou ass am Internet beispillsweis e Video opgedaucht, vun deem fälschlecherweis behaapt gëtt, e géif Hamas-Unhänger weisen, déi israeelesch Meedercher a Frankräich ugräifen, déi sech nees wieren an hir Ugräifer zerklappen.
Am Joer 2021 huet d’Europäesch Kommissioun Recommandatioune fir hir Mataarbechter erausginn, déi d’Benotze vun enger integrativer Sprooch in der offizieller Kommunikatioun fërdere soll. Ugesiichts den negative Reaktiounen an de Medien an an de sozialen Netzwierker an diverse Sproochen, wou de Message falsch vermëttelt gouf, huet se dës awer séier zeréckgezunn. Zwee Joer méi spéit behaapten Internetnotzer op en Neits, dass “d’Europäesch Unioun d’Wuert ‘Chrëschtdag’ oder Virnimm wéi Maria als diskriminéierend ugesäit” a se souguer verbidde wëll.
Wéi d’COP28, déi alljärlech UN-Klimakonferenz, am Dezember 2023 zu Dubai op en Enn goung, sot de Politolog François Gemenne, Member vun der intergouvernementaler Expertegrupp fir Klimachangementer (IPCC), Mëtt Dezember an enger Emissioun vun der franséischer Chaîne LCI, dass “d’Kaz eng Katastroph fir d’Biodiversitéit” an den Hond eng “Katastroph fir d’Klima” wär. Äusserungen, déi bei villen Internetnotzer, awer och bei der SPA an e puer politesche Perséinlechkeeten hefteg Reaktiounen ausgeléist hunn.
Kierzlech gouf a China e Roboter presentéiert, dee mat Hëllef vu Kënschtlecher Intelligenz Pëtrolsproduiten an d’Gefierer vun Autofuerer pompelt. Zënterhier sinn am Internet Videoen am Ëmlaf, wéi déi automatiséiert Tankstell funktionéiert, awer e puer goufen an engem falsche Kontext gedeelt, a mat der Behaaptung, d’Filmmaterial wär a Südafrika gedréint ginn.
Op de Chrëschtmäert zu Berlin kann a gëtt Chrëschtdagsmusek gespillt. Dat steet am Géigesaz zu den ierféierende Behaaptungen, déi sech am Internet op Ungaresch verbreeden an déi eng Partie User fälschlecherweis mat net-chrëschtlechen Awanderer a Verbindung bréngen.
Nodeem nei Liwweradressen op de Konte vun enger Rei Amazon-Notzer an de Vereenegte Staaten opgedaucht waren, gouf a Bäiträg op sozialen Netzwierker d’Rumeur lancéiert, d’Notzer wäre gehackt ginn. Dat ass awer falsch.
D’Walt Disney Company an eng Rei aner Entreprisen hunn Annoncen op X zeréckgezunn, nodeem si dem Elon Musk, de CEO vun der Plattform, virgeworf haten, am November 2023 en antisemittesche Bäitrag ënnerstëtzt ze hunn. D’Behaaptungen doriwwer, dass dëse Réckzuch e Boykott ausgeléist hätt an Disney Millioune vun Abonnente kascht hätt, si falsch.
Ugangs der Woch si Reklammen op YouTube gelaf, an deenen et esou ausgesinn huet, wéi wann de Premier an den Ausseminister dozou opruffen, a skurril Projeten ze investéieren.
Rendéiere bleiwe vu Wandkraaftanlagen ewech. Fir Gebuertsfeeler oder Deformatioune bei Källefcher, déi an engem Lieserbréif genannt ginn, deen online vill gedeelt gëtt, gëtt et awer keng wëssenschaftlech Basis. Eng Rei Expertinnen an Experte hunn der AFP confirméiert, dass hinnen esou en Effekt net bekannt wär.